Gromperenkousch

Moien! Bas du bereet fir mat op eng opreegend kulinarisch Réis ze goen, eng déi puuren Genoss versprëcht? Een Kousch as net nëmmen eppes fir die Séiss ënner eis, eng herzhaft Versioun kann o iwerzeegen. Hogt hualen ech dech mat ant Welt van den Gromperen, jo alt rëm, mais ech kann einfasch net ouni die köstlich Knoll. Dësen Kousch as wie een Gromperengratin, just na bëssen besser. Am Platz een klassischen Gratin baaschen ech Hogt een Gromperenkousch. Stell der vir, dënn Gromperenscheiwen, mat herzhaften Poretten, crémigem Kiiss an fir alles saaftig ze halen Royale driwer. Op als Hauptplat oder Beilaag, dësen Kousch suarigt op alle Fall fir Begeesterung.

Zutaten

  • Gromperen
  • Poretten
  • Salz
  • Peffer
  • Olivenualeg
  • geriwwene Kiiss (Gruyère)
  • Péitersilich fir Garnitur

Fir d’Royale

  • Rahm
  • Eier
  • Peffer
  • Salz
  • Muskot

Zoubereedung

Ech fänken aan, datt ech Gromperen grëndlich ënner fleissendem kaalen Waasser wäschen, Gromperen jänn net geschiällt. Ech schnégden se dann an Scheiwen van ongeféier engem halwen cm an leen se fächerartig op een mat Basschpapeier ausgeleitent Blech. Do drëpsen ech dann bëssen Olivenualeg driwer an streien Peffer an Salz drop.

Datt ischt watt ech gemaat han wor natiirlech den Schiäffchen op 160°C Ëmloft virgewiäremt, fir datt deen o bereet as.

Gromperen setzen ech dann an deen waarmen Schiäffchen an brooden se ongeféier fir 25 Min. bis 30 Min.

Gromperen rii
Gromperen gebrooden

Iwerdeems Gromperen am Schiäffchen stin, schnégden ech Poretten längs durich an wäschen se grëndlich ënner fleissendem kaalen Waasser. Dann schnégden ech se an dënn Halefronselen, déi stellen ech op Ségt bis ech se brausch.

An engem Literpatt moossen ech mir Rahm aaf, an mëschen d’Eier, Salz, Peffer an Muskot drënner, goud opschloen su datt, datt Schnuddeligt all fort as. Datt stellen ech mir o op Ségt.

Als nächst botteren ech eng Sprangform mat 24 cm Durichmässer.

Gromperen missten lo o su luas goud sen, sie mussen net durich mëll sen, sie kommen jo na eng kéier an den Schiäffchen.

Dann setzen ech mir d’Sprangform parat, an verdeelen eng Schicht Gromperen om Buadem, an dann fängt Gefummels aan rondrëm den Rand jiänn o Gromperen hiikant gestallt, an wanns du dir dann Poretten hëlls fällen déi Gromperen allegar ëm. Su datt ech firtischt bëssen Porett dran geleit han an Gromperen fir den Rand dann direkt mat bëssen Poretten gesteipt han. Wann datt dann bis steht den Buadem komplett mat Poretten bedecken. Dann eng Schicht Kiiss an ongeféier 1 véirel van der Royale drop schëdden. Als nächst dann rëm eng Schicht Gromperen an dobäi di ënnischt Schicht goud fest drecken, dann rëm Poretten, Kiiss an bëssen Royale. Am ganzen kommen 3 bis 4 Schichten ant Form an et jëtt mat enger Schicht Gromperen aafgeschloss.

datt soll dann ….
… ongeféier su ausgesehen.

Am waarmen Schiäffchen bei 160°C Ëmloft jëtt den Kousch dann ongeféier eng Stonn gebaasch. De Kousch aus dem Schiäffchen hualen an 10 Min, ruhen loossen.

Viraam zervéiren na mat gehacktem Péitersilich garnéiren.

An wann dann alles klappt…
an d’Royale fest jëtt, as datt Resultat.

Tipps

  1. Pass bëssen op datt Gromperenscheiwen ongeféier gleich dënn geschnidden sen, fir datt den Kousch hanneno gleichmässig gart.
  2. Suarig dofir datt Poretten grëndlich proper gewäsch sen, dachs as zwëschen den Bläder Sand oder Buadem.
  3. Kuck datt Schichten gleichmässig sen, an goud fest gedreckt sen. Aromen sollen sech durich deen ganzen Koousch verdeelen. Du kanns o na Porettenschicht würzen, well Gromperen äwer well beim virbaaschen gewürz sen an d’Royale o würzig as, muss et net sen, ech han et net gemaat.
  4. Behaal den Schiäffchen am Au, all Schiäffchen baasch annëcht, die iäwischt Schicht soll goldbrong jiänn.
  5. Loss den Kousch noom baaschen bëssen Ruhen, d’Aromen setzen sech su an du krëssen en besser aus der Form an o besser geschnidden.

Varianten

Mat Hamm oder Speck,

du kanns am Platz van den Poretten, Hamm dran leen oder Speckscheiwen, fir su na eng mi herzhaft Versioun ze kreien. Du kanns de Speck o na knusperig aanbrooden fir na eng zousätzlich Textur ze kreien.

Mat Fësch,

bei Poretten kanns du eng zousätzlich Schicht mat gereechertem Saumon leen.

Verschidden Zorten Kiiss,

experimentéier mat verschidden Kiisszorten, wie Emmentaler, Gouda, Geesekiss oder Gorgonzola.

Séissgromperen,

du kanns dësen Kousch o mat Séissgromperen maan, kombinéier se mat Cannelle an Muskot fir exotisch Aromen.

Mediterran,

hual Oliven, Knuawléck an mediterran Krégder wie Rosmarin an Oregano an Mozarella oder Parmesan fir en ze baaschen.

Gromperenkousch

Rezept von Josiane
Portiounen

6

Portiounen
Virberreedungszéckt

40

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

Zutaten

  • 3 Kg gruuss Gromperen, gewäsch, net geschiällt, an Scheiwen van 0,5 cm geschnidden

  • 350 g Poretten, gewäsch, an dënn Halefronselen geschnidden

  • Olivenualeg

  • Peffer & Salz

  • 300 g geriwwene Kiiss (Gruyère, Emmentaler, Gouda…)

  • gehackte Péitersilich fir Garnitur

  • Fir Royale
  • 400 ml Rahm

  • 4 Eier

  • Salz & Peffer

  • Muskot

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 160°C Ëmloft virwiärmen.
  • Gromperen fächerartig op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech leen, an fir ongeféier 25 Min. bis 30 Min. am waarmen Schiäffchen brooden.
  • Zutaten fir d’Royale goud mateneen vermëschen.
  • Eng Sprangform botteren an de Buadem mat enger Schicht Gromperen ausleen. Laanst de Rand Gromperenscheiwen hiikant stellen.
  • Eng Schicht Poretten dran leen su datt Gromperen om Buadem bedeckt sen, dann eng Schicht Kiiss drop an ongeféier 1/4 van der Royale drop schëdden. Dann rem eng Schicht Gromperen an alles goud fest drecken.
  • 3 bis 4 Schichten ant Sprangform leen an mat enger Schicht Gromperen aafschléissen.
  • Fir ongeféier 60 Min. am Schiäffchen bei 160°C Ëmloft baaschen.
  • Raus haulen an 10 Min. ruhen loossen. Vriaam zervéieren na mat gehacktem Péitersilich garnéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*