Djuvecreis

Hogt an mengem Artikel sen ech an der Balkankëchen ënnerweech an ech bereeden köstlichen Djucereis zou – eng Beilaag, déi mat sengem gouden Aroma an frëschen Zutaten begeestert.

Watt ass Djuvecreis?

Djuvec bedeit iwersatt “Brootpann” watt op Zoubereedungsart hinweist. Den Djuvecreis ass eent traditionellt Ässen aus dem Balkan. Ursprünglich ass den Djuvec van den Roma gekooscht jänn an hat sech su am Loof van der Zéckt an deene verschiddene Länner verbreet, dodrënner o Türkei. Et ass eent Ässen datt van Generatioun zu Generatioun viraan verjäreft an verfeinert jëtt, an zällt zum Nationalässen an der Balkankëchen.

Den Djuvecreis ass eent kulinarischt Symbol fir d’Villfalt an die räich Geschicht van der Balkankëchen. En verbënnt d’Mënchen iwert Grenzen hinaus, an ass den Beweiss wie d’Ässen, d’Kulturen an d’Traditiounen mateneen verbannen kann.

Zutaten fir den Djuvecreis

Et jëtt keent eenheetlicht Rezept fir Djuvecreis an d’Zutaten variéiren je no Regioun an Geschmaasch. Die Gemeinsam Grondzutaten sen Reis, Ënnen, Paprika, Tomaten, Iärbessen an Bréit. Gewürzt jëtt mat Paprikapolwer, Ajvar, Knuawléck, Kurkuma Salz an Peffer. Dachs jëtt den Djuvec well direkt mat gekooschtem Reis zoubereet et ass also eng goud Restverwiärtung, an en lisst sech goud am Frigo opbewahren an deen nächsten Daag rëm wiärmen.

Dësen Reis eegent sech wonnerbar bei grillten Fleesch oder Fësch an kann durich Zugab van Feta oder Gehacktes zu engem Hauptplat jänn.

Fir datt den Reis gelengt brausch ech na eent schareft Messer, eent Schnégdbrett an eng gruuss Pann,

Zoubereedung

Den Reis wäschen ech grëndlich ënner kaalem fléissenden Waasser, bis d’Waasser kloer ass.

INFO: Van Reis ass am besten een Langkärenreis, datt kann Basmati, Jasmin oder wie bei mir een gemëschten Reis sen.

D’Ënnen an den Knuawkléck schiälen ech an hacken alles fein.

Zwiebeln

De Paprika an Tomaten wäschen ech, den Paprika entkären ech an würfelen en kleng. Tomaten halbéiren ech, dann schnégden ech den Stronk raus an würfelen se kleng.

INFO: Am Platz van frëschen Tomaten kanns du o eng Béchs hualen.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botter oder Olivenualeg an brooden do dran d’Ënnen glasig aan.

Dann mëschen ech den Knuawkléck drënner an subal deen aafänkt mat rauschen mëschen ech den Paprika drënner. Datt loossen ech paar Minuten op niddriger Hëtzt dënsten. Hei mëschen ech dann sämtlich Gewürzer mat drënner, Paprikaplower, Kurkuma, Ajvar, Salz an Peffer an dënsten déi mat.

INFO: Eng Alternativ zum Ajvar kann Harissa, Sambal Olek, oder Sriracha Zooss sen, ech jiff äwer, wanns du keen Ajvar has Tomatenpürée drënner mëschen an bëssen mi mat deen annerern Gewürzer spillen.

INFO: Ajvar ass eng Paprikapast déi et an verschidden Schiäreften jëtt, ech han hei “mëll” gehollt.

Als nächst mëschen Tomaten an den Reis drënner, dann schëdden ech Bréit drop an lossen datt ganzt kuurz opkooschen, Driien Hëtzt dann raaf an mat Deckel lossen ech den Reis ongeféier 20 Min. kooschen, bis den Reis die meest Flëssigkeet opgehollt hat an mëll ass.

Ongeféier 5 Min. firaan Schluss mëschen ech d’Iärbessen drënner, ech hualen fir meng Rezepter ëmmer gefruaren Iärbessen. Schmaaschen an evtl. na noowürzen.

Fir et su richtig traditionell ze haalen han ech Ćevapčići dobäi gemaat. An mat Péitersilich garnéiert zervéiert.

Varianten

An Serbien jëtt den Djuvec dachs mat gereechtem Fleesch zoubereet, wie z.B. Speck oder Wuuscht.

An Bosnien an Herzegowina jänn heinsdo Kooschelen oder Auberginen ënnert den Djuvec gemëscht.

An a Kroatien kanns du den Djuvec mat Miäresfriischten an Fësch genéissen.

Et ass een villségtigen Reis, deens du ganz dengem Geschmaasch aanpassen kanns, z.B. fënns du am Internet ganz vill Rezepter déi Muurten mat drënner mëschen.

Djuvecreis

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 250 g Reis (Basmati, Jasmin, Langkärenreis), grëndlich gewäsch

  • 1 Ënn, fein gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • 2 Paprika, egal watt fir eng Faaref, entkärt an kleng gewürfelt

  • 3-4 Tomaten, gewürfelt

  • 1 TL Paprikapolwer

  • 1 TL Kurkuma

  • 2-3 EL Ajvar

  • 500 ml Bréit

  • 50 g Iärbessen TK

  • Salz & Peffer

  • bëssen Botter oder Olivenualeg fir ze brooden

  • gehackten Péitersilich fir ze garnéiren

Zoubereedung

  • An enger waarmer Pann den Botter oder Olivenualeg erhëtzen. D’Ënnen do dran glasig aanbrooden.
  • De Knuawléck drënner mëschen, an subal deen aafänkt mat rauschen den gewürfelten Paprika drënner mëschen.
  • Sämtlich Gewürzer mat drënner réiren an datt Ganz paar Min. dënsten.
  • Den Reis an Tomaten drënner mëschen.
  • Bréit drop schëdden an kuurz opkooschen loossen.
  • Hëtzt raaf driien an op niddriger Hëtzt mat Deckel ongeféier 20 Min. kooschen loossen, bis den Reis mëll ass an die meest Flëssigkeet ophollt hat.
  • 5 Min. vriaan Schluss Iärbessen drënner mëschen, schmaaschen an evtl. na nowürzen.
  • Mat Péitersilich garnéiert zervéiren.

Notiz

  • Eng Alternativ zum Ajvar kann Harissa, Sambal Olek, oder Sriracha Zooss sen, ech jiff äwer, wanns du keen Ajvar has Tomatenpürée drënner mëschen an bëssen mi mat deen annerern Gewürzer spillen. Ausser du has et jären goud scharef.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*