Hokt hualen ech dech mat an d’Vergangenheet, eng kleng Zéktréis an der d’Ässen na mat der Hand zoubereet jiän ass an all Zutat eng kleng Kostbarkeet wor. Dëst Rezept ass fir eent rustikal Gromperen-Gehacktes-Blech mat Poretten, et ass inspiréiert van der traditioneller Këchen: simpel, eierlich an voll Goût. Et brausch net wirklich moderne Schnick-Schnack, nëmmen paar frësch Zutaten, bëssen Handaarbicht an Léift.
Zutaten fir meng Gromper-Gehacktes-Blech mat Poretten
- Ënnen
- Knuawelek
- Gromperen, ursprünglich kënnt d’Gromper aus Südamerika, sie ass am 16ten Joerhonnert an Europa aankommen, äwer rischt am 18ten Joerhonnert hat sie sech bei der Bevölkerung durichgesatt an eng zentral Roll an der Verännerung van der europäischer Ernährung gespillt. An Zentraleuropa ass d’Gromper durich staatlich Initiativen gefördert jiän, sie ass produktiv an wiist op „aarmem“ Buadem.
Dësen Menü ass eent Beispill fir d’Integratioun van der Gromper, eng gënstig Grondlaag fir eent Ässen datt satt mëcht
- Gehacktes, Zerklengeren van Fleesch ass well am Mëttelalter als Fleeschfëllungen zoubereet jiän, an deen ländlichen Këchen wor et üblich gehackten Fleesch ze verschaffen an et su verdaulich ze maan, o aus deem Grond fir mannerwiärtigt Fleesch net mussen ze entsuarigen. D’Kombinatioun mat Poretten als würzigt Geméiss wor üblich fir Ässen, déi Goût an Nährwiärt béiden sollten.
- Poretten, Poretten gehiiren zu engem van deen älsten kultivéierten Geméisszorten an woren well an der Antik bekannt. Am Mëttelalter an, an der fréier Neizékt wor d’Porette an Europa wégt verbreet, sie ass robust, lang haltbar an voller Nährstoffer. D’Porette wor besonnig an deen ländlichen Këchen ze fannen, well et eent Geméiss ass, datt relativ einfasch aanzebauen ass.
- Salz
- Peffer
- Muskot
- Botterschmalz
- Bréit
- Dijon Moster
- Geriwene kiiss
D’Schichten van den Zutaten ass typisch fir d‘Baurekëchen. Dës Menüer woren einfasch zouzebreeden, sie sen nahrhaft an konnten an gruussen Mengen produzéiert jiän. Fierfest Formen oder Blecher sen dofir genotzt jiän, fir d’Ässen am Holzuawen oder op den Kualen zouzebreeden.
Een Menü deen die geschichtlich Entwéckelung, d’Verbreedung van der Gromper, datt einfascht verschaffen vam Gehacktes an d’Aapassung aan die einfasch Kooschmethouden mateneen verbënnt. Et ass eent wonnerbart Beispill, wie Innovatioun an Traditioun an der Këchen zesaammenfannen!
Zoubereedung
- D’Ënnen an den Knuawelek schiälen ech an hacken sen fein.
- D’Gromperen schiälen ech an schnégden se op der Mandoline an dënn Scheiwen.
- D’Poretten halbéiren ech längs, wäschen se grëndlich ënner fléissendem kaalen Wassser an schnégden se an Halefronselen.
An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Botterschmalz an brooden do dran d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien.
Subal déi schin goldbrong sen, mëschen ech den Knuawelek drënner an wann deen aafänkt mat rauschen kënnt well d‘Gehacktes dobäi, datt brooden ech alles aan bis et durich gar ass. Würzen mat Salz an Peffer.
De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
D’Baaschblech reiwen ech mat bëssen Botter an, an om Buadem verdeelen ech d’Gromperen an enger dënner Schicht. Déi würzen ech mat Salz, Peffer an Muskot.
An der Bréit liiesen ech den Mostert op an schëdden déi iwert d’Gromperen su datt déi just bedeckt sen.
Als nächst verdeelen ech d’Gehacktes driwer, om Gehacktes d’Poretten an ech schléissen mam geriwene Kiiss aaf.
Su setzen ech d’Blech fir ongeféier 60 Min. an deen waarmen Schiäffchen, bis d’Gromperen mëll sen an den Kiiss goldbrong.
Dëst Ässen passt wonnerbar zu enger, einfascher gréiner Zaloot, bëssen sauert Mouss an eent goud Glas Béier. Et ass deftig an mëcht satt!
Herzhaft Gromper-Gehacktes-Blech mat Poretten
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen30
Minuten1
StundeZutaten
1 Ënn, fein gehackt
1 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
2 Poretten, an Halefronselen geschnidden
500 g Gromperen, an dënn Scheiwen geschnidden
500 g Gehacktes
Salz
Peffer
Muskot
500 ml Bréit
2 TL Dijon Mostert
150 g geriwene Kiiss
Zoubereedung
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Botterschmalz an brooden do dran d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien.
- Subal déi schin goldbrong sen, mëschen ech den Knuawelek drënner an wann deen aafänkt mat rauschen kënnt well d‘Gehacktes dobäi, datt brooden ech alles aan bis et durich gar ass. Würzen mat Salz an Peffer.
- De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
- D’Baaschblech reiwen ech mat bëssen Botter an, an om Buadem verdeelen ech d’Gromperen an enger dënner Schicht. Déi würzen ech mat Salz, Peffer an Muskot.
- An der Bréit liiesen ech den Mostert op an schëdden déi iwert d’Gromperen su datt déi just bedeckt sen.
- Als nächst verdeelen ech d’Gehacktes driwer, om Gehacktes d’Poretten an ech schléissen mam geriwene Kiiss aaf.
- Su setzen ech d’Blech fir ongeféier 60 Min. an deen waarmen Schiäffchen, bis d’Gromperen mëll sen an den Kiiss goldbrong.
- Dëst Ässen passt wonnerbar zu enger, einfascher gréiner Zaloot, bëssen sauert Mouss an eent goud Glas Béier. Et ass deftig an mëcht satt!