Mediterran Marinade

Hogt hualen ech dech mat an d’Welt van deen mediterranen Aromen mat enger Marinade fir Fleesch oder Geméiss.

Die mediterran Këchen ass bekannt fir hir frësch Zutaten, aromatisch Krégder an d’Verwendung van gesondem Ualeg. Well ségt Joerhonnerten notzen d’Lékt rondrëm Mëttelmiär datt watt d’Natur hinne jëtt, fir einfaschen Zutaten an exquisit Menüer ze verwandelen. Déi Mariande déi ech hei beschreiwen spéijelt dës Traditioun an brengt een Hauch Geschicht op dein Teller.

Tipps

  1. Hual am besten frësch Krégder fir deen besten Geschmaasch ze kreien. Ass datt net miilisch kanns du dës Marinade natiirlech o mat gedrëchenten Krégder Zoubereeden.
  2. Am besten ass et ëmmer d’Fleesch iwert Nait ze marniéiren. Wann datt äwer net miilisch ass, d’Fleesch op mannst 30 min. an der Marinade durichzéien loossen.
  3. Fir datt d’Gewürzer na besser ant Fleesch anzéeien kanns du datt goud mat der Marinade vermëschtent Fleesch vakuuméiren an su am Frigo durich zéien loossen.
  4. Geméiss iwert Nait an der Frigo stellen oder op mannst 2 Stonnen an der Marinade durich zéihen loossen.

Varianten

Datt hei ass eng ganz einfasch mediterran Marinade, vill Regiounen an Länner déi rondrëm Mëttelmiär leien han hir ganz eegen Marinaden déi van dëser aafgeleet jänn.

  • Die griechisch Zitrounen Marinade: Zousätzlich zu dësem Rezept kanns du na 1 gehackten Ënn an evtl. 150 g griechischen Joghurt ënnermëschen. Ausserdeem jänn hei na jären Zitrounenspalten zousätzlich mat dobäi geleit.
  • Die italienisch Balsamico Marinade: Am Platz vam Zitrounensaaft kanns du hei Balsamcio-Essig mat drënner mëschen an zousätzlich zu den Krégder 1 EL frësch gehackten Basilikum.
  • Die spanisch Paprikamarinade: Zousätzlich zu dëser Mëschung kënnt na 1 TL gereechert Paprikapolwer, 1 gehackten Ënn an am Platz vam Zitrounensaaft, Rugdewéngessig an wanns du bëssen mi Faaref wëlls kanns du na 1 EL Tomatenpürée drënner mëschen.  

Du kanns d’Marinaden natiirlech ganz dengem Geschmaasch aanpassen, andeems du z.B. fir bëssen mi Feier na zousätzlich Chili mat drënner mëchs. Genausu kanns du Quantitéit van den Krégder, dem Salz an dem Peffer aanpassen. Experimentéier an fann raus wat fir eng Mëschung dir am besten schmëscht.

Mediterran Marinade

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch

Zutaten

  • 2-3 Ziiwen Knuawléck

  • 1 TL Salz

  • 1 EL frëschen Oregano

  • 1 EL frëschen Thymian

  • 1 EL frëschen Rosmarin

  • 60 ml Olivenauleg

  • Saaft van 1 Zitroun

  • 0,5 TL bis 1 TL schwarze Peffer

Zoubereedung

  • De Knuawéck schiälen ech an mam Salz zerreiwen ech en am Mörser zu enger feiner Past.
  • Die frësch Krégder strëppen ech an hacken alles kleng.
  • An enger Schossel mëschen ech den Olivenualeg mam Zitrounensaaft.
  • Als nächst mëschen ech de Knuawléck, die frësch Krégder an den Peffer drënner.
  • Goud verréiren su datt eng homogeen Mëschung entsteht.
  • D’Fleesch dran leen an d’Marinade goud anmasséiren. Zougedeckt, iwert Nait an den Frigo stellen.
  • Geméiss mat der Marinade mëschen an iwert Nait an de Frigo stellen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*