Gedënst Paprikageméiss

Kaum eent annert Geméiss jëtt an der Këchen su villségtig angesatt wie den Paprika. Botanisch gesehen sen Paprika eigentlich Biär, an gehiiren an villen Këchen weltwégt zur Grondausstattung.

Ob rii, gekooscht, angeleit, als Geméiss oder als Gewürz, ob gréin, jäll, orange oder rugd – die faarwig Friischten sen villségtig an gesond.

Paprika

Regionalen Paprika krëss du bei eis van Juli bis Oktober, hauptsächlich kënnt den Paprika dann aus Däischtland an Holland. Ausserhalb der Saison kënnt den Paprika aus südlicher Länner wu die klimatisch Bedinungen besser sen wie bei eis.

Paprikazorten

Alles an allem emfaast d’Paprikagattung ongeféier 30 verschidden Zorten, ënnerscheedlich Ziichtungen mat deene verschiddensten Näm. Firtischt jëtt zwëschen der gruusser Geméisspaprika an der klenger Gewürzpaprika (Chilischot) ënnerscheed. Je no Fruuchtform – jänn se dann an die verschidden Zorten ënnerdeelt:

  • Blockpaprika, ass die beléifsten Paprika bei eis, die handelsüblich mëll Geméisspaprika, ouni nennenswiärt Schiäreft.
  • Hornpaprika, sen bis zu 30 cm lang, aromatisch an saaftig mat engem hiien Zockergehalt.
  • Spitzpaprika, sen mëll Geméisspaprika mat langer schmaaler Fruucht an han eng liit bis mëttel Schiäreft.
  • Brootpaprika, sen kleng an han eng mëll Schiäreft. Pimientós de padron sen een beléiften spanischen Tapas.
  • Tomatenpaprika, sen mëll, fleeschig mat engem séissen würzigen Geschmaasch an jänn jären fir ze fëllen gehollt.
  • Snackpaprika, sen kleng, keilförmig, matt engem séissen-aromatischen Geschmaasch.
  • Kiischtenpaprika, sen kleng an ronn, han äwer well eng ordentlich Schiäreft.

D’Faarwen vam Paprika weisen wie zégdig den Paprika ass. Die gréin, net zégdig Paprika fiäreft sech zu jäll, bis orange an wann se richtig zégdig ass zu rugd. Et jänn allerdings o Zorten déi am zégdigen Zoustand jäll, orange oder sugar wäiss sen.

D’Schäreft vam Paprika jëtt an der Schiäreft-Skala van Wilburg Scoville ënnerdeelt:

  1. Ënner 0 Scoville fënnt eent Geméisspaprika, Snackpaprika, Tomatenpaprika…
  2. Zwëschen 100 bis 500 Scoville sen Peperoncini an Kiischtenpaprika ze fannen.
  3. Dann kommen mir well bei die mi Schareft Zorten, zwëschen 2 500 bis 5 000 Scoville fënn een Jalapeños.
  4. Zwëschen 30 000 bis 50 000 Scoville ass den Cayenne an den Tabasco aan ze treffen.
  5. D’Birds eye an d’Habanero leien zwëschen 100 000 bis 350 000 Scoville.

Durich Ziichtungen jëtt dësen Wiärt äwer ëmmer mi hii, an Ziichter konkuréiren do wirklich ween déi Chilischot ziischt déi am schiärefsten ass. Naga Bhut Jolokia ass mat 1 000 000 Scoville dobäi, Trinidad Moruga Scorpion mat 2 000 000 Scoville an déi am moment den Rekord hällt ass Carolina Reaper mat 2 200 000 Scoville.

Gedënst Paprikageméiss mat Schalotten.

Ech man Hogt äwer gedënst Paprikageméiss, ganz ouni Schiäreft. Eng Beilaag déi mat enger einfascher Zoubereedung an sengem köstlichen Geschmaasch d’Härzer erobert hat. Ursprünglich aus dem Mëttelmiärraum stammend, hat dës Beilaag am Loof van den Joeren vill verschidden Variatiounen an Aanpassungen erfliäft. Egal, ob an Spanien, Griechenland, Italien oder irgendwu annëcht, d’Kombinatioun van saaftigem Paprika mat Schalotten ass ëmmer goud.

