Gebaaschene Gromperenzaloot

Nodeems ech ëmmer rëm, wann ech op Social Media ënnerweech sen dëst Rezept gewissen kreien, han ech mir einfasch mol gedeit lo probéiers du datt o mol an kucks op et deen Hype wirklich wiärt ass. Dës rustikal Spezialitéit ass als Variant van deem normalen Gromperenzaloot entstannen. Gromperen jänn viraam mëschen van der Zooss am Schiäffchen knusperig gebaasch, fir zousätzlich Textur an Geschmaasch ze kreien. Am loof van der Zéckt han sech ënnerscheedlich Varianten entweckelt, déi op lokalen Zutaten an kulinarischen Traditiounen baséiren.

Handwiäriksgeschiier

  • eent Dëppen
  • eent Baaschblech mat Baaschpapeier
  • eent Glas oder Dëppchen mat glattem Buadem
  • eent Messer
  • eent Schnégdbrett
  • eng gruuss Schossel

Zoubereedung

Gromperen han ech virtischt am Salzwaasser mat der Schal mëll gekooscht, dann han ech se aafgeschott an op engem Baaschblech mat Baaschpapeier ausgebreet. Mat Hëlef van engem Glas han ech se platt gedreckt.

Während Gromperen kooschen den Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.

Gromperen han ech dann mat bëssen Olivenualeg agepinselt an gesalzen. Am waarmen Schiäffchen han ech se dann fir 40 Min. bis 50 Min. goldbrong knusperig gebaasch.

Iwerdeems Gromperen baaschen, han ech Schalotten fein gehackt, Cornichon an Würfel geschnidden op eng Sei geleit an gesalzen fir datt se Waasser zéien. Den Stangenzellerie han ech gewäsch an kleng gewürfelt. Cornichon salzen ech, fir datt Batterstoffer auszéien an mam Waasser watt austrëtt aafloofen kann.

An enger Schossel mëschen ech den Joghurt, Mayonnaise, de Moster, den Essig, Salz an Peffer zu enger crémiger Zooss.

Cornichon wäschen ech grëndlich ënner fléissendem Waasser aaf, loossen se goud aafdrëpsen an mëschen se mam Zellerie ënnert Zooss.

Den Péitersilich an den Dill hacken ech fein an mëschen Krégder o ënnert Zaloot.

Subal Gromperen färdeg sen, loossen ech se auskéilen an zerklengeren se na bëssen, datt geht am besten mat den Hänn.

Die aafgekéilten Gromperen na ënnermëschen, schmaaschen, evtl. nowürzen an genéissen.

Zutaten

  • Gromperen
  • Olivenauleg
  • Salz & Peffer
  • griechische Joghurt
  • Mayonnaise
  • Mostert
  • Essig
  • Cornichon
  • Stangenzellerie
  • frëschen Péitersilich
  • frëschen Dill

Tipps

  1. Hual festkooschend Gromperen fir eng besser Textur.
  2. Den Dressing kanns du ganz dengem Geschmaasch aanpassen, andeems du mi oder manner Mostert oder Mayonnais hëlls.
  3. Genausu kanns du angeleiten Cornichon hualen, zousätzlich na hart gekooschten Eier, Speck oder Hamm, fir den Zaloot dengem Geschmaasch aanzepassen.

Fazit

Dës Zaloot schmëscht wirklich goud, datt Gebroodent brengt een ganz aangenehmen Geschmaasch mat. Gromperen verléiren äwer hir Knusperigkeet watt se mi lang an der Zooss leien.

Gebaaschene Gromperenzaloot

Rezept von JosianeSchwierigkeit: Einfach
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

50

Minuten

Zutaten

  • 1 kg Gromperen, gekooscht

  • 2-3 EL Olivenualeg

  • Salz

  • 2 Schalotten, gehackt

  • 1 Cornichon, gewürfelt

  • 2 Stangen Zellerie, gewürfelt

  • 1 EL frëschen Péitersilich, gehackt

  • 1 EL frëschen Dill, gehackt

  • 2-3 EL griechischen Joghurt

  • 1 EL Mayonnaise

  • 2 TL Dijon Mostert

  • 3 EL Essig

  • Salz & Peffer

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • Die gekooschten Gromperen op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech leen, an mat Hëlef van engem Glas platt drécken.
  • Mat Olivenualeg anpinselen an salzen.
  • Am waarmen Schiäffchen ongeféier 40 Min. bis 50 Min. goldbrong knusperig brooden.
  • An enger Schossel den Joghurt, Mayonnaise, den Mostert, den Essig, Salz an Peffer zu enger Zooss verréiren.
  • Die frësch Krégder, Cornichon an den Zellerie ënnermëschen.
  • Die färdeg Gromperen auskéilen loossen an zerklengeren.
  • Gromperen mat deem Rest vermëschen.
  • Gouden Appetit!

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*