Faarwig Gromperzaloot

Wëlkomm an menger Welt vam kulinarischen Genoss! Hogt hualen ech dech mat an die faarwig Welt vam Gromperzaloot. Äwer net irgendeen Gromperzaloot, dës zaloot déi ech dir Hokt beschreiwen kënnt mat engem modernen Twist, mat faarwigem Broccoli, zarten Chouxfleurs an séiss Muurten.

Gromperzaloot hat eng lang Geschicht an et jëtt vill regional Varianten. Besonnig bei eis duaref eng goud Gromperzaloot beim Grillen net feelen. Die eng han en léiwer mat enger Bréit, annerer mat enger würziger Vinägrette an rëm annerer stinn op d’cremigkeet van der Mayonnaise. Mengt Rezept van Hokt ass eng frësch Variant, déi perfekt an den Summer passt an sie ass liit zouzebreeden.

Zutaten fir meng faarwig Gromperzaloot

D’Hauptroll spillen natiirlech d’Gromperen, am besten festkooschender, fir die nigdig Faaref suarigen Muurten an Broccoli. De Chouxfleurs brengt een mëllen zarten Goût vam Kappes mat, fir deen würzigen Goût suarigen sauer Cornichons, Schalotten an Knuawléck. Den Dressing besteht aus Joghurt, Mayonnaise, Mostert, Wäissewéngessig, Salz an Peffer. Natiirlech duarefen an enger Gromperzaloot Krégder net feelen, hei maan ech Dill an Péitersilich mat dran.

Ausserdeem brausch ech eent gruust Dëppen, eng Pann, eent Schnégdbrett, eent schareft Messer, eng Sei, eng kleng an eng gruuss Schossel an d’Mandoline

Zoubereedung

D’Gromperen kooschen ech mat der Schaal, datt heescht, ech setzen se an engem gruusen Dëppen mat kaalem Salzwaasser op an kooschen se an 25 Min. bis 30 Min. mëll. Ech Kontrolléiren mat enger Forschette, wann déi sech ouni gruussen Widderstand anpicken lisst sen se durich mëll. Ech schialen Gromperen direkt. TIPP: Ënner fléissendem kaalen Waasser krëss du Schaal ganz einfasch mat den Fanger aafgestreift. Gromperen schnégden ech an Scheiwen van ongeféier 1 cm an leen se an eng Schossel an loossen se aafkéilen.

D’Muurten schiälen ech, an schnégden se op der Mandolin an dënn Scheiwen, an enger waarmer Pann mat bëssen Olivenualeg dënsten ech se op niddriger Hëtzt bis se mëll sen. Ech salzen se liit. Noom dënsten aafkéilen loossen.

De Chouxfleurs an de Broccoli zerdeelen ech an kleng Ruussen, wäschen alles grëndlich an blanchéiren d’Geméiss fir 5 Min. am kooschenden Salzwaasser. Noom afschëdden schrecken ech d’Geméiss am Äiswaasser aaf, fir datt de Kooschprozess direkt ënnerbroosch as an fir datt den Broccoli seng sching gréin Faaref behällt.

Die sauer Cornichons schnégden ech an dënn Scheiwen.

Iwerdeems schiälen ech d’Schalotten an hacken se fein, genausu jëtt den Knuawléck geschiält an fein gehackt. Déi mëschen ech an enger klenger Schossel mam Joghurt, der Mayonnaise, dem Mostert, Salz, Peffer an Wäissenwéngessig. De Péitersilich an den Dill hacken ech fein an mëschen Krégder o ënnert den Dressing.

Subal d’Geméiss aafgekéilt ass kënnt alles zesaammen. An enger gruusser Schossel vermëschen ech viirsichtig sämtlicht Geméiss mam Dressing an setzen Gromperzaloot ongeféier 30 Min. an den Frigo. Dono schmaaschen ech Zaloot an würzen evtl. na mat Salz, Peffer an Wäissenwéngessig no.