Su gelengt gedënst Paprikageméiss.

Aus dem Buttik brengen ech mir rugden, jällen an gréinen Paprika mat. Dann brausch ech na Schalotten, Olivenualeg an bëssen Bréit. Fir deen richtigen Geschmaasch suarigen Salz, Peffer an italienisch Krégdermëschung.

Ausserdeem brausch ech, eent schareft Messer, eent Schnégdbrett an eng Pann oder eent Dëppen mat Deckel.

Zoubereedung

De Paprika wäschen ech, entkären en an schnégden Friischten an mi breet Streifen.

Schalotten schiälen ech an schnégden se an dënn Streifen.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden Schalotten do dran glasig aan.

Dann mëschen ech den Paprika drënner an brooden deen mat aan, würzen mat Salz an Peffer.

Als nächst schëdden ech bëssen Bréit drop, driien Hëtzt raaf, würzen mat deen italienischen Krégder. Dann leen ech den Deckel drop an ech loossen den Paprika ongeféier 10 Min. op niddriger Hëtzt dënsten.

  • Du kanns Geméiss- oder Fleeschbréit hualen, am besten ass natiirlech ëmmer die selwer gekooschten, an eng Fleeschbréit brengt een mi reichen Geschmaasch an dengt Geméiss.

No deen 10 Min. hualen ech den Deckel raaf an loossen Flëssigkeet ganz ankooschen. Dobäi Pann ëmmer mol rëm goud schwenken.

Zervéiren kanns du dengt gedënsten Paprikageméiss als Beilaag oder als vegetarischen Menü mat Reis, Zaloot an Baguette.

Tipps & Varianten

  1. Pass do drop op Paprika gläichmässig ze schnégden, fir datt se gläichmässig garen.
  2. Hei ass eng einfasch Grondzoubereedung van gedënstem Paprikageméiss, verfeineren kanns du dëst Geméiss na mat Knuawléck oder fir bëssen Schiäreft mat Chiliflocken.
  3. Pass op, datts du Geméiss net ze lang gars, et soll na Biss han.
  4. An Spanien jëtt jären gereechert Paprikapolwer mat drënner gemëscht fir dem Geméiss een liit rauchigen Aroma ze jänn.
  5. Griechen streien jären bëssen Feta driwer an iwerbaaschen den Paprika am waarmen Schiäffchen.
  6. An bei den Italiener jänn Tomatenwürfel mat drënner gemëscht fir su eng Zooss ze kooschen déi mat Pasta zervéiert jëtt.

Gedënst Paprikageméiss

Rezept von Josiane
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

15

Minuten

Zutaten

  • 4 Schalotten, an dënn Streifen geschnidden

  • Olivenualeg fir ze brooden

  • 2 rugd Paprika, entkärt an a Streifen geschnidden

  • 2 jäll Paprika, entkärt an a Streifen geschnidden

  • 2 gréin Paprika, entkärt an a Streifen geschnidden

  • Salz

  • schwarze Peffer

  • 100 ml Bréit

  • 1-2 TL italienisch Krégdermëschung

Zoubereedung

  • An enger waarmer Pann Olivenualeg erhëtzen an d’Schalotten do dran glasig aanbrooden.
  • De Paprika ënnermëschen an mat brooden, mat Salz an Peffer würzen.
  • Bréit drop schëdden, opkooschen loossen, Hëtzt raaf driien, mat der italienischer Krégdermëschung würzen an mat Deckel 10 Min. op niddriger Hëtzt dënsten.
  • Den Deckel raaf hualen an Flëssigkeet ganz ankooschen loossen. Dobäi Penn ëmmer mol rëm schwenken.
  • Zervéiren kanns du dengt gedënsten Paprikageméiss als Beilaag oder als vegetarischen Menü mat Reis, Zaloot an Baguette.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*