gebaaschen Gromper Spargel Zaloot

Meng gebaaschen Gromperen Spargel Zaloot ass eent perfekt Owesässen. Gesond an richtig lecker! An dësem Artikel weisen ech dir wie ech dës Zaloot zoubereeden.

Zutaten fir meng gebaaschen Gromper Spargel Zaloot

Gromperen, gréine Spargel, Radiesercher, Geméisscornichon, Schalotten an hartgekooschten Eier. Dës Kombinatioun schmëscht frësch an no Fréijoer. Ech han festkooschend Gromperen gehollt, déi behaalen bëssen mi “Biss” an zerfällen an der Zaloot net su siier.

Fehlt just na den Dressing, do han ech mech entscheed eng klassisch Vinägrette mat Knuawléck an Dill ze maan.

Zoubereedung

Mengenangaben vam Rezept fënns du ënnen op der Ségt an menger Rezeptkaart, déis du dir o ausdrëcken kanns.

De Schiäffchen op 200°C Ëmloft virwiärmen.

D’Gromperen han ech geschiält an, an Scheiwen van ongeféier 1,5 cm geschnidden, datt hat net ëmmer su genau geklappt wie’s du op der Foto geségs 😉 . Déi han ech dann mat 2 EL Olivenualeg, genou Salz an Peffer vermëscht, op eent mat Baaschpapaier ausgeleiten Blech geleit, su datt se net openeen leien. Dann setzen ech Gromperen an den Schiäffchen an baaschen se ongeféier fir 25 Min. bis 30 Min.

Vam Spargel schiälen ech deen ënnischten Drëttel an schnégden die holzig Ënner aaf. Den Spargel leen ech no der Halschent van der Baaschzéckt van den Gromperen zwëschent Gromperen an baaschen deen fir deen Rest van der Zéckt mat.

Cornichon wäschen ech grëndlich an schnégden se op der Mandoline an dënn Scheiwen, déi leen ech an eng Sei an salzen se. D’Cornichon ongeféier 30 Min. durichzéeien loossen. Su kann Waasser auszéihen, an well ech se net geschiällt han evtl. Batterstoffer. Befir ech se ënnert Zaloot mëschen wäschen ech se grëndlich ënner fliessendem kaalen Waasser aaf an loossen se goud aafdrëpsen.

Radiesercher wäschen ech grëndlich an déi schnégden ech o op der Mandoline an dënn Scheiwen.

Schalotten schiälen ech an ech schnégden se an dënn Ronselen. De Knuawléck jëtt geschiällt an fein gehackt. An d’Eier kooschen ech hart, déi hacken ech graff.

Aus 1 Deel Essig an 3 Deeler Ualeg, Mostert, Peffer an Salz bereeden ech eng klassisch Vinägrette zou, do mëschen ech deen gehackten Knuawléck an den Dill drënner.

Gromperen an den Spargel hualen ech aus dem Schiäffchen an loossen alles aafkéilen. Den Spargel schnégden ech an Stécker van ongeféier 5 cm.

Ënnert den Dressing mëschen ech Radiesercher, Schalotten, Cornichon, die aafgekéilten Gromperen, den Spargel an die hart gekooschten Eier.

Variant

Am Platz alles am Schiäffchen ze baaschen kanns du o alles kooschen an Zaloot su zoubereeden.

Bei den Vinägretten oder Dressingen kannst du dech austoben, z.B. een Joghurt-Mayonnaise-Mostert Dressing schmëcht ganz goud op dëser Zaloot.

gebaaschen Gromper Spargel Zaloot

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 500 g Gromperen, geschiält an Scheiwen van 1,5cm geschnidden

  • 2 EL Olivenualeg

  • Salz

  • Peffer

  • 250 g gréine Spargek, geschiält an die holzig Ënner aafgeschnidden

  • 0,5 Geméisscornichon, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 5-6 Radiesercher, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 2 Eier, hartgekooscht an graff gehackt

  • 2 Schalotten, a dënn Ronselen geschnidden

  • 250 ml klassisch Vinägrette

  • 1 EL Dill, gehackt

  • 2 EL Péitersilich, gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, gehackt

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 200°C Ëmloft virwiärmen.
  • Gromperen an enger Schossel mam Olivenualeg, Salz an Peffer vermëschen, op eent mat Baaschpapeier ausgeleiten Blech leen an am waarmen Schiäffchen ongeféier 30 Min. baaschen.
  • Spargel no der Halschent van der Baaschzéckt van den Gromperen zwëschen den Gromperen verdeelen an fir deen Rest van der Zéckt mat baaschen.
  • Gromperen an Spargelen aafkéilen loossen. Spargelen an Stécker von ongeféier 5 cm schnégden.
  • Vinägrette mat dem Knuawléck, Dill an Péitersilich mëschen.
  • Ënnert Vinägrette mëschen ech d’Cornichon, d’Radiesercher, d’Schalotten, d’Eier, d’Gromperen an den Spargel. Vermëschen alles goud an loossen den Zaloot bis en gebrauscht jëtt am Frigo durich zéihen.
  • Mat frëscher Baguette zervéiren oder als Beilaag bei engem Menü.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*