Goldbrong gebrooden Grompere, zarten Chouxfleurs, deem ech o paar Röstaromen verpasst han, an würzigt Gehacktes vereent an enger cremiger Mostertzooss ass su eent richtigt Comfort Food. Segt Joerhonnerten jän an deen ländlichen Këchen Grompern, Chouxfleurs an Gehacktes verschafft – Zutaten déi an villen Regiounen liit an baal datt ganz Joer verfügbar sen an goud mateneen harmonéiren. Et ass een einfaschen an rustikalen Menü deen Gemütlichkeet ausdréckt an perfekt fir die kaal Zékt ass.
Zutaten fir meng hiärestlich Gromperen-Chouxfleurs-Pann
1. Gehacktes
Du kanns gemëschtent oder rengt Randsgehacktes hualen.
2. Gromperen
Fir dësen Menü béiden sech festkoochend Gromperen aan, sie behaalen am besten d’Form beim brooden oder kooschen.
3. Chouxfleurs
De Chouxfleurs brengt net nëmmen eng fein Textur an dësen Menü, en ass o räich aan Vitaminen an Ballaststoffer.
4. Ënnen an Knuawléck
Dës Klassiker duarefen an engem herzhaften Menü wie dësem net fehlen. Sie sen an dësem Menü die würzig Basis.
5. Wäissen Wéng
De wäissen Wéng jëtt der Zooss eng fein Saier an zousätzlichen Goût.
6. Bréit
Hei béid sech natiirlech eng Fleeschbréit aan, sie brengt een würzigen Aroma mat.
7. Botter an Miähl
Botter an Miähl vermëschen ech mateneen, datt ass fir meng Zooss ze bannen.
8. Schmand
De Schmand suarigt dofir datt Zooss cremig jëtt.
9. Mostert
Op mat Kären oder einfasch nëmmen Dijon-Mostert, oder die 2 Zorten gemëscht, sie ronnen dës Zooss aaf an suarigen fir bëssen Schiäreft. Mir perséinlich schmëscht den Mostert mat Kären net, ech fannen en schmëscht batter, dofir hualen ech nëmmen Dijon-Mostert.
Zoubereedung
- Gromperen schiälen ech an schnégden se an Würfel
- De Chouxfleurs zerdeelen ech an Ruussen an wäschen en grëndlich.
- D’Ënnen an den Knuawléck schiälen ech an hacken alles fein.
- an enger klenger Schossel mëschen ech den Botter mam Miähl.
An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel bis hii Hëtzt bëssen Botterschmalz an brooden do dran Gromperen bis sie sching goldbrong an mëll sen, datt hëllt bëssen Zéckt an aansproosch, et brengt dir äwer zousätzlich Röstaromen. Subal d’Gromperen aafänken Faaref ze kreien, driien ech d’Hëtzt bëssen raaf, salzen se liit an loossen se mëll brooden. Subal d’Gromperen mëll sen hualen ech se aus der Pann an stellen se op Ségt bis ech se brausch.
Iwerdeems d’Gromperen brooden, blanchéiren ech den Chouxfleurs fir ongeféier 5 Min. am kooschenden Salzwaasser. Deen schëdden ech aaf an subal d’Gromperen mëll sen oder an enger annerer Pann brooden ech den Chouxfleurs aan bis en aafänkt Faaref ze kreien. Deen hualen ech raus an stellen en op Ségt bis ech en brausch.
Als nächst brooden ech d’Gehacktes kräftig aan, würzen et mat Salz an Peffer. Datt hualen ech raus an stellen et op Ségt bis ech et brausch.
Dann brooden ech d’Ënnen op mëttel Hëtzt aan, bis se aafänken Faaref ze kreien, do drënner mëschen ech den Knuawléck, an subal deen aafänkt mat rauschen läschen ech datt Ganzt mat bëssen wäissem Wéng aaf, deen loossen ech ankooschen an schëdden dann Bréit drop an loossen déi opkooschen.
Zooss han ech mat bëssen Beurre Manié gebonnen, du kanns äwer o ganz einfasch 1 EL- 2EL Maizeena an 2 EL kaalem Waasser opliesen an deen drënner réiren. Ech han léiwer mi een botterigen Goût an eng blänkisch Zooss. Fir datt keng Klëmpercher entstinn setzen ech eng Passette ant Zooss an réiren su den Beurre Manié an meng Zooss.
