Knoblauchbutter

Knuawlécks-Botter

Entdeck die köstlich Welt van der Knuawlécksbotter – eng verlockend Fusioun aus crémiger Botter an intensivem Knuawlécksgeschmaasch. An mengem Blogartikel deelen ech dëst einfascht Rezept mat dir. Loss dech van deem aromatischen Zauber van dëser selwergemaater Knuawlécksbotter inspiréiren an jëff dengem Ässen een onvergeeslichen Geschmaaschskick!

De genauen Ursprong van der Knuawléckbotter as net klor dokumentéiert, en as wahrscheinlich am Loof van der Zéckt durich verschidden Kulinarisch Traditiounen entstannen. Knuawlécksbotter as an bleift eng beléift Zoubereedung, die an villen Këchen weltwégt genotzt jëtt. Dësen Botter kënnt hirren Ursprong an der europäischer oder mediterraner Këchen han, hei zällt de Botter an de Knuawléck well ségt langem als kulinarisch Grondlaag.

Den Zauber van der Knuawlécksbotter

Deen légt wahrscheinlich an der einfascher an äwer stariker Kombinatioun van den Zutaten. Deen scharefen, aromatischen Geschmaasch vam Knuawléck verschmëlzt op harmonisch Art mat der crémigkeet van der Botter. Dës „magisch“ Mëschung jëtt all Ässen een intensiven an äwer ausgelaschenen Geschmaasch. D’Botter (Fett) as een Geschmaaschsverstärker, durich d’Verschmëlzen an d’Vermëschen entfaalt den Knuawléck sein ganzen Geschmaasch. Egal op en op eng Bottisch geschmiärt jëtt, op Geméiss oder Fleesch – de Knuawlécksbotter jëtt all Maufel een onverwiässelbaren köstlichen Aroma.

Zutaten

  • Knuawléck
  • Botter
  • Péitersilich
  • Salz & Peffer

Zoubereedung

Butter
Botter

De Botter hualen ech well fréih genou aus dem Frigo, fir datt en goud mëll jëtt. An der Këchmaschin oder mam Handmixer schloen ech Botter op bis se bal ganz wäiss as.

aufgeschlagene Butter
opgeschloen Botter

De Knuawléck hacken ech firtischt ganz fein an dann zerreiwen ech mam Messer bis eng richtig Paste entstannen as.

De frëschen Péitersilich hacken ech fein.

De Knuawléck, de Péitersilich, Peffer an Salz mëschen ech dann ënnert den Botter su datt alles goud mateneen vermëscht as.

Datt fëllen ech dann an eent Glas, datt loftdicht zou as an setzen et an de Frigo. Su han d’Aromen Zéckt fir sech mat der Botter ze vermëschen.

Tipps

  1. Hual frëschen Knuawléck an frësch Krégder, fir deen besten Geschmaasch ze kreien.
  2. Botter muss mëll sen, soss krëss du se net mam Mixer opgeschloen.
  3. Suarig dofir datt alles goud vermëscht ass, fir een gläichmässigen Geschmaasch ze garantéiren.
  4. Am normalen as den Knuawlécksbotter bis zu 2 Wooschen am Frigo haltbar. Et as wichtig datt den Botter an engem loftdichten Glas oder Dëppchen as fir eng Iwerdrooung vam Geroosch ze vermeiden. Falls du den Botter fir eng Länger Zéckt opbewaren muss kanns du en ganz einfasch an Portiounen anfréiren. Äiswürfeldëppercher eegnen sech dofir ganz goud.

Varianten

Mësch zousätzlich frësch Krégder wie Rosmarin, Thymian, Basilikum oder Bratzelen ënnert den Botter fir en na mi aromatisch ze kreien.

Mësch geriiwen Zitrounenzesten oder Zitrounensaaft ënnert den Botter fir een erfrëschende Geschmaasch.

Gemëscht mat Parmesan krëss du eng richtig würzig herzhaft Versioun.

Kombinéier frësch mediterran Krégder mat gehackten gedrëchenten Tomaten.

Fir mi wiäremt an dein Botter ze kreien kanns du bëssen Cumin ënnermëschen.

An natiirlech Hunneg an Mostert fir eng séiss-scharef-Versioun.

Knuawlécks-Botter

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch

Zutaten

  • 200 Knuawléck, zerriwen

  • 250 g mëllen Botter

  • 2-3 EL frëschen Péitersilich, gehackt

  • bëssen Salz & Peffer

Zoubereedung

  • De Knuawléck schiällen an fein zerreiwen.
  • De Botter an der Këchmaschin opschloen bis en wäiss as.
  • De Péitersilich fein hacken.
  • Alles mat der Botter goud vermëschen mat Salz an Peffer würzen an kaal stellen.

Notiz

    Hinterlasse einen Kommentar

    Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

    *