Geschmoorten Spareribs

Moien op mengem Foodblog! Hogt hualen ech dech an die einfasch an geschmaaschvoll Këchen van – geschmoorten Spareribs an enger Tomatenzooss mat. Dës Rëppercher sen eent Fest fir jidfereen an sie sen ganz einfasch zouzebreeden. Die harmonische Mëschung, aus zartem Schwéngefleesch, mat aromatischen Krégder an enger würziger Tomatenzooss maan aus dësem Menü eent Festässen.

Geschmoort Ässen hat an villen traditonellen Këchen an Kulturen déif Wuurzelen. Datt gemelligt Garen, datt Fleesch zart an saaftig mëcht, ass well an der Antik hii geschätzt jänn. D’Verwendung van Tomaten ass eng Innovatioun aus der italienischer Këchen aus dem 16ten Joerhonnert, sie jëtt dësem Rezept een köstlichen an saaftigen Aroma.

Zutaten

  • Schwéngsrëppercher
  • Olivenualeg oder Botterschmalz
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Pelati
  • gedrëchenten Oregano
  • gedrëchenten Thymian
  • Salz & Peffer
  • Gromperen
  • evtl. bëssen Waasser oder Bréit

du brauschs

  1. eent gruust Gossendëppen mat Deckel
  2. eent Schmégdbrett an scharef Messeren
  3. eng Zang fir Fleesch ze driien
  4. een Holzeläffel

Zoubereedung

Rëppercher tuppen ech mat Këchenpapeir drëchen an zéien van der ënnischter Ségt Sëlwerhogt raaf. Hual dofir een spatzen Kneipchen fir een Aaafank ze kreien, dann lisst sech dës Hogt einfasch aaf zéien.

Firwatt Sëlwerhogt aafzéien?

Sëlwerhogt aafzéien ass keen Muss! Allerdings bleift mat dëser Hogt Fleesch mi fest an op der Ségt mat der Hogt zéiht Marinade oder Gewürzer net su siier ant Fleesch.

Subal ech Sëlwerhogt raaf han würzen ech Rëppercher mat Salz an Peffer an loossen se ongeféier eng halef Stonn durich zéien.

Iwerdeems hacken ech d’Ënnen an den Knuwléck kleng, an ech hëtzen den Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.

Dann schiälen ech Gromperen an schnégden déi an Spalten.

An engem waarmen Gossendëppen erhëtzen ech Olivenualeg oder Botterschmalz an brooden Rëppercher van deen 2 Ségten kräftig aan. Déi hualen ech dann raus an stellen se op Ségt.

An deem selwischten Dëppen brooden ech d’Ënnen aan an loossen déi karameliséiren. Dann mëschen ech den Knuawléck drënner an brooden deen kuurz mat aan.

Als nächst schëdden ech Tomaten drop, loossen Zooss opkooschen, würzen mat Salz, Peffer an den Krégder an leen Rëppercher op Zooss, net dran drecken. Ech verdeelen Gromperen driwer an leen dann den Deckel drop an setzen Rëppercher fir eng goud Stonn an deen waarmen Schiäffchen.

Tipps

  1. Kuck datt Rëppercher ordentlich aangebrooden sen.
  2. Kontrolléier zwëschendurich, datt Tomatenzooss net ze deckflëssig jëtt, soss bëssen Waasser oder Bréit dobäi schëdden. Pass äwer do drop op, datt Flëssigkeet net iwert den Rëppercher steht.
  3. Wanns du Rëppercher op der Kooschplaque schmoors, pass do drop op, Temperatur nidderig ze haalen, fir datt Fleesch zart jëtt.

Varianten

Fir mi eng pikant Variant kanns du Chiliflocken mat ënner Zooss mëschen.

Fir mi eng rustikal Variant, schmor Rëppercher op saurem Mouss an zervéier Gromperenpürée dobäi.

Geschmoorten Spareribs

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

Zutaten

  • 1 kg Schwéngsrëppercher

  • Olivenualeg oder Botterschmalz fir ze brooden

  • 1 Ënn, gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • 400 g Pelati (1 Béchs)

  • 1 TL gedrëchenten Oregano

  • 1 TL gedrëchenten Thymian

  • Salz & Peffer

  • 500 g Gromperen, geschiällt an a Spalten geschnidden.

  • evtl. bëssen Waasser oder Bréit

Zoubereedung

  • Van den Rëppercher Sëlwerhogt raaf zéien, mat Salz an Peffer würzen an ongeféier 30 Min. durich zéien loossen.
  • Iwerdeems Geméiss virbereeden. De Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • An engem waarmen Gossendëppen Olivenualeg oder Botterschmlaz erhëtzen, Rëppercher do dran all rondrëm kräftig aanbrooden, raus hualen an op Ségt stellen.
  • An deem selwischten Dëppen d’Ënnen aanbrooden an karameliséiren loossen.
  • Dann den Knuawléck ënnermëschen an kuurz mat brodden. Tomaten drop schëdden, opkooschen loossen. Mat Salz, Peffer an den Krégder würzen.
  • Rëppercher op Zooss leen an Gromperen driwer verdeelen. Den Deckel drop leen an eng goud Stonn am waarmen Schiäffchen schmooren.
  • Zwëschendurich kontrolléiren op Zooss net ze deckflëssig jëtt, soss bëssen Waasser oder Bréit dobäi schëdden.
  • Gouden Appetit!

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*