Genéissen van Gromperenpürée as eng äusserst befridigend Erfahrung, Gromperenpürée as crémig mam Geschmaasch van Botter, Mëlich an Gewürzer. Well bei der Zoubereedung rëcht een deen gouden Doft van frësch gekooschten Gromperen. Bei der ischter Forschette hat een eng Mëschung van Botterschmelz an deen natiirlechen Geschmaasch van den Gromperen op der Zong. Botter jëtt dem Pürée eng crémig Nuance, Salz an Muskot suarigen dofir datt alles richtig gewürzt as. Noom Ässen bleift een angenehmen liit salzigen Geschmaasch am Mond, deen den Genoss na ant längt zéiht. De Genoss van Gromperenpürée as eng sënnlich Erfahrung déi dachs mat positiven Emotiounen an Erënnerungen verbonnen as.
Hausgemaat vs. Industriell
Hausgemaat
Zutaten fir een crémigen Pürée:
Niäwent Gromperen brausch ech fir mein Pürée na Botter, Mëlich an Salz. Datt wor et dann well an mat dësen bëssen Zutaten mëchst du bestëmmt deng ganz Familjen fruh.
Ausserdeem brausch ech eent Dëppen, een Knäipchen, eng Gromperenpress oder een -stampfer an eng kleng Reiff fir Muskotnoss.
Zoubereedung
Du wonners dech villäicht firwatt datt ech festkooschend Gromperen hualen, durich Zoufall han ech dëst Rezept eng kéier an enger Sendung gesehen, an ech han festgestallt datt den Pürée vill besser schmëscht mat festkooschenden Gromperen.
Ech schiälen meng Gromperen net, ech setzen se mat kaalem Salzwaasser op an kooschen sen mëll.
Mëlich op niddirg Hëtzt opsetzen an de Botter an der Mëlich schmëlzen.
Mat enger Forschette oder engem Knäipchen kontrolléiren ech op Gromperen durich mëll sen. Wann d’Forschette ouni Drock durich Gromper stëcht sen se mëll.
Dann schiälen ech Gromperen an drecken se durich Gromperenpress oder Stampfen se zu Pürée. No an No Mëllich-Botter-Mëschung dobäi schëdden, bis di gewënschten Konsistenz erreecht ass.
Mat Salz an Muskot würzen.
Industrielle
Gromperen -Granulat oder -Flocken
- Vollmëlichpolwer, Mëlichpolwer besteht zu engem gruussen Deel aus Mëlichzocker
- Salz
- Dextrose, as Zocker
- natiirlecht Mineralsalz
- Stabilisatoren (Diphosphat), eent synthetischt Texturmëttel, de Pürée gesegt sching homogen aus.
- Verdéckungsmëttel (Guarkenmehl) as eent Geléier- oder Verdéckungssmëttel, watt ganz vill Waasser oder anner Flëssikeeten bënnt.
- Emulgatoren ( Mono- an Diglyceride van Speisefettsäuren), déinen dozou eng Emulsioun stabil ze halen.
- Aroma, as eng Konzentréiert Zoubereedung mat oder ouni Zousätz. Déi engem Liäwensmëttel een besonnechen Geroosch an/oder Geschmaasch jëtt.
- Curcuma déint douzou dem Pürée seng Faaref ze jiänn
- Antioxidationsmëttel (Natriummetabisulfit) as eent Liäwensmëttelkonservéirungsmëttel, eent Mëttel datt jären verschidden Symptomer, wie Hogtreizungen, Kappwii, Nesselsucht… ausliesen kann.
Tipps & Varianten
Dëst Rezept kanns du mat frëschen Krégder, Knuawléck, Kiiss oder anner Gewürzer variiéiren. Experimentéier bëssen an fann raus, watt dir am besten Schmëscht.
Entscheeds du dech, fir dein Pürée mat Peffer ze würzen, hei een klengen Tipp, hual bëssen Cayennepeffer, deen liist sech ganz op an du has keng schwarz Punkten an dengem Pürée.
Miähligkooschend Gromperen hualen mi Waasser op wie die festkooschend an verléiren su an Geschmaasch.
Gromperenpürée
Schwierigkeit: einfasch15
Minuten40
MinutenZutaten
1 kg Gromperen, festkooschend
Salz
200 ml Mëlich
150 g Botter
Muskot
Zoubereedung
- Gromperen mat der Schaal mat kaalem Salzwaasser opsetzen an mëll kooschen.
- Mëlich erwiärmen an den Botter an der Mëlich schmëlzen.
- Gromperen aafschëdden, schiälen an mam Stampfer oder an enger Gromperenpress püréiren.
- No an no Mëlich mat der Botter ënneréiren, bis den Pürée déi gewënschten Konsistenz hat.
- Mat Salz an Muskot würzen