Pasta mat Gourgetten

D’Lieblingsässen van ganz vill Léckt ass Pasta, viraan allem Kanner jiffen all Daag Nuddelen ässen. Fir mech sen datt Rezepter, wann et am Alldaag mol enge kéier mi Hektisch ass, an du wëlls einfasch eppes waarmes zwëschent Zänn, watt siier zoubereed ass an net zevill Aarbicht mëcht. Trotzdem well ech net op Geschmaasch an Aroma verzichten.

No engem hektischen Daag jëtt et naist Besseres wie eent siiert an äwer köstlicht Ässen, ob fir Mëttes oder Owes. Mengt Rezept fir Genuddels mat Gourgetten ass do genau datt Richtigt! Mat winigen Zutaten an minimalem Obwand hass du ganz siier een Menü om Dësch stoen, deen net nëmmen köstlich ass, mais o gesond. D’Kombinatioun aus al dente gekooschten Nuddelen, Courgetten an italienisch Gewürzer, bëssen Parmesan béiden een perfekten Aafschloss vam Daag.

Fir meng Pasta mat Gourgetten brausch ech

Aus dem Buttik brengen ech mir Nuddelen, dobäi ass et egal watt fir eng Nuddelen datts du hëlls, ech han dës kéier Rigatoni gehollt. Dann brausch ech na Gourgetten, italienisch Krégdermëschung, bëssen Olivenualeg, Knuawléck, Salz, Peffer an Parmesan. An fir Garnitur Péitersilich.

Fir datt alles gelengt brausch ech eent Messer, eent Schnégdbrett, eng Mandolin, eng Kiisreiff, eent gruust Dëppen an eng Pann.

Zoubereedung

Gourgetten wäschen ech grëndlich halbéiren se längs an schnégden se op der Mandoline dënn Halefscheiwen. De Knuawléck schiälen ech an hacken en fein.

Dann setzen ech eent Dëppen mat goud gesalzenem Waasser op an loossen datt kooschen.

Iwerdeems erhëtzen ech an enger waarmer Pann op mëttel Hëtzt bëssen Olivenualeg, do dran réisteren ech den Knauwléck an die italineisch Krégder aan. Ëmmer oppassen datt dir näist verbrennt. Dann mëschen ech Gourgetten drënner an vermëschen alles goud mateneen, déi lossen ech op niddrige bis mëttel Hëtzt brooden an würzen se mat Salz an Peffer.

Subal d’Waasser kooscht, schëdden ech Nuddelen dran an kooschen se no Packaaweisung al dent.

No der Halschent van der Kooschzéckt hualen ech eng Lousch Nuddelwaasser an schëdden déi bei d’Gourgetten.

Wann Nuddelen al dente sen, schëdden ech se aaf an mëschen se ënner Gourgetten an der Pann. Dann mëschen ech frësch gerriwene Parmesan drënner, driien Hëtzt aus an schwenken Pann bis den Kiiss geschmolz ass an eng crémig Zooss, déi Nuddelen perfekt ëmmantelt, entstannen ass.

Zum Schluss mëschen ech na deen gehackten Péitersilich drënner, verdeelen alles op Telleren an streien an bëssen frëschen Parmesan driwer.

INFO: Wanns du eng färdig italienisch Gewürzmëschung aus dem Buttik hëlls, pass mam salzen op an deen färdigen Mëschungen ass dachs ganz vill Salz dran.

5 Grënn déi fir dës Pasta schwetzen

  1. Siier an einfasch: Fir des Pasta mat Gourgetten zouzebreeden brauchs du mol keng halef Stonn. Perfekt fir noom hektischen Alldaag jätt leckeres op den Dësch ze zauberen.
  2. Gesond Zutaten: Gourgetten sen kalorienaarem, reich aan Vitamen an Ballaststoffer. Zesaammen mat hiiwärtigen Nuddelen an Krégder krëss du su eent gesond Ässen op dein Teller.
  3. Aromen: D’Kombinatioun aus deene mëllen liit séissen Gourgetten, mat italienischen Krégder, Knuawléck, Olivenualeg an frëschem Parmesan suarigt fir deen besten Geschmaasch.
  4. Aanpassbar: Dëst Rezept lisst sech liit variiéiren an su dengem Perséinlichen Geschmaasch aanpassen. bei den Varianten fënns du Iddien wie’s du dësen Menü ganz dengem Goût aanpassen kanns.
  5. Bëssen Italien: Mat nëmmen paar Zutaten zauberst du een Menü op dein Dësch deen dir bëssen Italien an deng Këchen brengt.

Varianten

  • Mësch bëssen Pancetta oder Guanciale drënner, fir denger Pasta een herzhaften rustikalen Geschmaasch ze jänn.
  • Du kanns dës Pasta mat zousätzlich gedrëchenten Tomaten an Oregano ergänzen fir deen mediterranen Aroma.
  • Fir mi eng reichhaltig Zooss kanns du bëssen Rahm oder eng Zooss mat Gorgonzola kooschen an mat den Nuddelen an Gourgetten mëschen.

Pasta mat Gourgetten

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

10

Minuten
Kooschzéckt

15

Minuten

Zutaten

  • 800 g Pasta

  • 2 – 3 Gougetten, an dënn Halefscheiwen geschnidden

  • Olivenualeg

  • 3 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • 2 Tl Italienisch Krégdermëschung

  • Salz

  • schwarze Peffer

  • 150 g frësch gerriwene Parmesan

  • 1 Botte gehackten Péitersilich

Zoubereedung

  • Ech setzen eent gruust Dëppen mat goud gesalzenem Waasser op an loossen datt opkooschen.
  • Iwerdeems erhëtzen ech en enger waarmer Pann bëssen Olivenualeg an réisteren do dran op mëtteé Hëtzt den Knuawléck an die italienisch Krégder aan.
  • Als nächst mëschen ech Gourgetten drënner an brooden dèi op niddrig bis mëttel Hëtzt, würzen mat Salz an Peffer.
  • Subal d’Waasser kooscht, kooschen ech d’Nuddelen no Packaweisung al dente. No der Halschent van der Kooschzéckt schëdden ech eng Lousch Nuddelwaasser bei Gourgetten.
  • Wann Nuddelen al dente sen aafschëdden an ënner Gougetten an der Pann mëschen.
  • Hëtzt ausdriien an de Parmesan ënnert Nuddelen mëschen, Pann schwenken oder dran réiren bis den Kiiss ganz geschmolz ass.
  • Den gehackten Péitersilich drënner mëschen an op Telleren verdeelen, mat bëssen frësch gerriwenem Parmesan bestreien an direkt zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*