Angeleitent Geméiss hat eng lang Traditioun an villen Kulturen weltwégt. Ob an der osteuropäischer Këchen, wu fermentéiert an angeleitent Geméiss eent Grondnahrungsmëttel sen oder an der mediterraner Këchen wu Essiggeméiss eng beléift Beilaag sen. Pickles sen iwerall ze fannen. An Essig anleen oder fermentéieren ass natiirlich o eent Verfahren fir Liäwensmëttel haltbar ze maan. Angeleitent Geméiss gehiiert zu enger van deen älsten Konservéirungsmethouden an sen well viraan tausende Joeren genotzt jiän.
Kenns du datt? Du has een vollen Teller viraan dir stoen an du denks, „hei fehlt jiät!“ Villäicht eng frësch knackig Beilaag, déi datt ganzt Ässen oppeppt? Genau datt ass den Moment fir selwergmaate Pickles! Hogt beschreiwen ech dir, wie ech Kiischtentomaten, Cornichon an Schalotten an engem herrlich würzigen Sud anleen, een perfekten Topping op enger Zaloot, bei Gegrilltem oder einfasch als Snack fir zwëschendurich.
Firwatt selwergemaaten Pickles?
Et jiän su kleng Dënger an der Këchen, déi eis d’Liäwen erliiteren, genau datt sen Pickles! Sie sen su einfasch ze maan. mat engem Hauch Säier, bëssen Séissheet an enger knackig Konsistenz hiäfs du all Ässen op een anneren Level.
Dës Kombinatioun aus séiss-sauren Kiischtentomaten, frëschen Cornichon an Schalotten brengen Aafwiässelung op den Teller. Mat paar Min. Virbereedung, iwert Nait durichzéien loossen sen sie bereet fir all Menü se vereedelen.
Werfen mir een Bléck op Zutaten an Zoubereedung.
Kiischtentomaten, su séiss an saaftig wie déi sen hualen sie d’Aromen goud op. Déi wäschen ech grëndlich an loossen se goud aafdrëpsen. Fir datt sie d’Aromen na besser ophualen picken ech se paar mal mat engem Zahnstocher an.

Cornichon, ob’s du gruuss Geméisscornichon hëlls oder die Kleng, ass egal sie suarigen fir eng erfrëschend Knackigkeet. Déi wäschen ech grëndlich, ech schiälen se net, an schnégden se an mi oder manner dënn Scheiwen.

Schalotten, jiäll oder rugd Ënnen, ech han dës kéier Schalotten gehollt, déi sen mi mëll am Goût wie d’Ënnen. Ënnen brengen eng würzig Schiäreft an wanns du die rug hëlls eng sching Faaref.

Fir den Sud mëschen ech zu gläichen Deeler Waasser mat Essig, entweder Äppelessig oder Wäissenwéngessig, do drënner mëschen ech Salz, Zocker, oder als natiirlich Alternativ Hunnig oder Ahornsirup. Du kanns den Zocker äwer o ganz fort loossen. Datt vermëschen ech alles an wiärmen et. Et jiän Rezepter. déi schreiwen de Sud soll een opkooschen, anner schreiwen just erwiärmen bis den Zocker/Hunnig an d’Salz sech opgeliesst han. Well ech meng Pickles mat Hunnig maan, han ech de Sud net opkooschen gelooss, allerdings kooschen ech meng Gäser na fir 10 Min. an.
An d’Gläser verdeelen ech Mostertkären, sie sen liit scharef an perfekt fir Pickles. Lorbeerbläder, fir een dezenten déiwen Goût. Knuawelek, fir die rischtig Würzigkeet. Paar Päfferkären, fir bëssen Schiäreft. Dill, deen suarigt fir een Hauch van Frëscheet an een feinen Aroma. An ech han na zousätzlich fir deen mediterranen Goût bëssen Oregano mat dran gemaat.
Proper Gläser sen natiirlich den A an O! D’Gläser aafkooschen oder fir 10 Min. bei 120°C an den Schiäffchen stellen.
Dann verdeelen ech datt Ganzt Geméiss op meng Gläser. Deen waarmen Sud schëdden ech drop. D’Ränner van den Gläser maan ech mat engem an Essig gedränkten Këchenpapeier proper an verschléissen se fest. Als nächst d’Gläser fir ongeféier 10 Min. op den Kapp stellen. Su sen deng Pickles am Frigo ongeféier 3-4 Wooschen haltbar.



Mir sen die läst Gläser, déi ech zoubereet han all schecht jiän, dofir han ech meng Pickles na zousätzlich angekooscht. Dofir han ech d’Gläser an mengt Ankooschdëppen gesatt, Waasser drop geschott ongeféier 2 Fangerhii iwert Gläser datt han ech op 90°C erhëtzt an fir 10 Min ankooschen gelooss. Well meng Gläser duricht aafkooschen an anfëllen mam Sud well waarem sen, muss d’Waasser am Ankooschdëppen net äiskaal sen.

