Gromperen Romanoff

Gromperen Romanoff ass eng wonnerbar alternative zum einfaschen Gromperngratin oder zur gebaaschener Gromper aus dem Schiäffchen. Et brausch zwar bëssen Virbereedung, déi am besten well den Daag virdraan, oder wann et fir d’Owesässen ass, Moies gemaat jëtt, mais Zoubereedung ass absolut simple an dauert net lang.

Gromperen Romanoff ass een Gratin, deen Konsistenz an de Goût van enger gebaaschener Gromper aus dem Schiäffchen hat.

Dëst Ässen ass die perfekt Kombinatioun aus Cremigkeet an Goût. Die verschidden Zutaten brengen eng Mëschung aus mëllen an kräftigen Aromen zesaammen. Gromperen sen Basis, während d’Ënnen, d’Saurrahm an den Kiiss dësen Gratin su richtig dekadent maan.

Zutaten fir meng Gromperen Romanoff

1. Gromperen

  • Gromperen sen Basis fir dëst Ässen. Sie jänn dësem Gratin seng fluffig, cremig Textur. Durich d’Baaschen an hanneno zerklengeren behalen Gromperen eng angenehm Konsistenz an na bëssen Biss.

2. Ënnen

  • Die gebrooden an liit karamelsiséiert Ënnen brengen een liiten séissen an würzigen Goût ant d’Ässen. Wann sie am Botterschmalz gebrooden jänn, entwécklen sie een herrlichen karamelligen Aroma, deen sech wonnerbar mam Kiiss an den Gromperen ergänzt.

3. Botterschmalz

  • De Botterschmalz suarigt dofir, datt d’Ënnen sching brooden an hiren vollen Aroma entfaalen kanne. Ausserdeem ronnt deen botterigen Goût datt Ganzt na zousätzlich aaf.

4. Pecorino

  • Normalerweis jëtt fir dësen Gratin Cheddar, geriwene schweizer Kiiss oder Gruyére geholt. Ech han mëch äwer dozou entscheed, Pecorino ze hualen. Pecorino ass een italienischen Hartkiiss aus Schoofsmëlich an hat am vergleich zumCheddar mi een intensiven, salzigen an nossigen Goût. Durich deen stariken Goût brengt den Pecorino eng ganz nei Dimensioun an dësen Gratin. Deen salzigen Goût harmonéiert wonnerbar mat deen mëllen Gromperen an der Sauerrahm. Deen hiien Salzgehalt suarigt dofir datts du net suvill Salz brauchs fir d’Ässen perfekt aafzeschmaaschen

5. Sauerrahm

  • Sauerrahm brengt eng wonnerbar Cremigkeet an eng liit Säier mat ant Spill, déi perfekt mat den Gromperen an dem Kiiss harmonéiert. Dësen liiten säierlichen Goût suarigt dofir, datt den Gratin net su schwéier schmëcht.

6. Salz an Peffer

  • Dësen klassichen Duo duaref natiirlech net fehlen! Salz hiäft deen natiirlichen Goût van den Gromperen an vam Kiiss, während den Peffer een liit würzigen Aroma matbrengt, watt datt Ganzt aafronnt.

7. Muskot

  • Den Muskot ass deen klengen, aromtischen Extra, deen den Goût vam Gratin komplexer mëcht. Muskot passt wonnerbar zu vill verschiddenen Gromperenässen an brengt een waarmen würzigen Goût mat, ouni die anner Aromen ze iwerdecken.

Zoubereedung

De Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Ëmloft fir.

Gromperen wäschen ech grëndlich an wécklen se eenzel an Sëlwerpapeier an. Déi leen ech op eent Baaschblech an setzen se fir 1,5 Stonnen an deen waarmen Schiäffchen. Et mëcht hei Sënn zimlich deck Gromperen ze hualen. Dono Gromperen raus hualen an komplett auskéilen loossen.

