Gromperen – Broccoli – Gratin

Dësen Gratin han ech viraan paar Wooschen gemaat, eigentlich wollt ech en gar net online setzen. Goud datt ech Fotoen gemaat han. En as äwer o wirklech goud an siier gemaat. Ausserdeem kann een e goud am viraus Virbereeden. Ech han Broccoli an Muurten gehollt, et as äwer ganz egal watt fir eent Geméiss datts du hëlls.

Fir dësen Gratin brausch ech.

  • Gromperen
  • Broccoli
  • Muurten
  • Ënnen
  • bëssen Speck
  • Béchamelzooss mat Kiiss
  • Salz, Peffer
  • Parmesan
  • Panéiermiähl

Zoubereedung

Gromperen han ech gewäsch mat kaalem Waasser opgesatt an mat der Schaal mëll gekooscht. Aafschëdden, schiälen an Daaleren schnégden.

Broccoli an kleng Ruusen zerdeelen an grëndlich wäschen. An vill kooschendem Salzwaasser 6-7 Min. blanchéiren. Aafschëdden, brausch eent Geméiss äwer net aaf ze schrecken.

Ënnen kleng hacken an de Speck würfelen. An enger waarmer Pann bëssen Ualeg erhëtzen. Ënnen an de Speck aanbrooden bis alles Faaref hat.

Eng Béchamel kooschen an Parmesan ënnermëschen.

Als nächst den Schiäffchen op 170°C Grad virwiärmen.

Dann eng feierfest Form botteren, an bëssen van der Béchamel ënnendran verdeelen.

1 Schicht Gromperen ënnen dran verdeelen, liit pefferen an salzen. Dann halschent vam Geméiss op den Gromperen verdeelen.

Op dem Geméiss Ënnen mam Speck verdeelen.

Dann deen Rest Geméiss.

Mat enger Schicht Gromperen aafschléissen an déi o rem liit pefferen an salzen.

Deen rest Béchamel drop schëdden.

Parmesan mam Panéiermiähl vermëschen an om Gratin verdeelen.

Am waarmen Schiäffchen ongeféier 40-45 Min. baaschen. Et kann een na paar Botterflocken driwer verdeelen.

Gromperen – Broccoli – Gratin

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

40

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 750 g Gromperen

  • 300 g an Ruusen zerdeelten Broccoli

  • 2 an Stäbercher geschnidden Muurten

  • 1 gehackten deck Ënn

  • 100 g gewürfelten Speck

  • 600-700 ml Béchamelzooss mat Parmesan

  • Salz & Peffer

  • 60 g Parmesan

  • 60 g Panéiermiähl

  • optional: bëssen Botter

Zoubereedung

  • Gromperen an der Schal mëll kooschen, aafschëdden, schiälen an Daaleren schnégden.
  • Broccoli an Muurten an vill kooschendem Salzwaasser 6-7 Min. blanchéiren. Aafschëdden.
  • An enger waarmer Pann bëssen Ualeg erhëtzen, d’Ënnen an de Speck aanbrooden bis se Faaref kreien.
  • Eng Béchamel kooschen.
  • De Schiäffchen op 170°C Grad virwiärmen.
  • Eng feierfest Form botteren an bëssen Béchamel ënnen dran verdeelen.
  • Eng Schicht Gromperen ënnen dran verdeelen. Liit salzen an pefferen.
  • Halschent vam Geméiss driwer verdeelen.
  • D’Ënnen mam Speck om Geméiss verdeelen.
  • Den Rest vam Geméiss ant Form leen.
  • Mat enger Schicht Gromperen aafschléissen. Liit salzen an pefferen.
  • Béchamel driwer schëdden.
  • Parmesan an Panéiermiähl mëschen an driwer streien.
  • optional: Paar Botterflocken driwer verdeelen.
  • Am waaremen Schiäffchen ongeféier 40-45 Min. baaschen.

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Poulet Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*