Fir all déi Fan van Knauwkléck sen, as datt hei genau datt richtigt.
Rezept as aafgeleet van deem italienschen Rezept “Patate Trifolate”. Ech han aan den Liäwensmëttel näist geännert. Während am italienischen Rezept Gromperen an der Schaal gekooscht, geschiält an gewürfelt jiänn, han ech meng an Spalten geschnidden an rii gebrooden.
Durich datt “rii” brooden ännert sech datt ganzt Rezept am Geschmaasch. Et jëtt alles op niddreger Hëtzt gebrooden, den Knuawléck verléiert sein schaarfen Geschmaasch an krëtt een liit séisslich nossigen Goût, deen richtig goud mat den Gromperen an dem Péitersilich harmonéiert.
Ech hualen:
- Gromperen
- Knuawléck
- Péitersilich
- Botter
- Olivenualeg
- Salz
Gekooscht han ech des Gromperen:
Gromperen han ech geschiält, an Spalten geschnidden, et as äwer egal wie se geschnidden jänn. Déi han ech grëndlich ënner fléissendem Waasser aafgewäsch an se goud aafdrëpsen gelooss.
De Knuawléck han ech kleng gehackt an mat paar Kären Salz fein zerriwen.
De Péitersilich han ech o kleng gehackt.
An enger waarmer Pann han ech Olivenualeg an Botter erhëtzt. Wann den Botter ganz geschmolz as leen ech Gromperen an Pann, déi schwenken ech mol firtischt goud an driien Hëtzt raaf op niddereg.
Déi han ech dann mol 15 Min. brooden gelooss, well ech doniäwent ëmmer anner Saaschen am friemelen sen, han ech o net wirklich will dran geréiert. Mol am laanst goen Pann eng kéier geschwenkt.
Als nächst han ech dann de Knuawléck mat dem Péitersilich drënner gemëscht. Pann goud geschwenkt datt sech alles vermëscht, liit gesalzen an op niddreger Hëtzt viraan brooden geloss. Ëmmer mol rëm Pann schwenken.
An datt as dobäi rauskommen, een Genoss.
Bis Gromperen mëll sen dauert et ongeféier 40 Min. hängt natiirlech o bësse van der Déckt van den Gromperen aaf. Kuck datt Stécker ongeféier gläichmässig déck geschnidden sen.
Knuawléckgromperen
Schwierigkeit: einfasch4
20
Minuten40
MinutenZutaten
1 kg Gromperen
2 El Botter
2 EL Olivenualeg
2 gehackten Ziiwen Knuawléck
1 gehackten Botte Péitersilich
Zoubereedung
- Gromperen schiälen, an die gewënschte Form schnegden an grëndlich ënner fleissendem Waasser wäschen, goud aafdrëpsen loossen.
- An enger waarmer Pann Olivenualeg an Botter erhëtzten.
- Gromperen an Pann leen an Pann goud schwenken. Hëtzt raaf op niddreg driien.
- Ongeféier 15 Min. su brooden loossen, heinsdo Pann schwenken.
- Dann den Knuawléck an den Péitersilich ënner mëschen, liit salzen an Gromperen na fir 25 Min. op niddreger Hëtzt brooden loossen. Ëmmer mol rëm Pann schwenken.
- Viraam zervéiren kann een na bëssen frëschen Péitersilich driwer streien.