Kleng Bouletten “Toskana”

Kleng Bouletten, gewürzt mat Pesto Genovese an gebrooden ähnlich wie Kleng Bouletten “Toskana”, an enger würziger Tomatenzoss, iwerbaaschen mat Mozzarella. Et ass eng einfasch Zoubereedung, déi sech perfekt fir die siier Feierowendkëchen aanbéid.

Kleng Bouletten Toskana sen van der toskanischer Këchen inspriéiert, déi fir hir mediterran Aromen an frësch Zutaten bekannt ass. D’Kombinatioun aus Gehacktes mat Tomaten an Krégder spéielt die traditionell italienisch Këchen. Dëst ass bëssen mi eng modern Interpretatioun van deen klassischen Bouletten an weist, wie sech regional Rezepter am loof van der Zéckt wégder entweckelen kannen.

  • Toskana ass eng wonnersching Regioun an Italien, an ass bekannt fir hir moolerisch Landschaft. Die kulinarisch Traditioun zeechent sech durich frësch Zutaten, mediterran Aromen, einfasch an äwer lecker Menüer aus.
  • Meng kleng Bouletten Toskana sen mi eng modern Interpretaioun van deen klassischen Bouletten. An der toskanischer Këchen jänn d’Bouletten dachs mat Krégder, Tomaten an regionalen Gewürzer zoubereed.
  • Basis fir d’Bouletten ass goud Gehacktes, datt ech mat Pesto Genovese, Salz an Peffer gewürzt han an engem Ei an engem angeweechten Brigdchen vermëscht han.
  • Bei deene Rezepter déi ech am Netz fond han jänn Bouletten dachs an der Tomatenzooss gegart, well ech äwer jären d’Röstaromen mat an menger Zooss han, han ech se aangebrooden. Dann Zooss driwer geschott an mat Mozzarella iwerbaaschen.
  • Die kleng Bouletten “Toskana” sen herzhaft, saaftig an würzig. D’kombinatioun aus Gehacktes, Tomatenzooss an geschmolzene Mozzarella ass einfasch wonnerbar.

Fir dësen Menü ze kooschen brausch ech

  • eent Messer
  • eent Schnégdbrett
  • eent Dëppen
  • eng Pann
  • een Holzeläffel
  • eng Schossel
  • eng feierfest Form

Zoubereedung

Fir Zooss, hacken ech d’Ënnen an den Knuawléck kleng. Zelleriestangen schnégden ech an kleng Würfelen.

An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien, dann mëschen ech den Knuawléck drënner an brooden deen kuurz mat aan. Subal deen aafänkt mat rauschen mëschen ech den Zellerie drënner an dënsten datt Ganzt fir ongeféier 10 Min.

No deen 10 Min. schëdden ech Tomaten drop an loossen datt Ganzt opkooschen, würzen mat Salz, Peffer an italienischen Krégder. Driien Hëtzt dann raaf an loossen Zooss ongeféier 30 Min. op niddriger Hëtzt kooschen. Sollt se ze deckflëssig jänn, bëssen Waasser oder Bréit dobäi schëdden.

De Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen

Fir Gehacktes, ech koofen ëmmer ongewürztent. Weechen ech eent Brigdchen vam Daag virdraan an bëssen Mëlich an. Wann datt goud durich geweecht ass drécken ech et aus an leen et bei d’Gehacktes ant Schossel.

Gehacktes würzen ech mat Salz, Peffer, Pesto Genovese an ech mëschen 1 gehackt Ënn an d’Ei drënner. Datt kniädden ech alles goud durich su datt et goud vermëscht ass, an formen kleng Bouletten.

Bouletten driien ech am Miähl.

An enger waarmer Pann, erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden Bouletten all rondrëm kräftig aan, déi leen ech dann an eng feierfest Form.

Tomatenzooss schëdden ech iwert Bouletten, an den Mozzarelle zerappen ech driwer an verdeelen en.

Am waarmen Schiäffchen lossen ech datt Ganzt su lang baaschen, bis den Kiiss ganz geschmolz an goldbrong ass.

Dobäi sen et bei mir Krégdergromperen jänn, et passt äwer o Nuddelen, Reis oder einfasch mat Brugd.

Zutaten

Tipps

  1. Fir een gouden, reichen Geschmaasch ass et am besten gemëschtent Gehacktes ze hualen.
  2. Pass do drop op, die kleng Bouletten ongeféier gleich gruuss ze maan, fir datt se gleichmässig garen.

Varianten

Kleng Bouletten Toskana ass eent Rezept, datt et an vill verschidden Varianten jëtt. Du kanns z.B. o na Muurten mat an der Tomatenzooss kooschen. Oder am Platz van Tomaten aus der Bëchs hëlls du frësch Tomaten. Genausu kanns du o rengt randsgehacktes hualen, oder du forms deng Bouletten aus dem bannëchten van Salsiccia.

Kleng Bouletten “Toskana”

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

Zutaten

  • Fir Zooss
  • Olivenualeg

  • 1 Ënn, gehackt

  • 1 Ziif Knuawléck, gehackt

  • 1 Stang Zellerie

  • 400 ml Pelati (1 Bëchs)

  • Salz & Peffer

  • italienisch Krégdermëschung

  • Fir Bouletten
  • 1 Brigdchen vam Daag vridraan an bëssen Mëlich angeweecht an ausgedreckt

  • 600 g Gehacktes (am besten ongewürzt)

  • 1 Ënn, gehackt

  • 3 TL Pesto Genovese

  • 1 Ei

  • 1 TL Peffer

  • 1-2 TL Salz

  • bëssen Miähl

  • Olivenualeg fir ze brooden

  • 1 Boule Mozzarella

  • frëschen Basilikum fir Garnitur

Zoubereedung

  • Fir Zooss
  • An engem waarmen Dëppen den Olivenualeg erhëtzen an d’Ënnen aanbrooden bis se aafänken faaref ze kreien.
  • Den Knuawléck ënnermëschen an kuurz mat brooden. Den Zellerie ënnermëschen an datt Ganzt ongeféier 10 Min. dënsten.
  • Tomaten drop schëdden, opkooschen loossen an op niddriger Hëtzt ongeféier 30 Min. kooschen loossen. Mat Salz, Peffer an italienisch Krégdermëschung würzen.
  • Fir Bouletten
  • De Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • Gehacktes mam Brigdchen, dem Pesto, Peffer, Salz an Ei goud vermëschen an kleng Bouletten formen.
  • Am Miähl driien.
  • An enger waarmer Pann bëssen Olivenualeg erhëtzen an Bouletten all rondrëm aanbrooden.
  • An enge feirfest Form leen an Tomatenzooss driwer schëdden.
  • Den Mozzarella zerappen an driwer verdeelen.
  • Am waarmen Schiäffchen su lang baaschen bis den Kiiss geschmolz an goldbrong ass.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*