Gefëllten Pouletfilet mat Röstzwibbelen

Entdeck deen kulinarischen Zauber mat dësem Rezept fir gefëllten Pouletfilt, datt perfekt harmonéiert mat Röstzwibbelen an saaftigen Tomaten. Eent Festässen, datt dech net nëmmen mat sengem Geschmaasch verwiännt, mais et ass o einfasch zouzebreeden. Die goud Paprika-Tomaten-Zooss setzt deem Ganzen Kroun na op. Begleet mech bëssen an entdeck wie d’Aromen mateneen verschmëlzen.

Zutaten

  • Pouletfilet
  • Ënnen
  • Tomaten
  • Paprika
  • Knuawléck
  • Tomatenpürée
  • Pelati
  • Salz & Peffer
  • Oregano
  • Olivenualeg fir ze brooden

Zoubereedung

Ech fänken aan, datt ech den Poulet anschnégden, du kanns van der Ségt eng Täsch dran schnëgden oder van uawen, su wie et dir am besten van der Hand geht. Deen salzen ech dann an loossen en 30 Min. durichzéien.

Iwerdeems schiälen ech d’Ënnen an schnégden se op der Mandoline an dënn Halefronselen. An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg, an op niddrig bis mëttel Hëtzt brooden ech d’Ënnen bis se karameliséiert sen, ech salzen se liit. Du kanns d’Ënnen o fritischt opsetzen, ärs du den Poulet würz, Karameliséiren hëllt bëssen Zéckt an aansproch.

Zwiebeln
Röstzwiebeln

Tomaten schnégden ech an kleng Würfelen. An den Paprika an dënn Streifen an ech hacken de Knuawléck an d’Ënnen kleng.

Subal d’Ënnen färdeg sen, fëllen ech den Poulet mat den geréisterten Ënnen an den Tomatenwürfelen. Fleesch fixéiren ech dann mat engem Zahnstocher an pefferen et all rondrëm.

An enger waarem Pann oder Dëppen erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden Filet all rondrëm kräftig aan. Déi hualen ech dann raus an stellen se op Ségt.

An deem selwischten Dëppen brooden ech d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien, dann mëschen ech den Paprika an den Knauwléck drënner an brooden deen mat aan.

Als nächst mëschen ech den Tomatenpürée drënner an brooden deen kuurz mat aan.

Dann schëdden ech den Pelati drop, loossen datt Ganzt opkooschen an würzen mat Salz, Peffer an Oregano. Driien Hëtzt dann raaf. Wanns du na Rester Tomatenwürfel an geréiester Ënnen has, kanns du déi mat ënnert Zooss mëschen.

De Poulet leen ech op Zooss, leen dann een Deckel drop an loossen et fir ongeféier 20 Min. bis 25 Min. op niddriger Hëtzt kooschen. Schmaaschen an evtl. noowürzen.

Viraam zervéiren kanns du bëssen Péitersilich driwer streien an mat enger Beilaag denger Wiäll zervéiren.

Tipps

  1. Hual hiiwiärtig Zutaten, fir su deen besten Geschmaasch ze kreien.
  2. Bereet alles fir ärs du aafänks mat kooschen.
  3. Pass op Garzéckt op, Poulet muss durich gebrooden sen, wanns du dir net secher bas dann hual een Fleeschthermometer fir Kärtemperatur (75°C-80°C) ze moossen.
  4. Denk iwert passend Beilaagen no, bei mir sen et hausgemaaten Fritten an Muurtenzaloot dobäi jiänn, goud passt äwer o Reis, Pasta oder Gromperen.
  5. Experimentéier mat verschidden Gewürzer, Thymian an Rosmarin passen goud zum Poulet an ant Paprikazooss.

Gefëllten Pouletfilet mat Röstzwibbelen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 4 Pouletfilet

  • 3 Ënnen, 2 an dënn Halefronselen an 1 fein gehackt

  • 2 Tomaten, kleng gewürfelt

  • 2 Paprika, an dënn Streifen

  • 2 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • 1 EL Tomatenpürée

  • 400 ml Pelati

  • Salz & Peffer

  • 1 TL Oregano

  • Olivenualeg fir ze brooden

Zoubereedung

  • An den Pouletfilet en Täsch schnégden, du kanns datt van der Ségt maan oder van Uawen. Liit salzen an ongeféier 30 Min. durich zéien loossen.
  • An enger waarmer Pann bëssen Olivenualeg erhëtzen an déi an Halefronselen geschnidden Ënnen op niddriger bis mëttel Hëtzt do dran brooden an karameliséiren. Liit salzen.
  • De Poulet mat den geréisterten Ënnen an den Tomatenwürfel fëllen, mat engem Zahnstocher fixéiren an rondrëm Pefferen.
  • An engem waarmen Dëppen bëssen Olivenualeg erhëtzen an Fleesch rondrëm kräftig aanbrooden. Raus hualen an op Ségt stellen.
  • An deem selwischten Dëppen die gehackten Ënn aanbrooden, bis se aafänkt Faaref ze kreien, dann de Paprika an den Knuawléck ënnermëschen an mat brooden. Mat Salz, Peffer an Oregano würzen.
  • Als nächst den Tomatenpürée ënnermëschen an kuurz mat brooden.
  • Dann den Pelati drop schëdden, opkooschen loossen, schmaaschen, evtl. noowürzen, d’Hëtzt raaf driien.
  • De Poulet drop leen an mat Deckel ongeféier 20 Min. bis 25 Min. op niddriger Hëtzt kooschen loossen.
  • Ech han hausgemaaten Fritten an Muurtenzaloot dobäi zervéiert, goud passt äwer o Reis, Pasta, oder Gromperen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*