Crémig Pesto-Pasta

An mengem Artikel van Hogt deelen ech eent Rezept mat dir van enger Crémiger Pesto-Pasta. Dëst Rezept ass eng Kombinatioun aus Pesto Genovese, crémigem Schmand an séissen Tomaten, vermëscht mat al dente gekooschter Pasta an Parmesan.

Pesto, eng Zooss aus frëschem Basilikum, Pinienkären, Knuawléck, Parmesan, Olivenualeg, Salz an Peffer, stammt aus der Regioun Ligurien an Nordwestitalien. D’Traditoun vam Pesto-Handwiärik reecht bis an datt 16. Joerhonnert zeréck, wie Zoubereedung am Mörser van Generatioun zu Generatioun viraan verjiäreft jänn ass. Higt ass den Pesto weltwégt een beléiften Bestandeel van der italienischer Këchen an jëtt an verschiddene Varianten genoss.

fir dësen Menü ze kooschen brausch ech:

  • eent Dëppen
  • eng Pann
  • een Holzeläffel

Zoubereedung

Ech fänken domatt aan, een Pesto Genovese ze maan. Rezept dofir fënns du hei: Pesto Genovese.

Tomaten iwerbréihen ech, schälen se an schnégden se an graff Würfelen.

Als nächst setzen ech eent Dëppen mat vill an goud gesalzenem Waasser op an lossen datt opkooschen.

Zur gleicher Zéckt erhëtzen ech eng Pann op mëttel Hëtzt an wiärmen do dran den Pesto. En kann liit brooden, pass dann äwer op en verbrennt siier.

Subal d’Waasser kooscht leen ech Pasta ant Waasser an kooschen se no Packaaweisung “al dent”.

Ënnert deen waarmen Pesto mëschen ech den Schmand, driien Hëtzt bëssen rop an loossen alles opkooschen. Datt Ganzt loossen ech bëssen op mëttel Hëtzt kooschen su datt den Schmand reduzéiert an liit andëckst.

No der Halschent van der Kooschzéckt van den Nuddelen hualen ech eng Tass Nuddelwaasser raus an stellen déi op Ségt. Sollt Zooss ze deck jänn kann ech se domatt bëssen längen.

Dann mëschen ech Tomaten ënner Zooss an vermëschen alles goud. Sollt Zooss ze deckflëssig sen, bëssen Nuddelwaasser dobäi schëdden, well Tomaten äwer Waasser zéien han ech keen Nuddelwaasser gebrauscht. Schmaaschen an würzen mat Salz an Peffer.

Nuddelen schëdden ech aaf an mëschen déi, mat engem Deel vam frësch gerriwene Parmesan ënnert Zooss. Pann goud schwenken oder goud dran réiren su datt Zooss richtig crémig jëtt.

Pasta op Telleren verdeelen, bëssen Parmesan driwer streien an direkt zervéiren.

Zutaten

  • Pasta (Spaghetti, Penne, Tagliatelle, …)
  • Pesto Genovese
  • Schmand
  • Tomaten
  • geriwene Parmesan
  • Salz & Peffer

Tipps

  1. Hual frësch an hiiwärtig Zutaten, fir deen besten Geschmaasch ze garantéiren.
  2. Behaal während dem kooschen Pasta am Au, datt se net iwergaart.
  3. Experimentéier mat verschidden Nuddelzorten, ech han hei Spaghetti gehollt, du kanns äwer all anner Zort hualen déi dir schmëscht.

Varianten

Du kanns dës Pasta mat all deene verschidden Zorten Pesto kooschen.

Am Platz van frëschen Tomaten kanns du o gedrëchenter hualen.

Crémig Pesto-Pasta

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • 400 g Pasta

  • 150 g Pesto Genovese

  • 200 ml Schmand

  • 3-4 Tomaten, geschiält an gewürfelt

  • 200 g frësch geriwene Parmesan

  • Salz & Peffer

Zoubereedung

  • Eent Dëppen mat goud gesalzenem Waasser opsetzen an opkooschen lossen.
  • Zur gleicher Zéckt eng Pann op Plaque setzen an op mëttel Hëtzt erwiärmen. Den Pesto do dran erhëtzen, en kann liit brooden, pass dann äwer op en verbrennt siier.
  • Subal Waasser kooscht, Pasta no Packaaweisung al dent kooschen.
  • Den Schmand bei den Pesto schëdden, Hëtzt bëssen rop driien, opkooschen loossen. Op mëttel Hëtzt bëssen reduzéiren loossen.
  • Eng Tass Nuddelwaasser aus dem Dëppen hualen an op Ségt stellen.
  • Tomaten ënner Zooss mëschen. Schmaaschen an würzen.
  • Sollt Zooss ze deckflëssig sen, bëssen Nuddelwaasser dobäi schëdden. Well Tomaten bëssen Waasser zéien han ech et net gebrauscht.
  • Nudelen aafschëdden an mam Parmesan ënnert Zooss mëschen, Pann goud schwenken oder kräftig réiren, su datt eng crémig Zoss entsteht.
  • Op Telleren verdeelen, na bëssen Parmesan driwer streien an direkt zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*