Papillote mat Poulet an Geméiss

Zarten Poulet jëtt mat Geméiss an Gromperen an engem Päckchen gegart! Hei ass den Pack äwer net ganz zou, van ënnen gart alles am eegene Saaft an van Uawen jëtt alles iwerbaaschen.

Am Sëlwerpapeier oder am Baaschpapeier loossen sech am Nu aromatisch Menüer zauberen. Ob Fleesch, Fësch, Geméiss oder/an Obst, pur, marinéiert oder gefëllt – Garen am Päckchen ass gesond, einfasch an eng wonnerbar Garmethoud.

Et ass erstaunlich watt een alles mat engem Steck Baaschpapeir oder Sëlwerpapeier maan kann! Die köstlich Aromen an Garflëssigkeet bleiwen an dësem Pack. Zutaten wie Fësch oder Fleesch behaalen hiren eegene Geschmaasch an beiwen zart an saaftig. Geméiss bleft knackig an d’Obst schmëscht angenehm mëll. Ausserdem bleiwen wichtig Nährstoffer erhaalen.

An den Pack jëtt gefëllt watt schmëscht, rii oder well virgegart, marinéiert oder nëmmen gewürzt mat Salz an Peffer, bal all Zutaten eegnen sech fir an den Pack ze fëllen.

Gegart jëtt ëmmer am virgewiäremten Schiäffchen bei 200°C. Garzéckt hängt ëmmer dovaan aaf, watt am Pack ass.

Fir dësen Menü ze kooschen brauchst du:

  1. Baaschpapeier
  2. Këcheschnouer
  3. Baaschblech
  4. Messer an Schnégdbrett

Zoubereedung

De Poulet marinéiren ech iwert Nait an enger Marinade aus gehacktem Knuawléck, Rosmarin, Thymian, Salz, Peffer, Olivenualeg, Zitrounensaaft an Dijon-Mostert.

Den Baaschpapeier faalen ech zesaammen an fixéiren die 2 Enner mat Këcheschnouer. Den Papeier drecken ech dann an der Mëtt liit auserneen.

De Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.

Gromperen schiälen ech an schnégden se an ongeféier gleich gruuss oder kleng Würfelen. An enger Schossel mëschen ech Gromperen mat bëssen Olivenualeg, Salz an Peffer, déi verdeelen ech dann op die eenzel Päck an setzen déi well fir ongeféier 15 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

Iwerdeems schnégden ech Muurten, Courgetten an d’Ënnen an dënn Streifen.

Datt ganzt Geméiss vermëschen ech mateneen an enger Schossel an würzen liit mat Salz an Peffer.

Gromperen hualen ech aus de Schiäffchen an verdeelen Geméiss iwert den Gromperen, do drop leen ech deen marinéierten Poulet, maan den Pack äwer net ganz zou an brooden datt Ganzt fir ongeféier 45 Min. am waarmen Schiäffchen.

No deen 45 Min. han ech dann na Raclette-Kiiss drop geleit, du kanns äwer o all anneren Kiiss hualen. Den Schiäffchen han ech op Grillfunktioun ëmgestallt an datt Ganzt fir ongeféier 15 Min iwerbaasch.

Ankoofslest

  • Poulet
  • Courgetten
  • Muurten
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Rosmarin an Thymian
  • Salz an Peffer
  • Olivenualeg
  • Zitrounen
  • Dijon-Mostert
  • Baaschpapeier
  • Këchenschnouer

Tipps

  1. Pass do drop op, Geméiss an ongeféier gläich gruuss Stécker ze schnégden, fir datt alles gläichmässig gart.
  2. De Papeir suarigt dofir, datt alles am eegene Saaft gart an d’Aromen sech su verbannen an vermëschen.

Varianten

Dës Päckercher kanns du mat allem fëllen watt schmëscht. Fir mi een mediterrane Geschmaasch kanns du Oliven, Tomaten an Feta ënnermëschen.

An der Normandie jëtt jären bëssen Cidre ënnergemëscht fir su een fruuchtigen Aroma ze kreien.

Papillote mat Poulet an Geméiss

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

Zutaten

  • 4 Pouletfielt

  • 1 kleng Courgette, an dënn Streifen geschnidden

  • 1 Muurte, an dënn Streifen geschnidden

  • 1 Ënn, an dënn Streifen geschnidden

  • 500 g Gromperen, kleng gewürfelt

  • 2 EL Olivenualeg

  • Salz & Peffer

  • 4 Bläder Baaschpapeier

  • Fir Marinade
  • 3 EL Olivenualeg

  • Saaft van 1 Zitroun

  • 2 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • 1 TL Rosmarin

  • 1 TL Thymian

  • 1 TL Salz

  • 0,5 TL Peffer

Zoubereedung

  • Sämtlich Zutaten fir Marinade goud mateneen vermëschen an den Poulet iwert Nait do dran marinéiern. Op mannst 30 Min. marinéiren.
  • De Baaschpapeier faalen an d’Enner mat Schnouer fixéiren.
  • De Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischhëtzt virwiärmen.
  • Gromperen mam Olivenualeg, Salz an Peffer vermëschen an op die verschidden Päck opdeelen. Fir ongeféier 15 Min. an deen waarmen Schiäffchen stellen.
  • Geméiss an enger Schossel mateneen vermëschen, liit Salzen an Pefferen an iwert den Gromperen verdeelen.
  • Deen marinéierten Poulet drop leen, de Pack äwer net ganz zou maan. Am waarmen Schiäffchen ongeféier 45 Min. baaschen.
  • No deen 45 Min. den Schiäffchen op Grillfunktioun ëmstellen. Om Poulet Kiiss verdeelen an fir 15 Min. iwerbaaschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*