D’Ënnen schiälen ech an hacken se fein. An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden do dran d’Ënnen op mëttel Hëtzt bis se aafänken Faaref ze kreien. Déi stellen ech op Ségt an loossen se o komplett auskéilen.

An enger Schossel mëschen ech d’Sauerahm mat der Halschent vam geriwene Kiiss, Salz, Peffer an Muskot.

De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt fir.

Die komplett ausgekéilten Gromperen zerplécken ech mat den Fanger. Gruuss Stécker Schaal hualen ech raus an deen Rest bleift dran. Do drënner mëschen ech die aafekéilten Ënnen. Dann schëdden ech d’Sauerrahm-Mëschung drop, vermëschen alles goud an schëdden datt Ganzt an eng gruuss, oder paar mi kleng, gebottert feierfest Schosselen.

Dann streien ech deen Rest Kiiss iwert den Gratin an setzen datt Ganzt ongeféier 30 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

Zum Schluss streien ech na bëssen Bratzelen oder Péitersilich fir Garnitur driwer.

Tipps

  1. Gedold ass den Schlëssel: Gromperen an d’Ënnen sollen komplett ausgekéilt sen, soss kann et dir passéiren datts du Brei krëss.
  2. Zerplécken an net püréiren: Gromperen sollen zerpléckt jänn, sie sollen Stéckig bleiwen, püréiren zerstiiert Textur van dësem Gratin.
  3. Am viraus plangen: Wanns du Gromperen den Daag virdraan baachs sen ganz sëcher ausgekéihlt.
  4. Krust: Wanns du eng richtig knusperig Krust op dengem Gratin wëlls kanns du 10 Min. vriaan Schluss vam Baaschen den Schiäffchen op Grillfunktioun ëmstellen. Behaal se dann äwer am Au net datt den Kiiss verbrennt.

Varianten

Du kanns am Platz vam Pecorino natiirlich Cheddar hualen oder Gorgonzola, fir deen Extra-Kick! Een würzigen Raclettekiiss schmëcht ganz sëcher o goud.

Fir bëssen anneren Goût mat dran ze kreien kanns du gehackten Dill an Frühlingszwibbelen mat ënnert Saurrahm mëschen.

Ganz goud passen hei o gebrooden Speck- oder Hammwürfel, déi viraam mëschen äwer o ganz auskéilen loossen.

Gromperen Romanoff

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedungszéckt

1

Stunde 

30

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 1 kg festkooschend Gromperen

  • 2 Ënnen, gehackt

  • Botterschmalz

  • 300 g Sauerrahm

  • 150 g Pecorino, frësch geriwen

  • Salz

  • Peffer

  • Muskot

Zoubereedung

  • De Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Ëmloft vir.
  • Gromperen wäschen ech an wécklen se eenzel an Sëlwerpapaier an, déi leen ech op eent Baaschblech an setzen se fir 1,5 Stonnen an deen waarmen Schiäffchen. Gromperen raus hualen an komplett auskéilen loossen.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden d’Ënnen op mëttel Hëtzt aan, bis se aafänken Faaref ze kreien. Déi op Ségt stellen an komplett auskéilen loossen.
  • An enger Schossel mëschen ech d’Sauerrahm, mat der Halschent vam Kiiss, Salz, Peffer an Muskot.
  • De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
  • Subal Gromperen kaal sen zerplécken ech se mat den Fanger, mi gruuss Stécker Schaal hualen ech raus, deen Rest bleift dran.
  • Gromperen mëschen ech mat deen aafgekéilten Ënnen, dann schëdden ech Sauerrahm-Mëschung drop an vermëschen alles goud.
  • Gromperen fëllen ech an eng gebottert feierfest Schossel, streien deen Rest Kiiss driwer an baaschen se ongeféier 30 Min.
  • Viraam zervéiren kanns du na Bratzelen oder Péitersilich driwer streien.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*