Potage du Barry vert

Hokt sen ech ënnerweesch an der fransiischer Këchen. Mengt Rezept van Hokt ass eng traditionell Zopp mat enger eleganter Einfaschheet: Potage du Barry ass eng fein Chouxfleurszopp, déi no der Madame du Barry, der Maîtresse vam Kinik Louis XV. benannt ass. Sie wor bekannt fir hir Virléieft fir luxuiröst Ässen, an dës Zopp ass hir zu Éiren kreéiert jiän.

D’Originalrezept stammt vam August Escoffier, dem „Kinik van de Käch“, heen hat die klassisch fransiisch Këchen moderniséiert. Sengt Rezept ass minimalistisch an notzt Chouxfleurs, Gromperen, Mëlich an Salz, fir su eng crèmig, schlotzig Konsistenz an een mëllen, liit séisslichen Goût ze kreien.

Ech jian dëser Zopp hokt een klengen perséinlichen Twist. Ech spillen jiären mat den Zutaten, ouni äwer deen ursprünglichen Charakter vam Rezept ze verléiren. Dofir han ech na zousätzlich Broccoli ënnergmëscht, fir bëssen Faaref an eng extra Portioun Vitaminen. Duaref ech virstellen, meng „Potage du Barry vert“!

Zutaten, winig äwer perfekt kombinéiert.

  • Chouxfleurs, mëll am Goût an perfekt fir eng crémig Konsistenz.
  • Broccoli, brengt eng nossig Frëscheet an fiäreft Zopp liit gréin.
  • Gromperen, sie suarigen fir eng sämig Konsistenz ouni zousätzlicht Mëttel fir ze bannen
  • Salz, de Klassiker deen die ganz Aromen hiäft.
  • Mëlich, sie brengt een liit séissen Aroma an mëcht dës Zopp su rischtig crémig
  • Kiärwel oder Péitersilich brengt zum Schluss eng kleng extraportioun Frëscheet an su bëssen Faaref
  • Croûtons, su eng Zopp mat Croûton schmëcht einfasch besser.
  • Botter, fir Croûtons ze brooden

Den Zauber fänkt aan, Schratt fir Schratt zur perfekter Zopp!

De Chouxfleurs zerdeelen ech an kleng Ruusen an blanchéiren en, an net gesalzenem Waasser fir ongeféier 5 Min. deen schëdden ech dann aaf an loossen en goud aafdrëpsen.

Genau su maan ech et mam Broccoli, deen äwer nëmmen 2-3 Min. blanchéiren an am Äiswaasser aafschrecken. Fir datt en seng sching gréin Faaref mi lang behält.

Vam Chouxfleur an vam Broccoli plécken ech paar sching Ruusen aaf, déi zum Schluss als Garnitur an Zopp kommen.

Gromperen schiälen ech an schnégden se an Würfel.

Gromperen mam Chouxfleurs, dem Broccoli, dem Salz, an der Mëlich setzen ech op, erhëtzen se an loossen alles op mëttel Hëtzt su lang kooschen bis d’Geméiss durich mëll ass. Pass bëssen op datt Zopp net kooscht, d’Mëlich kanns soss ausflocken an aanbrennen.

Subal alles mëll ass, püréiren ech Zopp mam Stabmixer, bis se crèmig ass, evtl. schëdden ech na bëssen Mëlich dobaï fir se op die gewënschten Konsitenz ze brengen. Dann mëschen ech meng Garnitur drënner an erhëtzen déi kuurz mat.

Brugd schnégden ech an Würfel, an enger waarmer Pan erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Botter an brooden d’Brugd do dran goldbrong an knusperig.

D’Zopp verdeelen ech op Telleren an garnéiren se mat gehacktem Kiärwel oder Péitersilich an den Croûton’en.

Firwatt Mëlich?

  • Textur: Mëlich jëtt dëser Zopp eng crémig Konsistenz, wirklich crémig han na ni su eng Zopp gäss.
  • Geschmaasch: Heinsdo kann d’Geméiss liit batter sen. D’Mëlich hëleft deen batteren Goût auszegläichen an een harmonischen, mëllen Goût ze kreien.
  • Ernährung: D’Mëlich as eng goud quell fir Kalzium an Vitamin D. Dës Zopp mat Mëlich ze kooschen verbessert net nëmmen den Goùt, mais si ass o mi gesond.

Fiwatt han ech dës Zopp jiären?

  • Einfasch an raffinéiert, mat nëmmen paar Zutaten entsteh eent crèmigt Meesterwiärik
  • Gesond an Nährstoffräich, Chouxfleurs, Broccoli an Mëlich liweren vill Vitaminen.
  • Siier gekooscht, an net mol enger Stonn steht eng edel Zopp op dengem Dësch.

Tipps aus enger Këchen

Sollt d’Mëlich dir trotz allem oppassen äwer liit ausflocken, ass datt na net su schlëmm, durich d’Püréiren jiët Zopp dann rem crémig.

Optional kanns du deng Zopp na mat bëssen Muskot verfeinern, fir mi een waarmen, liit würzigen Goût. Ausserdeem harmonéiert de Muskot perfekt mat deen 2 Geméisszorten.

Potage du Barry

Schwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 300 Chouxfleurs, an Ruusen zerdeelt

  • 300 g Broccoli, an Ruusen zerdeelt

  • 350 g Gromperen, geschiällt an gewürfelt

  • 20 g Salz

  • 1 L Mëlich

  • 2 EL gehackten Péitersilich oder Kiärwel

  • 4 Scheiwen Brugd, gewürfelt

  • 30 g Botter

  • evtl, na bëssen Mëlich fir Zopp ze lengen

Zoubereedung

  • De Chouxfleurs blanchéiren ech am net gesalzene Waasser fir ongeféier 5 Min. schëdden en aaf an loossen en goud aafdrëppsen.
  • Genau su maan ech et mam Broccoli, deen äwer nëmmen 2-3 Min. blanchéiren an am Äiswaasser aafschrecken. Fir datt en sen sching gréin Faaref mi lang behält.
  • De Chouxfleurs, d’Gromperen an d’Salz setzen ech mat der Mëlich op an kooschen se su lang op mëttel Hëtzt bis alles goud mëll ass. Heinsdo mol dran réiren, d’Mëlich kann siier aanbrennen.
  • Mam Stabmixer püréiren ech alles zu enger crèmiger Zopp, sollt se ze deckflëssig sen längen ech se na bëssen mat Mëlich, bis ech die gewënschten Konsistenz erreecht han.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Botter an brooden do dran d’Brugdwürfelen goldbrong an Knusperig
  • Zopp verdeelen ech dann op Telleren an streien Péitersilich oder Kiärwel an d’Brugcroûtons driwer.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*