Pollo Cacciatore

Pollo Cacciatore

„Pollo Cacciatore“ as een klassischt italienischt Ässen, datt dachs als „Jägerhuhn“ bezeechent jëtt. Et jëtt traditionell aus Pouletstécker zoubereed, die an enger herzhafter Tomatenzooss, mat Muurten, Stangenzellerie, Ënnen, Knuawléck, Gewürzer an Krégder geschmort jiänn. Dëst Ässen jëtt am normalen an enger Pann zoubereed an kann op der Plaque oder am waarmen Schiäffchen färdeg geschmort jiänn. Pollo Cacciatore as eent rustikalt an aromatischt Ässen, datt dachs mat Pasta, Reis oder Brugt zervéiert jëtt. Eent beléiftent Ässen aus der italienischer Këchen datt eng wonnerbar Kombinatioun aus Aromen béid.

Poulet Cacciatore as eent italienischt Schmoorgeriischt, wat regional variiéiert. Et kann een Houhn oder Poulet hualen, datt ganzt Déier oder just Brost oder Been oder beides.

Watt all Variante gemeinsam han, as datt Fleesch zesaammen mat Knuawléck, Geméiss, Tomaten an Wéng geschmoort jëtt. Et muss een net unbedingt rugde Wéng hualen et kann o wäissen sen. Je no Regioun an Joereszéckt jiänn Bëschkooschelen, Ënnen, Oliven oder Gromperen na mat drënner gemëscht.

Polle Cacciatore

Die goud Tomatenzoss mat den Gewürzer, Krégder, Knuawléck an Geméiss as wie eng Aromenexplosioun an dengem Mond. De Poulet as an dëser Zoss geschmort bis en zart an saaftig as. Fleesch hëllt die ganz Aromen van der Zoss op an jëtt su richtig mëll. Dëst Ässen verbreet een Doft an denger Këchen, datt engem Waasser am Mond zesaammenleeft. Een Menü, deen d’Aromen an Traditiounen aus der italienischer Këchen zelebréiert.

Watt muss ech na wossen?

  1. Pollo Cacciatore hat sein Ursprong an verschidden Regiounen an Italien. Datt Wuort „Cacciatore“ heescht iwersatt „Jäger“ an dësen Menü hat wahrscheinlich den Naam van Jëer déi traditionell Gefligelwëld mat dësen Zutaten zoubereed han.
  2. Obwohl die meesten Rezepter, Grondzutaten wie Poulet, Muurten, Zellerie, Ennen, Knauwléck, Krégder an Gewürzer enthält, kann et Regional Varatiounen jiänn, déi mat Paprika an Kooschelen zoubereed jiänn.
  3. Pollo Cacciatore as eng Zécktintensiv Zoubereedung, fir datt die ganz Aromen sech goud entwecklen kanne, brausch datt Ganzt eng gewëssen Zéckt.

Zutaten

  • Poulet
  • Knuawléck
  • Olivenualeg
  • Muurt
  • Ënnen
  • Stangenzellerie mat Bläder
  • Rosmarin
  • rugde Wéng
  • Tomatenzooss
  • Péitersillisch
  • Salz & Peffer

Wie jëtt gekooscht?

De Poulet zerdeelen, salzen an iwert Nait am Frigo durich zéien loossen.

Den Daag drop hualen ech de Poulet fréi genou aus dem Frigo fir datt en Raumtemperatur aanhualen kann an ech pefferen Fleesch.

An enger waarmer Pann op niddreg bis mëttel Hëtzt den Olivenualeg erhëtzen. De Poulet an den Knuawléck dran leen, en soll net brooden an o keng Faaref aanhualen. Den Deckel drop leen an 10 Min. zéien loossen.

Fleesch driien an rem den Deckel drop an 10 Min. zéien loossen.

Datt kleng geschniddend Geméiss driwer verdeelen, Deckel drop an 10 Min. kooschen loossen.

Alles goud vermëschen, Deckel drop an 10 Min. kooschen loossen.

De Rosmarin dobäi jiänn an de Wéng drop schëdden, Hëtzt rop driien an opkooschen lossen, dann Hëtzt rëm reduzéiren an 10 Min. mat Deckel an 10 Min. ouni Deckel kooschen loossen. Wëlls du keen Wéng hualen, dann kanns du en durich Houhnerbréit ersetzen, pass dann just op mam salzen.

Tomatenzooss drop schëdden alles goud vermëschen, opkooschen loossen an mat Deckel op niddriger Hëtzt 20 Min. kooschen loossen.

Schmaaschen an würzen.

De Péitersillich drënner mëschen an na eng kéier 10 Min. mat Deckel kooschen loossen.

Has du lo net die Zéckt fir all 10 min. dono ze kucken, kanns du o noom aanschweessen vam Fleesch, de Wéng drop schëdden an deen bëssen ankooschen loossen. Dann Geméiss, Tomatenzooss an Gewürzer alles goud vermëschen an mat Deckel 1,5 Stonnen op niddreger Hëtzt kooschen loossen. De Péitersillich rischt zum Schluss ënnermëschen.

Pollo Cacciatore
Pollo Cacciatore

Pollo Cacciatore

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

40

Minuten

Zutaten

  • 1 Poulet an Stécker zerdeelt

  • 2 zerriwen Ziiwen Knuawléck

  • 2-3 EL Olivenualeg

  • 1 kleng gewürfelt Muurt

  • 1 kleng gewürflt Ënn

  • 1 kleng gewürfelt Stang Zellerie mat den Bläder

  • 2 Rosmarinäst

  • 125 ml rugde Wéng

  • 0,5 L Tomatenzooss

  • 1 Botte gehackten Péiterisilich

  • Salz an Peffer no Geschmaasch

Zoubereedung

  • De Poulet salzen an iwert Nait an de Frigo stellen.
  • Den Daag drop den Poulet aus dem Frigo hualen, pefferen an e Raumtemperatur aanhualen lossen.
  • An enger waarmer Pann op niddreg bis mëttel Hëtzt den Olivenualeg erhëtzen an de Poulet an de Knauwléck dran leen, et soll net brooden. den Deckel drop leen an 10 Min. zéien loossen.
  • Fleesch driien an rëm den Deckel drop an 10 Min. zéien loossen.
  • Datt klengt geschniddent Geméiss driwer verdeelen an zougedeckt 10 Min. zéien lossen.
  • Alles goud vermëschen an zougedeckt 10 Min. zéien lossen.
  • De Rosmarin dobäi leen an den Wéng drop schëdden. Hëtzt bëssen rop driien an ouni Deckel 10 Min. kooschen lossen an mat Deckel 10 Min. kooschen loossen.
  • Tomatenzooss drop schëdden, goud mëschen opkooschen lossen an mat Deckel 20 Min. op niddriger Hëtzt kooschen lossen.
  • Schmaaschen an würzen.
  • De Péitersilich drënner mëschen an na eng kéier 10 Min. mat Deckel op niddriger Hëtzt kooschen loossen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*