Kotlette op flämisch Art

Datt Wuort Kotlette hat an der kulinarischer Welt mi Bedeitungen:

Fir eis as Kotlette entweder vam Schwéng, Kalef oder Schoof, panéiert oder net panéiert. Et as eent Steck Fleesch aus der Stammmuskulatur. Eng Rëpp oder eent Steck aus dem Genéck.

Den Naam Kotlette hat sein Ursprong aus dem Laténg “costa” watt suvill bedeit wie “Ségt” oder “Rëpp”

An der indischer Këchen, bezéiht sech datt englischt Wuort “cutlet” op eng vegetarisch Boulette, déi frittéiert jëtt.

Aus der osteuropäischer Këchen as datt Wuort “Kotlett” eng Bezeechnung fir kleng Bouletten aus Fleesch, déi gekooscht jiänn.

Den Ennerscheed zwëschen enger Kotlett an engem Steak as net su gruuss, et as dat selwischt Steck Feesch, just datt den Steak ausgebeent as.

Fir mengt Rezept brausch ech:

  • Kotletten
  • Äppel
  • Ualeg oder Botterschmalz fir ze brooden
  • Salz & Peffer

Gekooscht jëtt:

Datt ischt watt ech maan, meestens well den Owend virdraan, ech salzen Fleesch liit, an loossen et am Frigo durich zéihen. (Datt geht o wanns du Fleesch 1 Stonn viraam brooden salz an et bei Raumtemperatur durich zéihen liss, et as net graad selwischt wie wann et iwert Näit am Frigo as, mais Salz mëcht äwer sein Déinst.)

Salz mëcht während der Näit eng wonnerbar Aarbicht. Et zéiht ant Fleesch ann an kann sein ganzen Geschmaasch am Fleesch verdeelen. Et muss net vill Salz sen, bëssen Salz iwert Näit anzéihen loossen, verännert den Geschmaasch mi an besser, wie hanneno iwer Dësch vill Salz driwer streien.

Salz setzt den Osmoseprozess am Gang an et zéiht Waasser aus baal al Liäwensmëttel mat deem et an beréirung kënnt. – Dofir denken vill Lékt, datt Salz Ässen drëchen mëcht.

Firtischt mëscht Salz äwer eppes ganz annecht. Salz liist Proteinsträng zu enger Art Gel op, su datt déi d’Waasser beim Garen besser ophualen an bannen kann. Waasser liwert Fiitegkeet: et mëcht Fleesch zart an saaftig. Fleesch hat nët nëmmen mi Aroma, mais et as o mi zart.

Suvill zum Salz an die wonnerbar Aarbicht déi et mëcht.

Meng Kotlett hat dann o well Raumtemperatur aangehollt, ech pefferen se dann.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech Botterschmalz oder Ualeg, an brooden Fleesch van 2 Ségten kräftig aan.

Iwerdeems wu Fleesch aanbritt, wäschen an schnegden ech d’Äppel an dënn Spalten. Déi leen ich op Kotlett an setzen se bei 180°C Grad fir ongeféier 25 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

Natiirlech kann een lo na eng Zooss dobäi maan, mais fir mech verdiäreft datt de Menü, ech muss do keng Zoss dobäi han.

Kotlette op flämisch Art

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

25

Minuten

Watt brausch ech?

  • 4 Kotletten

  • 2 säierlich Äppel (Boscop)

  • Ualeg oder Botterschmalz

  • Salz & Peffer

Wie jëtt gekooscht

  • Kotletten salzen an 1 Stonn bei Raumtemperatur durich zéihen loossen.
  • De Schiäffchen op 180°C Grad virwiärmen
  • Äppel wäschen an dënn Spalten schnegden, evtl. bëssen Zitrounensaaft driwer drëpsen datt se net brong jiänn.
  • An enger waarmer Pann Ualeg oder Botterschmalz erhëtzen.
  • Kotletten kräftig aanbrooden.
  • Äppelspalten drop leen, am waarmen Schiäffchen ongeféier 20-25 Min. baaschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*