Crèmigen „Marry me Chicken“

Dësen klangvollen Naam klengt wie eent verspräschen: Dëst Ässen soll so köstlich sen, datt een d’Verspräschen fir sech ze bestaaden net ausgeschloss kann jiän! Die crémig Zooss aus Tomaten, frëschem Basilikum an Parmesan knusperig gebroodenem Poulet suarigt fir eent Geschmaaschserliäfnis.

Et ass eent Rezept datt vermutlich aus den USA stammt, an et es durich Foodblogs an Social Media populär jiän. An ech sen bëssen op deen Hipe opgesprongen han mir verschidden Rezepter aangekuckt an su meng Versioun van dësem Ässen gekooscht. Et ass eent Ässen, datt van italienischen Aromen inspiréiert ass, mat den Zutaten Tomaten, Parmesan an Baslikum erënnert et aan mediterran Klassiker.

Egal ob’s du dëst Ässen fir een romantischen Dinner oder als Familjenässen zoubereets, et begeestert mat winigen Zutaten an enger einfascher Zouberreedung.

Zutaten an Zoubereedung

D’Hauptzutat ass Pouletfilet am besten mat Hogt, oder Pollofino, ausgebeenten Pouletstremplen déi mi een gruussen Fettaandeel han an su mi saaftig bleiwen wie de Pouletfilet. Déi würzen ech mat Salz an Päffer an loossen se ongeféier 30 Min. bei Raumtemperatur durichzéien.

Iwerdeems den Poulet durich zéiht mëschen ech an enger Schossel d’Zutaten fir d‘Zooss, dofir hualen ech Knuawelek, deen ass een rischtigen Booster fir den Goût, en brengt Würzigkeet ouni dominant ze sen.

Bei de Knuawelek leen ech eng ganz Bott frëschen Basilikum, deen ech firtischt gewäsch an drëchen gerëselt han. De Baslikum brengt een frëschen Krégderaroma an een Hauch Italien op den Teller.

Do drop schëdden ech dann den Pelati. D’Original Rezept jiët mat gedrëchenten Tomaten gemaat. Mir ass den Goût van gedrëchenten Tomaten ze intensiv no Tomat an mir fehlt d’Fruuchtigkeet, déi mäin hausgemaaten Pelati mat brengt.

Do drënner mëschen ech dann Päffer, Salz, bëssen séisst Paprikapolwer, bëssen Chiliflocken. D‘Zooss püréiren ech mam Püréierstaaf. Datt setzen ech dann na op Ségt bis ech et brausch.

Fir de Poulet ze brooden hualen ech Botterschmalz, en brengt eng angenehm Crèmigkeet an d’Zooss an verstiärikt d’Röstaromen vam Poulet. De Botterachmalz suarigt dofir, datt d’Ässen mi ronn schmëscht.

An enger waarmer Pann loossen ech den Botterchmalz schmëlzen, leen den Poulet mat der Hogt no ënnen an datt waaremt Fett an brooden en su lang op där Ségt aan bis d’Hogt knusperig ass. Ech leen eent Steck Baaschpapeier op de Poulet an beschwéiren d’Fleesch dann mat enger Casserole oder engem anneren mi schwéiren Geegenstand fir datt d’Fleesch fest an d’Pann gedreck jiët. Subal d’Hogt knuperig an brong ass driien ech de Poulet an brooden en dann paar Min. op der annerer Ségt. De Schiäffchen wiärmen ech mir op ongeféier 90°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir an setzen deen gebroodene Poulet, mat der Hogt no uawen an de Schiäffchen fir en waarem ze haalen an datt en ganz durich zéien kann.

An die selwischt Pann schëdden ech dann meng Zooss an loossen se opkooschen an bis op d‘Halschent reduzéiren.

TIPP: Solls du gedrëchent Tomaten hualen, d’Zooss dann mat bëssen Hohunerbréit längen, well meng Tomaten genou Flëssikeet han brausch ech datt net.

Zooss schmaaschen ech an würzen evtl, na bëssen no.