Komplett auskéilen loossen an préifen op d’Gläser zou sen, den Twist-off-Deckel ploppt wann den Vakuum entsteht. Bei Bigelgläser liesen ech den Bigel an hiäwen se aam Deckel an d’luut, an hoffen dann datt deen zou bleift.
Angekooscht sen Pickles op enger donkler kéiler Platz 6 bis 12 Meent haltbar.

Wie schmaaschen Pickles?
- No engem Daag han sech d’Aromen perfekt verbonnen. D’Tomaten sen fruuchtig-säierlich mat engem Hauch Würzighkeet,
- D’Cornichons sen knackig an erfrëschend.
- D’Schalotten sen mëll, liit séiss an perfekt ausbalancéiert.
Wie notzen ech Pickles?
- Als Topping op engem Sandwich oder enger Zaloot.
- Sie passen perfekt zu gegrilltem Fleesch oder Fësch.
- Direkt aus dem Glas als erfrëschenden Snack.
- Op engem Antipastibrett mat Kiiss an Oliven.
Fazit
Selwer angeleiten Pickles sen net nëmmen eng beräicherung fir all Ässen, sie sen o een Statment fir noohaltigt Kooschen. Firwatt fiärdig koofen, wann se selwer gemaat su einfasch ass? Probéier et aus an experimentéier mat Gewürzer. Villäicht mat bëssen Chili fir all déi et jiären scharef han. Fir een asiatischen Touch kanns du zousätzlich zum Chili na Ingwer dobäi maan. An fir na mi mediterran kanns du na Rosmarin an Oliven dobäi maan.
Pickles: Angeleiten Kiischtentomaten, Cornichon an Schalotten
Schwierigkeit: einfasch20
Minuten15
Minuten10
Minuten12
StonnenZutaten
250 g Kiischtentomaten
200 g Cornichon, an Scheiwen geschnidden
4 Schalotten, halbéiert oder an Ronselen geschnidden
- Pro Glas:
1 Ziif Knuawelek, halbéiert
1 TL Mosterkären
0,5 TL Päfferkären
1 Lorbeerblaad
1 Ast frëschen Dill, oder 0,5 TL gedrëchenten Dill
0,5 TL Oregano
- fir den Sud:
250 ml Waasser
250 ml Waïssenwéngessig oder Äppelessig
2 TL Salz
2 EL Hunnig, oder Zocker
Zoubereedung
- D’Geméiss grëndlich wäschen an goud aafdrëpsen loossen, Tomaten picken ech mat engem Zahnstocher an, su hualen sie d’Aromen besser op.
- Proper Gläser sen natiirlich den A an O! D’Gläser aafkooschen oder fir 10 Min. bei 120°C an den Schiäffchen stellen.
- An d’Gläser verdeelen ech Mostertkären, Lorbeerbläder, Knuawelek, paar Päfferkären, Dill an Oregano.
- Zutaten fir den Sud mëschen ech an engem Dëppen an erhëtzen se. Wanns du deng Pickles net zousätzlich ankooschs, jiff ech den Sud opkooschen loossen. Vermëschen alles goud bis sch d’Salz an den Hunnig komplett opgeliest han.
- Datt schëdden ech an meng Gläser su datt Geméiss ganz bedeckt ass. D’Ränner van den Gläser maan ech mat engem an Essig gedränkten Këchenpapaier proper an verschléissen se fest. D’Gläser setzen ech fir ongeféier 10 Min. op den Kapp. Su sen Pickles 3-4 Wooschen am Frigo haltbar.
- Ankooschen
- Die zouen Gläser setzen ech an mengt Ankooschdëppen an schëdden ongeféier 2 Fanger hii iwert den Gläser Waasser drop, Datt erhëtzen ech an loossen meng Pickles beo 90°C fir 10 Min. ankooschen.
- Komplett auskéilen loossen an préifen op d’Gläser zou sen, den Twist-off-Deckel ploppt wann den Vakuum entsteht. Bei Bigelgläser liesen ech den Bigel an hiäwen se aam Deckel an d’luut, an hoffen dann datt deen zou bleift.
- Angekooscht sen Pickles op enger donkler kéiler Platz 6 bis 12 Meent haltbar.
Scheiwen sen mi siier färdeg, déi brauschen nëmmen 3-4 Deeg bis se den geschmaasch vam Essig an den Gewürzer opgehollt han.
Has du propper geschafft an richtisch gelagert sen Cornichons bis zu 6 Méint haltbar an sugar na mi lang. Een Glas wat bis op as an de Frigo stellen an siier verschaffen.