Polpette al forno

Polpette al forno, lisst all Herz, datt kleng Bouletten jären hat, mi hii schloen. Polpette al forno sen kleng Bouletten am Schiäffchen gebaasch. Dachs ass een einfasch ze bequem se an der Pann zouzebreeden, dann kommen dës kleng Bouletten wie gerouff, zesaammen mat Gromperen, Schalotten an Knuawléck hat een su een ganzen Menü op engem Blech.

Saaftig Bouletten am Schiäffchen baaschen

Kleng Bouletten schmaaschen kaal oder waarem, z.B. als Snack mat engem Dip, om Partybuffet bei Nuddelen oder Reis oder wie bei mir alles op engem Blech mat Gromperen. Zutaten dofir sen:

  • Gromperen, ech han hei festkooschender gehollt
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Olivenualeg, ech mëschen o bëssen Olivenualeg mat ënnert Gehacktes
  • Gehacktes, du kanns van Gehacktes hualen watts du wëlls, ech haat Randsgehacktes. Am besten ass ëmmer ongewüztent
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Panéiermiähl oder eent Brigdchen vam Daag virdraan
  • Ei
  • geriwene Parmesan, Parmesan jëtt den Bouletten een wonnerbar herzhaften an würzigen Geschmaasch
  • Miähl
  • Krégder an Gewürzer, Salz an Peffer an als zousätzlich Krégder hualen ech nëmmen Péitersilich.

Fir datt den Menü gelengt brausch ech dann na eent mat Baaschpapeier ausgeleiten Blech, eent Schnégdbrett, eent schareft Messer an eng Schossel fir Gehacktes ze mëschen.

Zoubereedung

Datt ischt watt ech maan, ass den Schiäffchen op 180°C Ëmloft virwiärmen.

Als nächst wäschen ech Gromperen grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser, déi schnégden ech an dënn Spalten. Du kanns Gromperen dann direkt om Baaschblech verdeelen. Salz, Peffer an bëssen Olivenualeg driwer verdeelen. Ech jänn besser eens wann ech Gromperen an enger Schossel mam Ualeg an den Gewürzer mëschen an dann verdeelen ech se om Baaschblech ouni datt se openeen leien. Du kanns dir Gromperen na bëssen verfeineren, andeems du Rosmarin oder/an Thymian mat driwer streis.

D’Ënnen schiälen ech an schnégden se an dënn Streifen, déi verdeelen ech iwert den Gromperen. De Knuawléck schiälen ech, an 2 Ziiwen véireln ech an die anner hacken ech ganz fein. Knuawlécksvéirel verdeelen ech zwëschen den Gromperen an d’Blech setzen ech fir 30 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

INFO: Watt den Knuawléck fir ant Gehacktes mi fein gehackt ass, watt sech den Geschmaasch besser verdeelt.

Iwerdeems mëschen ech Gehacktes mam Ei, Panéiermiähl. hëlls du eent aalt Brigdchen datt frtischt an bëssen Mëlich anweechen an goud ausdrécken. Salz, Peffer, deen gehackten Knuawléck, 2-3 EL Olivenualeg, den geriwene Parmesan an den Péitersilich mëschen ech ënner Gehacktes an kniädden alles goud durich. Aus dem Gehacktes formen ech kleng Bouletten ,ongeféier Téiläffelgruuss. Driien d’Bouletten am Miähl rullen se dann na eng kéier zwëschen den Hänn, an leen se op een Teller.

INFO: Well ech Randsgehacktes hualen mëschen ech ëmmer bëssen Ualeg mat drënner, Randfleesch jëtt jären drëchen an den Ualeg hëleft datt Bouletten mi saaftig bleiwen.

No deen 30 Min. verdeelen ech Bouletten zwëschen den Gromperen an setzen den Blech na eng kéier fir 25 Min. bis 30 Min. an den Schiäffchen.

Viramm zervéiren streien ech bëssen frëschen gehackten Péitersilich driwer an reechen eng Zaloot dobäi.

Firwatt solls du dëst Rezept unbedingt ausprobéiren?

  • dësen Menü ass an 20 Min. virbereet.
  • et ass eng fettfrei Alternative zu klassisch Bouletten aus der Pann.
  • sie sen ganz einfasch ze maan.
  • sie sen saaftig an köstlich.
  • sie schmaaschen o den Kanner.
  • sie sen perfekt als Snack mat Dip fir eng Party.
  • sie passen zu allem, Reis, Nuddelen, Gromperen…

Loss dir dëst Polpette al Forno schmaaschen! Freien mech iwer Feedback zum Rezept.

Polpette al forno

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedungszéckt

25

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

Zutaten

  • 700 g Gromperen, gewäsch an an dënn Spalten geschnidden

  • 2 Ënnen, an dënn Streifen geschnidden

  • 3 Ziiwen Knuawléck, 2 an véirel geschnidden 1 fein gehackt

  • bëssen Olivenualeg

  • Salz

  • Peffer

  • 600 g Gehacktes, ongewürzt

  • 3 El Panéiermiähl

  • 1 Ei

  • 100 g geriwene Parmesan

  • 2 EL Miähl

  • 2 EL Péitersilich fir mat ant Gehacktes an na bëssen fir Garnitur

Zoubereedung

  • Den Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Ëmloft vir
  • Gromperen leen ech an eng Schossel an mëschen se mat Salz an Peffer, dann verdeelen ech se op engem mat Baaschpapeier ausgeleitem Blech. Die geschnidden Ënnen an deen an véirel geschniddene Knuawléck verdeelen ech zwëschen den Gromperen an setzen Blech fir 30 Min. an deen waarmen Schiäffchen.
  • Gehacktes mëschen ech mam Ei, Panéiermiähl, 2-3 EL Olivenualeg, gehackten Knuawléck, Salz, Peffer an Péitersilich. Dann formen ech kleng Bouletten driien se am Miähl, rullen se na eng kéier zwëschen den Hänn an leen se op een Teller bis ech se brausch.
  • No deen 30 Min. hualen ech Gromperen aus dem Schiäffchen, verdeelen Bouletten zwëschen den Gromperen an setzen datt Ganzt na eng kéier fir ongeféier 25 Min. bis 30 Min zeréck an den Schiäffchen.
  • Viraam zervéiren streien ech na bëssen Péitersilich driwer an reechen een Komp Zaloot mat dobäi.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*