Gyrosbrochetten

Wirklich genau kann een net soen ween de Gyros oder Kebab erfond hat. Et as eent beléiften Ässen an e jëtt an villen arabischen an osteuropäischen Länner gekooscht. Su jëtt an muslimischen Länner mat Kalef-, Rand-, Poulet- an Lammefleesch geschafft an anner Länner kënnt na Schwéngefleesch dobäi.

Wurop et äwer aankënnt sen Gewürzer, an do as et o net einfasch fir ze soen datt as et lo. All Land an Regioun hat seng eegen Mëschungen fir ze würzen.

Grondmëschung fir Gyros besteht aus:

  • vill Zitrounensaaft
  • bëssen Olivenualeg
  • vill Knuawléck
  • Ënnen
  • schwarzen Pefferkären
  • Kreuzkümmel (Cumin)
  • Oregano
  • Thymian
  • bëssen Rosmarin
  • Paprikapolwer
  • ganz bëssen Cannelle
  • bëssen Muskot

verfeinern oder änneren kanns du dës Mëschung na mat:

  • gehackten Péitersilich
  • gehackten Koriander
  • Chiliflocken
  • Cayennepeffer
  • fir Marinade ze maan kanns du na zousätzlich Joghurt hualen

Gewürzer

Gewürzer sen een gruussen Deel van enger gesonder Këchen. Sie suarigen net nëmmen fir een gouden Geschmaasch, sie han o vill anner postiv Eegenschaften.

Richtig würzen

Ässen as versalz! Ganz dachs jëtt dann den Geck mam Koosch gemaat, en wir verléift 😉 . Meestens kënnt et äwer do durich, datt beim würzen net genou geschmaascht jiänn as

– Grondreegelen beim würzen.

Salz & Peffer passen zu all Menü an sen o déi am meesten verschafften Gewürzer.

Gedrëchent Gewürzer, kann een well zimlech fréih an de Menü mëschen, die meest brauschen bëssen Zéckt fir hiren ganzen Aroma ze entfalen.

Frësch Krégder an Gewürzer rischt kuurz viraam Enn an mat moossen ënnert den Menü mëschen.

Suarig ëmmer dofir, datts du eent Hauptgewürz has, all die Anner sollen den Menü nëmmen aafronnen.

Würz nëmmen suvill, datt den Hauptgeschmaasch vam Menü bestoen bleift.

Durich réisteren kann een den Aroma an Goût van den Gewürzer verstiäriken, verschidden Gewürzer wie z. B.: Peffer, Paprikapolwer oder Knuawléck soll een äwer net schaaref aanbrooden, sie verbrennen direkt an jiän dann batter.

Net ze siier nowürzen, verschidden Gewürzer an Krégder brauschen Zéckt bis se hiren ganzen Aroma entfalen.

Datt wichtigst:

Schmaaschen, schmaaschen an schmaaschen. Nëmmen su fënns du raus, wie’s du würzen solls an op na eppes fehlt.

Fir Brochetten brausch ech:

  • Holzspiesser oder Metallspiesser
  • Pouletfilet
  • Zitrounensaaft, Olivenualeg
  • schwarze Pefferkären, Kreuzkümmel, Oregano, Thymian, Papikapolwer, Rosmarin, Cannelle, Salz an Muskot
  • Knuawléck
  • gehackten Péitersilich
  • rugden Paprika
  • Ënnen

Zoubereedung

De Poulet han ech an Würfel van ongeféier 2 cm geschnidden.

Die drëchen Gewürzer han ech all mateneen vermëscht.

Dann han ech Zitrouensaaft, den Olivenualeg, gehackten Knuawléck, Péitersilich an 2-3 TL van der Gewüzmëschung goud vermëscht an iwert den Poulet geschott.

Alles goud ant Fleesch anmasséiren an zougedeckt iwert Näit an den Frigo stellen.

Ënnen han ech an Véirel geschnidden an die eenzel Schichten auserneen gehollt.

De Paprika han ech an Stecker van ongeféier 1,5 cm-2 cm geschnidden.

Als nächst han ech alles opgespiesst, ëmmer am Wiässel, Ënnen, Fleesch, Paprika.

Op mëttel bis hiier Hëtzt gar brooden. Dobäi jëtt et hausgemaaten Fritten.

Gyrosbrochetten

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten
Marinéiren

12

Stonnen

zousätzlich brauchst du, Holz- oder Metallspiesser

Zutaten

  • 600 g Pouletfilet

  • 2 Ënnen

  • 2 Paprika, (rugd oder/an jiäll)

  • Gewürzmëschung
  • 2 EL Oregano

  • 1 EL Salz

  • 2 TL Paprikapolwer

  • 1 TL schwarz Pefferkären

  • 1 TL Kreuzkümmel

  • 1 TL Thymian

  • 0,5 TL Rosmarin

  • 1 Msp. Cannelle

  • 1 Msp. Muskot

  • Fir Marinade
  • Saaft van 1 Zitroun

  • 2-3 EL Olivenualeg

  • 4 Ziiwen Knuawléck

  • 2 EL gehackten Péitersilich

Zoubereedung

  • De Poulet an Würfel van ongeféier 2 cm schnégden.
  • Ënn schiälen, an véirel schnégden an die eenzel Schichten auserneen hualen.
  • De Paprika an Stécker van ongeféier 1,5 cm – 2 cm schnégden.
  • Gewürzmëschung
  • Sämtlich Gewürzer an Krégder mateneen vermëschen.
  • Marinade
  • Zitrounensaaft, Olivenualeg, Knuawléck an 3-4 TL van der Gewürzmëschung goud vermëschen.
  • Iwert den Poulet schëdden, goud anmasséiren an iwert Näit an den Frigo stellen.
  • Zoubereedung
  • Am Wiässel Ënnen, Fleesch, Paprikastécker op Spiesser opspiessen.
  • An enger waarmer Pann bëssen Olivenualeg erhëtzen an Brochetten do dran gar brooden.

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Poulet Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*