Zooss schmaaschen an mat bëssen Thymian an evtl. na Salz an Peffer aaf. Subal Zooss aafänkt mi deckflëssig ze jänn, den Schmand dobaï schëdden an kuurz erwiärmen.
Dann mëschen ech den Mostert drënner, o wann den Dijon-Mostert goud fir waarem Zoossen ass, soll Zooss lo net mi kooschen, su behälls du deen besten Mostert-Goût an denger Zooss.
Zum Schluss mëschen ech sämtlich Zutaten ënner Zooss, vermëschen ech goud an erhëtzen et op niddriger Hëtzt.
Viraam zervéiren streien ech na bëssen gehackten Péitersilich driwer.
Tipps
Sollt Zooss ze deckflëssig sen, kanns du se mat bëssen Bréit oder Schmand längen.
Du kanns deng Gromperen o einfasch nëmmen kooschen, oder wanns du der na am Frigo vam Daag virdraan stoen has déi verschaffen.
Dësen Menü kann natiirlech o ganz annëcht zoubereet jänn, an deems du mat den Ënnen, Knuawléck an Gehacktes aanfänks, datt mat Miähl anstëps dann Bréit … En schmëscht su bestëmmt o ganz goud. Ech hualen mir léiwer Zékt an brooden alles eenzel aan, su kreien ech van allem Röstaromen, déi, mengem Goût no, dësen Menü na vill besser mëcht.
Varianten
De Mostert ass an Mëtteleuropa eng beléift Zutat fir herzhaft Menüer ze kooschen, verschidden Regiounen han léiwer deen séissen Mostert an annerer deen scharefen Dijon-Mostert. An ländlichen Regiounen kann Gehacktes o durich Brootwuuscht ersatt jänn. Am Platz vam Chouxfleurs kanns du all annner Zort Kappes hualen.
Hiärestlich Gromperen-Chouxfleurs Pann
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen40
Minuten30
MinutenZutaten
600 g Gromperen, gewürfelt
Botterschmalz
1 mëttelgruussen Chouxfluers (+/- 500 g), an Ruussen zerdeelt
500 g Gehacktes
1 Ënn, gehackt
2 Ziiwen Knuawléck, gehackt
50 ml wäissen Wéng
300 ml Bréit
30 g Botter an 30 g Miähl (Beurre manié) vermëscht
150 ml Schmand
Salz & Peffer
0,5 TL Thymian
1 EL Dijon-Mostert
gehackten Péitersilich fir Garnitur
Zoubereedung
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel bis hii Hëtzt bëssen Botterschmalz an brooden do dran Gromperen, wann sie afänken Faaref ze kreien, salzen ech se liit, driien Hëtzt raaf an loossen Gromperen mëll an goldbrong brooden. Déi hualen ech raus an stellen se op Ségt bis ech se brausch.
- Iwerdeems d’Gromperen brooden, blanchéiren ech den Chouxfleurs ongeféier 5 Min. am kooschenden Salzwaasser, deen schëdden ech dann aaf an brooden en o an bëssen Botterschmalz aan. Deen setzen ech op Ségt bis ech en brausch.
- Als nächst brooden ech d’Gehacktes kräftig aan, würzen mat Salz an Peffer subal datt durich gerbooden ass, hualen ech et aus der Pann an stellen et op Ségt bis ech et brausch.
- An der selwischter Pann, brooden ech d’Ënnen aan bis se anfänken Faaref ze kreien, dann mëschen ech den Knuawléck drënner an subal deen aafänkt mat rauschen läschen ech datt Ganzt mam wäissen Wéng aaf, deen loossen ech ankooschen.
- Lo schëdden ech d’Bréit drop, loossen déi kuurz opkooschen an bannen se mam Beurre Manié, subal Zooss aafänk mi déckflëssig ze jänn, schëdden ech de Schmand drop an würzen mam Thymian, an evtl. na mat Salz an Peffer.
- Dann mëschen ech den Mostert drënner, d’Zooss soll lo net mi kooschen, su behälls du deen besten Mostert-Goût.
- Zum Schluss mëschen ech sämtlich Zutaten drënner an erwiärmen alles ouni datt Zooss kooscht.
- Viraam zervéiren streien ech na bëssen Péitersilich driwer.