Fir meng Zopp brausch ech?
- Hokkaido Kürbis
- Knollenzellerie
- Geméissbréit
- Ingwer
- Schalotten
- Tomaten
- Currypolwer
- Kurkuma
- Thymian
- Chiliflocken
- Zitrounensaaft
- Salz & Peffer
Wie fänken ech aan?
De Kürbis goud wäschen, en brausch net geschiält ze jiänn. Halbéiren an entkären, dann schnegden ech en an graff Würfelen.
Den Zellerie schiälen ech an o a Würfelen schnegden.
Tomaten halbéiren ech an schnegden den Stronk raus.
Schalotten jiän geschiällt an halbéiert.
Datt ganzt Geméiss verdeelen ech op 1 oder 2 Baaschplaquen, et soll net zevill openeen leien. Am virgewiärmenten Schiäffchen bei 200 ° Grad jëtt et dann geréistert bis et eng sching brong Faaref krëtt.
Iwerdeems schnegden ech den Ingwer an kleng Stecker.
Wann Geméiss dann färdeg as, maan ech alles an eent gruust Dëppen, schëdden Geméissbréit, Gewürzer an Zitrounensaaft drop an lossen datt Ganzt opkooschen.
No enger halwer Stonn hualen ech den Thymianast raus an püréiren Zopp. Schmaaschen an evtl. Nowürzen.
Kürbis-Zellerie-Zopp
Schwierigkeit: einfasch7
1
Stunde30
MinutenZutaten
800 g Hokkaido Kürbis
600 g Knollenzellerie
4 Tomaten
2 Schalotten
3 L Geméissbréit
Saaft van 1 Zitroun
40 g Ingwer
2 TL Kurkumapolwer
1 TL Currypolwer
Salz & Peffer
0,5 TL Chiliflocken
2 Thymianäst
Zoubereedung
- De Schiäffchen op 200° grad virwiärmen
- Kürbis an den Sellerie, wäschen, schiälen an an graff Stecker schnegden.
- Schalotten schiälen an halbéiren. Tomaten halbéiren an den Stronk raus schnegden.
- Geméiss op 1 oder 2 Baaschplaquen verdeelen, su datt et net zevill openeen legt. Ongeféier 1 Stonn am waarmen Schiäffchen réisteren.
- Iwerdeems den Ingwer kleng schnegden.
- Geméiss zesaammen mat den Gewürzer, dem Zitrounensaaft an eent grusst Dëppen leen. Geméisbréit drop schëdden. Opkooschen loossen.
- No 30 Min. Thymianäst raushualen an Zopp püréiren.
- Schmaaschen evtl. noowürzen.
Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten