Knuawlécksbotter-Reis

Hogt weisen ech dir eng Variant van Reis, Reis kann wirklich jätt langweiliges sen, zemools, wann een nëmmen een einfaschen Pack hëllt an deen am Salzwaasser mëll kooscht. Den Pilawreis deen ech op mengem Blog han as well mi aromatisch wie deen einfasch gekooschten. Genausu den türkischen Reis, deens du o op mengem Blog fënns. Deen Reis deen ech Hogt kooschen jëtt na zousätzlich mat Knuawlécksbotter verfeinert. Begleet mech bëssen an loss dëch van deen intensiven Aromen verzauberen.

Zutaten

  • Langkärenreis
  • Ënnen
  • Bëssen Ualeg fir ze brooden
  • Waasser
  • Salz
  • Knuawlécksbotter
  • Péitersilich

Zoubereedung

Den Reis schëdden ech an eng Schossel an schëdden kaalt Waasser drop, do dran loossen ech en ongeféier 30 Min. stoen, dann wäschen ech en grëndlich ënner fleissendem kaalen Waasser aaf. Dachs as den Reis mat Gëftstoffer belast an wäschen hëleft fir een gruussen Deel dovaan looss ze jänn.

D’Ënnen hacken ech ech fein setzen dann een Dëppen op Kooschplaque an erhëtzen et. Subal datt waarem as erhëtzen ech den Ualeg an brooden op Mëttel Hëtzt d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien.

Als nächst mëschen ech den Reis drënner an brooden deen mat aa bis en glasig as. Dann schëdden ech d’Waasser drop. Verhältnis Reis zu Waasser as 1:2 datt heescht, een Deel Reis an zwee Deeler Waasser. Datt Salzen ech liit an loossen et kuurz opkooschen, driien Hëtzt dann ganz raaf op niddrig, leen een Deckel drop an loossen den Reis su lang kooschen bis Waasser absorbéiert as. Am normalen dauert datt 18 Min. bis 20 Min. Den Reis mat enger Forschette oplockeren.

Iwerdeems schmëlzen ech an enger Pann, op niddriger Hëtzt, de Knuawlécksbotter, bis deen aafänk mat spruddelen. Dann mëschen ech den Reis an bëssen gehackten Péitersilich drënner an schwenken Pann bis alles goud vermëscht as.

Dësen Reis passt goud bei…

  1. Zervéier dësen Reis als Beilaag bei gegrilltem oder gebroodenem Poulet oder bei een zarten Pouletfilet.
  2. Ganz goud passt dësen Reis bei all anneren Fleeschmenü oder Fëschmenü.
  3. Kombinéier dësen Reis mat gegrilltem oder gekooschtem Geméiss fir eng vegetarisch Optioun.
  4. Hual dësen Reis als Basis fir een indischen Curry oder een Eintopf.
  5. An natiirlech passt en zu mexikanischen Fajitas oder Enchiladas,

Experimentéier mat verschiddene Kombinatiounen an fann raus wat fir eng dir am besten schmëscht.

Tipps

Am besten as dësen Reis natiirlich mat hausgemaater Knuawlécksbotter.

Loss den Reis noom kooschen na 5 Min. bis 10 Min. ruhen, en gart su na viraan an gewënnt aan Konsistenz.

De Botter op niddriger bis mëttel Hëtzt schmëlzen, net datt den Knuawléck verbrennt an batter jëtt.

Dësen Reis lisst sech mat allen zesaammengesatten Botteren würzen, wie z.B. Krégder Botter, hei kanns du mat Rosmarin an Thymian experimentéieren. Oder due hëlls eng Zitrounenbotter. Bei engem Fëschmenü kanns du Hummerbotter hualen.

Knuawlécksbotter-Reis

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • 250 g Langkärenreis

  • 1 Ënn, gehackt

  • Ualeg fir ze brooden

  • 500 ml Waasser

  • Salz

  • 4-5 EL Knuawlécksbotter

  • 2-3 EL Péitersilich gehackt

Zoubereedung

  • Den Reis grëndlich wäschen.
  • An engem waarmen Dëppen de Ualeg erhëtzen an d’Ënnen do dran aanbrooden bis se aafänken Faaref ze kreien.
  • Den Reis drop schëdden an mat aanbrooden bis en glasig as.
  • Waasser drop schëdden, opkooschen loossen, liit salzen. D’ Hëtzt driien op niddrig raaf driien an mat Deckel den Reis su lang kooschen loossen bis Waasser komplett absorbéiert as. Den Reis mat enger Forschette oplockeren.
  • An enger Pann de Knualécksbotter op niddriger Hëtzt schmëlzen bis en aafänkt ze spruddelen.
  • Den Reis an den Péitersilich ënnermëschen an Pann goud schwenken bis alles vermëscht as.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*