Shakshouka

Bei dësem Menü han ech mech beanflossen lossen van Social Media, eent einfascht Rezept voll Aroma. Et kann als Frühstück oder als Menü gäss jänn. Dëst Ässen hat seng Wuurzelen an Nordafrika an am Nohen Osten. Eng bont Mëschung aus Paprika, Tomaten, Eier an Péitersilich, déi einfasch zouzebreeden ass an goud schmëscht.

Shakshuka ass eng Spezialitéit aus der nordafrikanischer an der levantinischer Këchen. Ähnlich deem tükischen Ässen “Menemen”. Aus dem arabischen iwersatt heescht “Shashuka” suvill wie “Mëschung*.

D’Ässen besteht aus Eier déi an enger Tomaten- oder Tomaten-Paprika-Zooss pochéiert jänn. Et jänn Varianten mat Merguez oder der spanischer Chorizo. Zervéieren kann een dëst Ässen mat Fladenbrugt oder einfasch Baguette.

fir dëst Ässen ze kooschen brauchst du:

  • eng gruuss Gossenpann
  • een Holzeläffel
  • eent Messer
  • eent Schnégdbrett

Zoubereedung

Wie ëmmer fänken ech mat der Schnibbelaarbicht aan.

De Knuawléck an d’Ënnen schiälen ech an hacken se fein.

De Paprika wäschen ech grëndlich ënner fleissendem kaalen Waasser, dann entkären ech den Paprika an schnégden en an dënn Streifen.

Tomaten wäschen ech grëndlich, halbéiren sen, schnégden den Stronk raus an schnégden se dann an Würfel.

Gewürzer mëschen ech mir beineen an engem klengen Dëppchen. Datt maan ech, well ech Gewürzer mat brooden, mëchs du se eenzel drënner kann dir een Deel well verbrannt sen ärs du Gewürzer all ënnergemëscht has.

De Péitersilich hacken ech fein.

Gossenpann setzen ech op Kooschplaque an erhëtzen se op mëttel Hëtzt, do drann erwiärmen ech bëssen Olivenualeg an brooden d’Ënnen bis se aafänken Faaref ze kreien.

Dann mëschen ech den Knuawléck drënner, subal deen aafänkt mat rauschen mëschen ech Gewürzer drënner, déi brooden ech nëmmen kuurz mat aan. Bei den Gewürzer ass et wie beim Knuawléck, subal se rauschen den Paprika ënnermëschen.

De Paprika brooden ech ongeféier 5 Min. op mëttel Hëtzt. Dann mëschen ech Tomaten drënner, driien Hëtzt rop, loossen datt Ganzt opkooschen an driien Hëtzt dann rëm raaf.

Dës Zooss lossen ech ongeféier 20 Min. op mëttel bis hii Hëtzt kooschen fir datt se ongeféier 1/3 ankooscht. Ëmmer mol rëm dran réiren. Schmaaschen an evtl. bëssen nowürzen.

Mat Hëlef van engem Läffel maan ech paar Verdéiwungen an Zooss, do dran schloen ech Eier op.

Mat Deckel pochéiren ech d’Eier bis datt Wäisst fest ass an d’Eijäll na flëssig. Am besten picks du mat engem Kneipchen ant Ei fir datt ze kontrolléiren. Do aknn ech dir leider keng genau Zéckt soen, bei mir duaref Eijäll net flëssig sen 😉 .

Garnéiert mat frëschem Péitersilich jëtt den Shakshouka mat Brugd direkt aus der Pann gäss.

Ankoofslëst

  • Olivenualeg
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • rugden, gréinen an jiälen Paprika
  • Tomaten
  • Eier
  • Péitersilich

Gewürzer

  • Salz & Peffer
  • Cumin (Kreuzkümmel)
  • Paprikapolwer

Tipps

  1. Hual frësch an zégdig Tomaten, fir su deen besten Geschmaasch ze kreien.
  2. Pass Gewürzer dengem Geschmaasch aan
  3. Beim Pochéiren van den Eier den Deckel drop leen, fir datt Eier gläichmässig garen.

Shakshouka

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • Olivenualeg fir ze brooden

  • 1 Ënn, gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawkléck, gehackt

  • 1 rugd Paprika, entkärt an dënn Streifen geschnidden

  • 1 jiäll Paprika, entkärt an dënn Streifen geschnidden

  • 1 gréin Paprika, entkärt an dënn Streifen geschnidden

  • 8 Eier

  • 1 TL Salz

  • 1 TL Peffer

  • 1 TL Cumin

  • 1 TL Paprikapolwer

Zoubereedung

  • An enger waarmer Gossenpann den Olivenualeg op mëttel Hëtzt erwiärmen. D’Ënnen aanbrooden bis aafänken Faaref ze kreien.
  • De Knuawléck drënner mëschen, subal deen aafänkt mat rauschen Gewürzer kuurz mat aanbrooden.
  • Als nächst den Paprika ënnermëschen an deen ongeféier 5 Min. brooden.
  • Tomaten drop schëdden, Hëtzt rop driien an opkooschen loossen. Dann Hëtzt rëm raaf driien an Zooss ongeféier 20 Min. op mëttel bis hii Hëtzt ouni Deckel kooschen loossen, su datt se ongeféier 1/3 ankooscht.
  • Ëmmer mol rëm dran réiren, schmaaschen evtl. noowürzen.
  • Mat Hëlef van engem Läffel, Verdéiwungen ant Zooss maan, an do dran d’Eier opschloen. Mat Deckel d’Eier su lang pochéiren bis datt Wäisst fest ass, Eijiäll äwer na flëssig.
  • Mat frësch gehacktem Péitersilich garnéiert direkt aus der Pann mat Fladenbrugd oder Baguette zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*