Meestens schmëscht su eng Gromperzaloot den Daag drop na vill besser, dann han sech d’Aromen su richtig verdeelt.

Varianten

All Regioun an all Land hat seng eegen Varianten vam Gromperzaloot. An Frankreich jëtt Gromperzaloot dachs mat enger einfascher würziger Vinägrett gemaat. Däitschland ass 2 gedeelt, déi eng maan en léiwer mat enger Bréit die anner mat Mayonnaise. Deen neisten Hype am Internet ass gebaaschen Gromperzaloot, watt iwerigens een richtig gouden Goût an den Zaloot brengt. Raspel bëssen frëschen Meerrettich driwer an mat engem Dressing aus Joghurt, Wäissenwéngessig krëss du eng herzhaft Gromperzaloot no griechisch Art.

Deen genauen Ursprong vam Gromperzaloot ass net ze bestëmmen, well dëst Ässen an verschidden Formen an villen Kulturen weltwégt virkënnt. D’Gromper selwer kënnt aus Südamerika an ass am 16ten Joerhonnert van den Spanier mat an Europa breit jänn. Den Gromperzaloot, su wie mir en Hokt kennen hat sech wahrscheinlich am 18ten an 19ten Joerhonnert entwéckelt, zu där Zéckt ass an villen europäischen Länner d’Gromper zu engem Grondnahrungsmëttel jänn.

Bei eis ass Gromperzaloot bei all Grillfest beléift, äwer o einfasch su als kéilen Menü aan engem waarmen Summerdaag jëtt en jären gäss. Durich die verschidden Aflëss an lokal Traditiounen han sech die vill Rezepter entwéckelt. Et ass een Menü, deen durich d’Kombinatioun van einfaschen Zutaten an lokalen Goût’er entstannen ass an iwert Generatiounen han sech die verschidden Rezepter wégderentwéckelt an sen verfeinert jänn.

Faarwig Gromperzaloot

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 1 kg festkooschend Gromperen

  • 2-3 mëttelgruuss Muurten, geschiält an dënn scheiwen geschnidden

  • 1 EL Olivenualeg

  • 200 g Chouxfleur, an kleng Ruusen zerdeelt

  • 200 g Broccoli, an kleng Ruusen zerdeelt

  • 6 sauer angeleiten Cornichons, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 3 Schalotten, fein gehackt

  • 1 Ziif Knuawléck, fein gehackt

  • 200 g griechischen Joghurt

  • 100 g Mayonnaise

  • 1 EL Dijon-Mostert

  • 4-5 EL Wäissenwéngessig, oder den Essig van den Cornichons

  • 1 EL Dill, gehackt

  • 1 EL Péitersilich, gehackt

  • 1,5 Tl Salz

  • 1 TL Peffer

Zoubereedung

  • D’Gromperen kooschen ech mat der Schaal am kaalen Salzwaasser, wann déi mëll sen schëdden ech se aaf, schiälen se an schnégden se an Scheiwen van ongeféier 1 cm Déckt, aafkéilen loossen
  • An enger waarerm Pann dënsten ech d’Muurten op niddriger Hëtzt bis se mëll sen, ech salzen se liit. Aafkéilen loossen.
  • De Broccoli an den Chouxfleurs blanchéiren ech 5 Min. am kooschenden Salzwaasser, noom aafschëdden am Äsiwaasser aafschrecken.
  • An enger Schossel mëschen ech den Joghurt, d’Mayonnaise den Moster, Salz, Peffer, Wäissenwéngessig, d’Schalotten de Knuawkléck an die gehackten Krégder.
  • Noodems alles aafgekéilt ass, mëschen ech an enger gruusser Schossel d’Gromperen, d’Muurten, den Broccoli, de Chouxfleur an Cornichons mam Dressing. Zaloot setzen ech ongeféier 30 Min. an de Frigo. Dann schmaaschen ech an würzen evtl. na mat Salz, Peffer an Wäissenwéngessig no.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*