Subal d’Zooss bis op d’Halschent reduzéiert ass, schëdden ech den Schmand drop, deen bënnt d’Aromen an suarigt fir eng deckflëssig Zooss.

Do drënner mëschen ech dann na de Parmesan an loossen deen an der Zooss schmëlzen, su lossen ech meng Zooss bis op die gewënschten Konsistenz an Crèmigkeet reduzéiren. Am besten natiirlich frësch geriwene Parmesan, deen fiärdig geriwene enthält dachs Zousätz, déi d’Crèmigkeet van der Zooss beanflossen kanne.

De Poulet kanns du dann an d’Zooss leen. Ech han Zooss om Teller verdeelt, de Poulet an Sträifen geschnidden an op d’Zooss geleit. Bei mir sen et Fritten dobäi jiän, goud passt äwer o Reis, Tagliatelle oder Spaghetti.

Tipps aus menger Këchen

  • Wanns du Pouletfilet hëlls, pass do drop op en net ze lang ze brooden, fir datt en saaftig bleift. Deen jiff ech zum Schluss o an der Zooss wiärmen an durich zéien loossen, an en net an de Schiäffchen stellen.
  • Sollt d’Zooss dir ze deckflëssig jiän, mat bëssen Bréit längen.
  • Subal den Schmand an de Parmesan an der Zooss ass, d’Zooss net mi kooschen loossen, op niddriger Hëtzt bis op die gewënschten Konsistenz Reduzéiren loossen.

Crèmigen „Marry me Chicken“

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Marinéierzékt

30

Minuten

Zutaten

  • 4 Pollofino oder Pouletfilet, am besten mat Hogt

  • Päffer an Salz

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • Fir Zooss
  • 2 Ziiwen Knuawelek, geschiällt

  • 1 Bott Basilikum

  • 400 ml Pelati, oder 100 g gedrëchent Tomaten

  • Bei gedrëchenten Tomaten 250 ml Houhnerbréit

  • Päffer an Salz

  • 1 TL séisst Paprikapolwer

  • 0,5 TL Chiliflocken

  • Finsih van der Zooss
  • 250 ml Schmand

  • 100 g Parmesan, frësch geriwen

Zoubereedung

  • D’Fleesch würzen ech mat Salz an Päffer an loossen et ongeféier 30 Min. durich zéien.
  • Iwwerdeems leen ech d’Zutaten fir Zooss an eng Schossel, ausser den Schmand an de Parmesan. Datt püréiren ech an stellen et op Ségt bis ech brausch.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech de Botterschmalz an leen den Poulet mat der Hokt no ënnen an datt waarem Fett, su brooden ech den Poulet, bis d’Hokt knusperig ass. Fir eng géächmässig brong an knusperig Hokt leen ech bëssen Baaschpapeier op d’Fleesch an beschwéiren et mat enger Casserole oder engem anneren schwéiren Geegenstand su datt de Poulet fest an Pann gedréckt jiët.
  • De Schiäffchen wiärmen ech op 90°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
  • Subal d’Hogt vam Poulet knuperig ass driien ech en ëm an brooden en nëmmen na kuurz van der annerer Ségt, deen leen ech dann mat der Hogt no uawen op een Teller an setzen en an de Schiäffchen fir datt en ganz durich zéien kann an net kaal jiët.
  • An die waarem Pann schëdden ech meng püréiert Zooss, an loossen se opkooschen. Schmaaschen an würzen evtl. na mat Salz an Päffer no. D’Zooss loossen ech dann bis op d’Halschent reduzéiren.
  • Als nächst schëdden ech de Schmand drop, d’Zooss loossen ech dann net mi kooschen, an ech streien de Parmesan dran, deen loossen ech schmëlzen an d’Zooss bis op die gewënschten Konsistenz reduzéiren.
  • Du kanns den Poulet an d’Zooss leen, ech han d’Zooss op Telleren verdeelt, de Poulet an Sträifen geschnidden an op d’Zooss geleit.
  • Bei mir sen et Fritten dobäi jiän, goud passt äwwr o Reis, Tagliatelle oder Spaghetti.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*