Dësen Menü schmëscht ëmmer, fir all déi die fruh mat Geméiss sen as datt hei genau datt richtigt. Geméiss jëtt net einfasch nëmmen gekooscht, mais am Schiäffchen bei hiier Hëtzt geréistert.
Ech han hei:
- Courgetten
- Paprika
- Ënnen
- Knuawléck
gehollt. Et as äwer ganz egal watt fir eent Geméiss datts du hëlls.
Geméiss kanns du su als Beilaag bei irgendengem anner Menü maan, oder wie ech gemëscht mat Pasta. Genau su passt dës Geméissbeilaag ganz goud am Summer bei all Grillfleesch.
Geréistert Geméiss
Durich réisteren vam Geméiss jëtt den Goût mi intensiv an mi séiss, Geméiss karalemiséiert. Ech han hauptsächlich mediterrant Geméiss geholt mat Peffer, Salz an Herbes de Provence gewürzt. An wann Geméiss am Schiäffchen steht verbreet sech deen intensiven Geroosch van den Krégder an vam Knuawléck durich Haus.
Fir mëch eng van deen besten Methouden Geméiss zou ze bereeden.
Du kanns egal watt fir eent Geméiss hualen, su sen z.B. geréisterten Knuawléck mat Ënnen an Kooschelen, oder Fenchel, Muurten mat rugden Ënnen o ganz goud Mëschungen.
Wie jëtt Geméiss geréistert?
Du schnégs alles an Mondgerecht Stécker an verdeels alles op enger Baaschplaque, pass just bëssen op datt et sching auserneen légt. Dann Salz, Peffer, Krégder an Olivenualeg driwer verdeelen an am virgwiärmten Schiäffchen bei 220°C Grad ongeféier 30 Min. baaschen.
Die hii Temperatur muss sen fir datt Geméiss baussen karamelsiséiert. Bei ze niddreger Hëtzt kooscht Geméiss ischter wie datt et réistert.
Watt fir een Ualeg hualen ech fir ze réisterten?
Am besten as natiirlech een gouden Olivenualeg. Deen déint dozou, datt Geméiss net ausdrëchent an Geméiss krëtt na zousätzlich Aroma. Natiirlech kann een Geméiss o mat all anneren Gewürzualeg maan, wie z.B. Knuawléckualeg, Basilikumualeg oder ween et jiären mi scharef hat hëllt Chiliualeg.
Firwatt Nuddelwaasser haalen?
Nuddelwaasser as een cleveren Trick fir eng cremig Zooss ze maan ouni extra Ualeg oder Rahm ze hualen. Italiener han datt perfektionéiert, vill van hiren Pastatelleren jiänn su zoubereed.
An deem Waasser an deem Nuddelen gekooscht jiänn as well Salz dran, an am Nuddelwaasser liesst sech Stärke aus den Nuddelen an datt geht dar fir eng einfach cremig Zooss ze maan.
Pasta mat Röstgeméiss
Schwierigkeit: einfasch4
15
Minuten30
MinutenZutaten
1 Courgette
1 rugd Paprika
1 jiäll Paprika
1 deck Ënn
1 Kapp Knuawléck
Olivenualeg
Salz & Peffer
Herbes de Provence
350 g Nuddelen
100 g frësch geraspelten Parmesan
Zoubereedung
- De Schiäffchen op 220°C Grad virwiärmen.
- Geméiss, wäschen an Mondgerecht Stécker schnégden an op enger Baaschplaque mat Baaschpapeier verdeelen, su datt et net openeen légt.
- Vam Knuawléck Spétzt aafschnegden, e muss net geschiällt jiänn an am Ganzen zwëschent Geméiss setzen.
- Mat Salz, Peffer, Herbes de Provence würzen.
- 2-3 EL Olivenualeg driwer verdeelen.
- Am waarmen Schiäffchen 30 Min. baaschen.
- Iwerdeems goud gesalzent Waasser opsetzen an Nuddelen no Packaanweisung al dent kooschen.
- Kuurz är Nuddlen färdeg sen eng Tass Nuddelwaasser raus scheffen.
- Geméiss aus dem Schiäffchen hualen. De Knuawléck drecken ech aus trippsen en kleng an mëschen en ënnert den Parmesan.
- Halschent vam Nuddelwaasser mëschen ech mam geraspelten Parmesan an Knuawléck su datt deen well schmëlzen kann.
- An enger waarmer Pann erhëtzten ech bëssen Olivenualeg an schëdden Nuddelen dran. Ënner stännigem réiren oder schwenken schëdden ech bëssen vam Nuddelwaasser drop.
- Geméiss drënner mëschen.
- Dann mëschen ech de Parmesan-Knualéck drënner, driien Hëtzt raaf an réiren kräftig bis eng cremig Zooss entsteht.
- Bëssen frëschen Parmesan driwer streien an direkt zervéiren.