Kubanisch Mojo Zooss oder Marinade

Hogt sen ech ënnerweesch an der Karibik an beschreiwen dir eng Zooss oder Marinade fir Fësch, Geméiss oder Fleesch. Die kubanisch Mojo-Zooss as eent geschmaaschlicht Erliäfnis datt déif an der Geschicht an Kultur van dëser liäwiger Insel verwuurzelt ass. Ursprunglich stammt dës Zooss van deen kanarischen Inselen, van do aus ass se mat Anwanderer an Kuba kommen an am Loof van den Joerhonnerten hat sie eng eegen Identiéit aangehollt.

Dës Zooss, déi dachs zu Fësch, Geméiss oder Fleesch zervéiert jëtt, vereent d’Schiäreft vam Knuawléck, mat der Frëscheet van Zitrusfriischten an engem Hauch Krégder. Dës Zooss wärt dech an hirer Einfascheet an Intensitéiet iwerraschen.

Zutaten fir die kubanisch Mojo-Zooss

Fir eng authentisch Mojo-Zooss brausch ech Knuawléck an dovaan ganz vill, dann brausch ech frësch gepressten Orangenjus, am besten van sauren Orangen, fënns du där keng kanns du o séisser hualen an se mat frëschem Limettensaaft mëschen. Dann brausch ech na Olivenualeg, Cumin (Kreuzkümmel), gedrëchenten Oregano, Salz, schwarze Peffer. Optional kanns du na frësch gehackten Koriander an wanns du et jären mir scharef has, frësch rugd Chilischot ënnermëschen.

Fir datt meng Marinade jätt jëtt, brausch ech eent Schnégdbrett, eent schareft Messer, eng Schossel an den Stabmixer.

Zoubereedung

De Knuawléck schälen ech an drecken en mat der platter Ségt vam Messer platt, dann hacken ech en graff an leen en an eng Schossel. Do mëschen ech Salz, Cumin, Oregano an den Peffer drënner. Wanns du Chili dobäi wëlls han deen dann o mat drënner mëschen.

Als nächst schëdden ech deen gepressten Jus drop an mixen alles mam Stabmixer. Den Olivenualeg schëdden ech ënner stännigem réiren drënner su datt eng Emoulsion entsteht. Schmaaschen an evtl. na nowürzen. Sie schmëscht ganz angenehm fruuchtig an natiirlech noom Knuawkléck.

Do dran kanns du lo dein Fësch, Geméiss oder Fleesch marinéiren, du kanns se als Dip bei Gegrilltem notzen oder sugar als Zooss fir op eng Zaloot. Fir op Zaloot kanns du o na eng gehackten Ënnen oder Schalott ënnermëschen.

Zum Schluss deen frëschen gehackten Koriander ënnermëschen.

Tipps

Hual suvill frësch Zutaten wie miilisch, fir deen besten Geschmaasch ze kreien.

Solls du keng sauer Orangen fannen kanns du o séisser hualen an se mat bëssen Limettensaaft mëschen.

Wanns du zimlich fettigt Fleesch oder Fësch has, hual nëmmen Halschent vam Olivenualeg. Ganz ouni Ualeg geht et net well den Ualeg den Schlëssel ass fir datt mi drëchent Fleesch saaftig bleift.

Kubanisch Mojo Zooss oder Marinade

Schwierigkeit: einfasch

Zutaten

  • 10 Ziiwen Knuawkléck, graff gehackt

  • 200 ml sauren frësch gepresseten Orangenjus

  • oder 130 ml séissen Orangenjus mat 70 ml frëschen Limettensaaft

  • 120 ml Olivenualeg

  • 1 TL gemahlenen Cumin (Kreuzkümmel)

  • 1 TL gedrëchenten Oregano

  • 1,5 TL Salz

  • 1 TL schwarze Peffer

  • optional: 1 rugd Chulischot, entkärt

  • optional: frëschen Koriander, gehackt

Zoubereedung

  • De Knuawléck, die ganz Gewürzer an evtl. Chilischot an eng Schossel leen an den Orangenjus drop schëdden.
  • Mam Stabmixer püréiren an ënner stännigem réiren den Olivenualeg dobäi schëdden, su datt eng Emoulsioun entsteht.
  • Zum Schluss, wanns du wëlls den Koriander ënnermëschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*