Potage du Barry

Potage du Barry

Bei der “Potage du Barry” handelt sech em eng fransiisch Chouxfleurszopp, déi no der Madame du Barry benannt as. D’Madame du Barry wor am 18ten Joerhonnert Maîtresse vam fransiischen Kinik Louis XV. De fransiischen Gastronom an Schrëftsteller, Jean Anthelme Brillat-Savarin hat iwert dës Zopp geschriwen, an behaupt datt se immens beléift wor bei der Madame du Barry. Des Zopp as een kulinarischen Patrimoine an as eent Beispill fir die fransiische Këschen zu där Zéckt. Sie besteht hauptsächlich aus Chouxfleurs, enger Zutate déi am 18ten Joerhonnert an der adliger Këchen populär wor.

Zutaten

  • Chouxfleurs
  • Gromperen
  • Salz
  • Mëllich
  • Kiärwel
  • Croûtons

Zoubereedung

De Chouxfleurs jëtt an Ruussen zerdeelt, an am kooschenden, net gesalzenem Waasser 5 Min. blanchéiert. Dono aafschëdden an goud aafdrëpsen loossen.

Iwerdeems den Chouxfleurs kooscht han ech Gromperen geschiält an graff gewürfelt.

Gromperen, mam Chouxfleurs, mam Salz an mat der Mëllich opsetzen an alles op mëttel Hëtzt mëll kooschen, dobäi ëmmer mol rëm dran réiren, d’Mëllich brennt siier aan.

Zopp crémig püréieren an evtl. na mat bëssen Mëllich lengen, bis fir dech Konsistenz stëmmt.

Paar Scheiwen Brugt kleng Würfelen an am waarmen Botter knusperig brong brooden.

Mat Kiärwel an den Croûtons garnéiert zervéiren.

Firwatt Mëllich?

Textur: Mëllich jëtt dëser Zopp eng crémig Konsistenz, wirklich crémig han na ni su eng Zopp gäss.

Geschmaasch: Heinsdo kann den Chouxfleurs liit batter sen. D’Mëllich hëleft deen batteren Geschmaasch auszegleichen an een harmonischen, mëllen Geschmaasch ze kreien.

Ernährung: D’Mëllich as eng goud quell fir Kalzium an Vitamin D. Dës Zopp mat Mëllich kooschen verbessert net nëmmen den Geschmaasch mais si as o mi gesond.

Traditionelle Zoubereedung: An villen traditionellen Rezepter fir Chouxfleurszopp, wie hei Potage du Barry as Mëllich niäwent dem Chouxfleurs een van den Hauptbestandeeler. Dës Traditioun hat sech iwert Joeren fortgesatt.

INFO

Mëllich as net die eenzig Flëssigkeet, déi fir eng Chouxfleurszopp gehollt kann jänn. Verschidden Rezepter hualen Bréit, Waasser oder eng Mëschung aus Bréit an Mëlich. Datt as natiirlech ëmmer aafhängisch vam perséinlichen Geschmaasch.

Potage du Barry

Schwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 600 Chouxfleurs, an Ruussen zerdeelt

  • 350 g Gromperen, geschiällt an gewürfelt

  • 20 g Salz

  • 1 L Mëllich

  • 1/2 Bott Kiärwelbläder

  • 4 Scheiwen Brugd, gewürfelt

  • 30 g Botter

  • evtl, na bëssen Mëlich fir Zopp ze lengen

Zoubereedung

  • De Chouxfleurs am kooschende, net gesalzenen Waasser 5 Min. blanchéieren. Aafschëdden an goud aafdrëpsen loossen.
  • Chouxfleurs, Gromperen, Salz mat der Mëllich opsetzen an op mëttel Hëtzt su lang kooschen bis alles goud mëll as. Ëmmer mol rëm dran réiren Mëllich brennt siier aan.
  • Mam Stabmixer crémig püréieren, wann Zopp dir ze deckflëssig as mat bëssen Mëllich lengen
  • An enger waarmer Pann de Botter erhëtzen an Brugwürfel knusperig brong brooden.
  • Mat Kiärwelbläder an Croûtons garnéiert zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*