Gromperen Provençale

Gromperen Provençale aus dem Schiäffchen sen eng köstlich Beilaag. Gromperen jiänn an Scheiwen oder Spalten geschnidden, an enger Schossel mat Knuawléck, Herbes de Provence an bëssen Olivenualeg marinéirert, fir dann am waarmen Schiäffchen knusperig gold brong gebasschen ze jiänn. Ergebniss as eng aromatisch fransiisch Beilaag mat provenzialischem Flair, datt perfekt zu deen verschiddensten Hauptplaten passt.

Herbes de Provence

Genau as net noo ze weisen ween dës aromatisch Gewürzmëschung erfond hat. Et as eng traditionell Mëschung déi well ségt Joerhonnerten an der Provence an a Regiounen an Südfrankreich genotzt jëtt.

Zoubereedung:

  1. Gromperen virberreeden: Meestens jiänn festkooschen Gromperen gehollt, Sie kannen an dënn Scheiwen, an Spalten oder Würfel geschnidden jiänn. An enger Schossel jiänn sie mat bëssen Olivenualeg, Knuawléckspast, Krégder aus der Provence, Peffer an Salz gemëscht.
  2. Baaschen: Op engem mat Baaschpapeier ausgeleiten Blech jiänn Gromperen verdeelt, su datt se net zevill openeen leien, an dann am waarmen Schiäffchen bei 200°C ongeféier 35 Min. bis 40 Min. gebaasch, bis se goldbrong an knusperig sen.

Ergebnis sen wonnerbar doftend an geschmaaschvoll Gromperen, die provenzialischen Genoss béiden. Sie eegnen sech als Beilaag bei gegrilltem Fleesch, Fësch oder o als vegetarischen Hauptplat mat engem Komb Zaloot an engem Dip.

Varianten:

  • Mat Tomaten an Ënnen: An verschidden Rezepter jiänn dës Gromperen mat Tomaten an Ënnen gemaat, sie jiänn einfasch mat den Gromperen marinéiert an mat gebaasch.
  • Mat Oliven: Oliven sen eng charakteristisch zutat an der provenzialsicher Këchen. Mëchs du Oliven mat drënner jiänn sie den Gromperen eng salzig Nuance.
  • Krégder: die meest rezepter verwenden nëmmen Rosmarin an Thymian. Ech selwer maan äwer meng eegen Mëschung, Krégder aus der Provence drop an där o bëssen Lavendel as.
  • Knuawléck: Et as die ischte kéier datt ech dës Gromperen mat Knuawléck gemaat han, du kanns Ziiwen Knuawléck kleng hacken oder an dënn Scheiwen schnégden, ech han bëssen van menger Knauwléckspast ënnergemëscht.
  • Kiiss: Verschidden Rezepter verwenden Parmesan oder een anneren Hartkiss, deen iwert Gromperen gestreit jätt, fir zousätzlichen Aroma an eng knusprig Krust.
  • Verschidden Zorten Geméiss: Niäwent Gromperen, Tomaten an Ënnen, kanns du o Paprika, Auberginen, Courgetten oder Fenchel mat baaschen. Su krëss du na mi Aroma an anner Texturen.

Gromperen Provençale as eent variabelt Ässen, datts du aanpassen an ganz no dengem perséinlichen Geschmaasch verfeineren kanns.

Gromperen Provençale

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 200°C virwiärmen.
  • An enger Schossel, Gromperen mat de Krégder, dem Knauwléck, de Gewürzer an dem Olivenualge mëschen.
  • Gromperenmëschung op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech verdeelen, su datt se net zevill iwereneen leien.
  • Am waarmen Schiäffchen ongeféier 35 Min. bis 40 Min. baaschen, zwëschendurich eng kéier virsëchtig driien, fir secher ze stellen datt se gläichmässig garen.
  • Subal Gromperen färde se, aus dem Schiäffchen hualen an waarem zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*