Pommes Saraldaise

Pommes Sarladaise

Hogt hualen ech dech mat an die fransiisch Këschen, mat engem klassischen Rezept aus dem Périgord – Pommes Sarladaise. Des köstlich Beilaag aus Gromperenscheiwen jëtt mat enger Mëschung aus Enten- oder Gänsefett gebrooden, mat Salz, Peffer an Knuawléck gewürzt an mat Péitersilich garnéiert. Fann mat mir gemeinsam raus wie’s du deen authentischen Geschmaasch aus der fransiischer Këchen an deng eegen Këschen zaubers.

Iwert dës Gromperen

Pommes Saraladaise sen eeng beléiften Beilaag bei villen Menüer aus dem Périgord. Mat winig Opwand an een Minimum aan Opmiärksamkeet brooden sech dës Gromperen baal van alleng.

Pommes Sarladaise as eent Rezept datt een net su einfasch an den Rezeptbéicher fënnt, datt watt ech iwert dëst Rezept fonnt han, ass datt et aus dem Périgord stammen soll. Gromperen jänn rii am Enten- oder Gänsefett gebrooden, mat Salz, Peffer an Knuawléck gewürzt an mat gehacktem Péitersilich garnéiert.

Watt sen dës Gromperen? Eent Baurenässen? eent Voléksässen? eent Frauenässen? eent bescheidend Ässen? Ech behaupten mol eent bescheidend Ässen, sämtlich Zutaten déi gebrauscht jänn han net vill koost an sen meestens am eegene Gaart gewaass. Bis dann een Gourmetkoosch mengt en misst sech profiléieren an mëscht na Trüffel ënnert dës Gromperen 😉 .

Wor Trüffel viraan Joerhonnerten o well su eent gehypten Liäwensmëttel wie Hogt? Net direkt, sie wor lang vergeess an ass an der Renaissance nei entdeckt jiänn, viraan allem an Frankreich an, an Italien. Die Adelig an reich Lékt han den Aroma van der Trüffel geschätzt an en ass dachs als Geschenk mat breit jänn, watt Beléiftheet an der hiier Gastronomie bis Hogt erhalen hat. Wat mech drop schléissen lisst, datt mat gruusser Wahrscheinlichkeet Pommes Salardaise ouni Trüffel gemaat sen jiänn.

Zutaten

  • Gromperen
  • Enten- oder Gänsefett, alternative datt ausgetroddent an gefiltert Fett van engem Poulet.
  • 2 Ziiwen Knuawléck
  • 1 EL Péitersilich
  • Salz & Peffer

Zoubereedung

Gromperen han ech geschiällt an, an ongeféier 0,5 cm déck Scheiwen geschnidden.

Als nächst setzen ech eng Gossenpann op Kooschplaque an erhëtzen se, do dran lossen ech Fett dann schmëlzen an brooden die aafgedrëchent Gromperen kräftig aan.

Kartoffeln

Subal se all rondrëmm mat Fett bedeckt sen driien ech Hëtzt raaf an loossen se op niddriger bis mëttel Hëtzt brooden bis se mël sen, salzen an pefferen an heinsdo dran réiren an Gromperen driien.

Iwerdeems Gromperen brooden zerreiwen oder hacken ech de Knuawléck ganz fein, den frëschen Péitersilich o fein hacken.

Kuurz viraan Schluss vam brooden van den Gromperen, mëschen ech den Knuawléck an den Péitersilich drënner an brooden deen nëmmen kuurz mat, ech schmaaschen na eng kéier an wann nigdig würzen ech na bëssen no.

Tipps

  1. Drëchen Gromperen ärs du se an Pann schmäiss, wann se ze naas sen kéilt Fett zevill aaf an et sprutzt extreem.
  2. Wanns du den Knuawléck an den Péitersilich ënnermëschs pass do drop op datt Fett net ze waarem as datt verbrennt dir soss direkt an et jëtt batter.

Pommes Sarladaise

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

35

Minuten

Zutaten

  • 800 g Gromperen, geschiällt an an Scheiwen van 0,5 cm geschnidden

  • 2-3 EL Enten- oder Gänsenfett, alternativ datt ausgetroddent an gefiltert Fett van engem Poulet

  • 3 Ziiwen Knuawléck, fein zerriwen

  • 2 EL gehackten frëschen Péitersilich

  • Salz & Peffer no Geschmaasch

Zoubereedung

  • Gromperen drëchen.
  • An enger waarmer Gossenpann, Fett erhëtzen an Gromperen kräftig aanbrooden. Subal Gromperen all rondrëm mat Fett bedeckt sen, d’Hëtzt raaf driien an Gromperen op niddrig bis mëttel Hëtzt gar brooden.
  • Heinsdo drann réiren an Gromperen driien, mat Salz an Peffer würzen.
  • Kuurz viraan Schluss den Knuawléck an den Péitersilich ënnermëschen,
  • Na eng kéier schmaaschen an evtl. noowürzen an zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*