Pollo Fino al limone e alla panna

Hogt sen ech mol rem eng kéier an der italienischer Këchen ënnerweesch mat – Poulet an enger cremiger Zitrounenrahmzooss. Een Menü deen net nëmmen mat sengem Geschmaasch iwerzeecht, mais o ganz einfasch zouzebreeden ass. Pollo Fino ass entbeenten Pouletstrempel, Fleesch vam Strempel bleift mi zart an saaftig an jëtt van enger Zitrounenrahmzooss perfekt ergänzt.

Zutaten fir Pollo Fino al limone e alla panna

Vam Metzler brengen ech Pouletstrempelen mat, an entbeenen se selwer oder du liss se beim Metzler entbeenen. Dann brausch ech frësch an goud rauschend Bio-Zitrounen, deen extra Kick an der Zooss brengt den Knauwléck mat. Durich Madeira krëtt Zooss mi een reichen Geschmaasch an fir datt alles die richtig Cremigkeet krëtt brausch ech na bëssen Schmand. Bei menger Mamm am Gaart fannen ech gréin Faaref an Form van frëschem Péitersilich an frëschem Oregano. All Ässen brausch natiirlech Salz an Peffer, an well Botter alles besser schmaaschen lisst, bëssen Botterschmalz fir ze brooden.

Natiirlech druaref d’Handwiärksgeschiier net feelen, hei brausch ech eng Zitrounenpress, eeng gruuss Pann, eent schareft Messer, eent Schnégdbrett, een Holzeläffel an eng Schossel.

Zoubereedung

D’Fleesch schnégden ech an Mondgerecht Stécker, tuppen se mat Kechenpapeier drëchen an würzen se mat Salz an Peffer.

Iwerdeems den Poulet durichzéiht, schiälen ech den Knuawléck, an am Mörser oder om Schnégdbrett zerreiwen ech en mat bëssen Salz zu enger feiner Past.

Zitrounen wäschen ech, van enger halwer Zitroun schnégden ech Zesten raaf, annerhalef Zitroun pressen ech aus, an die anner Zitroun schiälen ech an schnégden Filet raus.

De Péitersilich an den Oregano wäschen ech an rëselen alles drëchen, dann strëppen ech Krégder an hacken se kleng.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden d’Fleesch do dran op mëttel Hëtzt aan.

Well D’Hogt na am Fleesch ass, zéiht datt Ganzt zimlich vill Fett, een Deel dovaan han ech entsuarigt.

Datt läschen ech mam Madeira aaf an loossen deen bëssen ankooschen, dann schëdden ech den Zitrounensaaft dobäi an mëschen den Knuawléck, 1 EL Péitersilich an 1 EL Oregano drënner, op niddriger Hëtzt loossen ech datt Ganzt ongeféier 20 Min. kooschen.

Als nächst hualen ech d’Fleesch raus an stellen et op Ségt bis ech et rem brausch. Dann schëdden ech den Schmand ant Zooss erhëtzten se kuurz, déi lossen ech ongeféier 10 Min. op niddriger Hëtzt kooschen, schmaaschen an würzen se mat Salz an Peffer, leen d’Fleesch an Zitrounenfilet ant Dëppen an loossen Zooss bis op die gewënschten Konsistenz reduzéiren.

Zitrounenzesten hacken ech fein an mëschen se mam Péitersilich an mam Oregano. Op Telleren verdeelen an Garnitur aus Zitrounenzesten, Péitersilich an Oregano driwer streien.

Ech han bei mein Menü een Tomatenrisotto gekooscht, goud passt äwer o Gromperenpürée, am Schiäffchen geréistert Geméiss, een frëschen gréinen Zaloot.

Tipps

  1. Broot den Poulet op mëttel Hëtzt aan, fir datt en saaftig bleift.
  2. Fir dësen Menü ze kooschen kanns du o Pouletstrempelen mat Schank hualen, oder een zerdeelten Poulet mat den Schanken.
  3. Zooss kanns du na zousätzlich zum Schluss mat bëssen Dijon-Mostert verfeineren.

Pollo Fino al limone e alla panna

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

25

Minuten

Zutaten

  • 4 Pollo Fino, an mondgerecht Stécker geschnidden

  • Botterschmalz

  • 200 ml Madeira

  • 3 Ziiwen Knuawléck, fein zerriwen

  • 200 ml Schmand

  • Saaft van 1,5 Zitrounen

  • Zesten van 0,5 Zitroun, fein gehackt

  • Zitrounenfilet van 1 Zitroun

  • 2 EL frëschen Oregano, fein gehackt

  • 2 EL Péitersilich, fein gehackt

  • Salz

  • Peffer

Zoubereedung

  • De Poulet würzen ech mat Salz an Peffer an loossen en bëssen durich zéien.
  • Van enger halwer Zitroun schnégden ech Zesten raat an hacken sen fein. Annerhalef Zitroun pressen ech aus. An die anner Zitroun schiälen ech an schnégden Filet raus.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden op mëttel Hëtzt den Poulet all rondrëm aan. D’Halschent vam Fett entsuarigen ech.
  • D’Fleesch läschen ech mam Madeira aaf, an lossen deen paar Min. ankooschen.
  • Als nächst mëschen ech Saaft van annerhalef gepressten Zitrounen, den Knuawléck, 1 EL Péitersilich an 1 El Oregnao dobäi an loossen datt Ganzt ongeféier 20 Min. op niddriger Hëtzt kooschen.
  • D’Fleesch hualen ech raus an stellen et op Ségt bis ech et brausch.
  • Dann schëdden ech den Schmand ant Zooss, erhëtzen alles kuurz an loossen Zooss 10 Min. op niddriger Hëtzt kooschen, schmaaschen an würzen Zooss mat Salz an Peffer.
  • D’Fleesch an Zitrounenfilet leen ech ant Zooss an loossen Zooss bis op die gewënschten Konsistenz ankooschen.
  • An enger Schossel mëschen ech Zitrounenzesten mam Péitersilich an Oregano an streien datt viraam zervéiren als Garnitur driwer.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*