Dëst ass eent Rezept, datt ouni vill Opwand eent wonnerbaren, aromatischen, zarten Menü op dein Dësch zaubert. De Réimertopf suarigt dofir, datt d’Fleesch praktisch op der Zong zerjieet.
Poulet mat Zitroun, Rosmarin an Knuawelek ass een Klassiker aus der mediterraner Këchen. Well an der Antik han d’Réimer hir Ässen mat Zitroun an Krégder verfeinert, fir den Goût vam Fleesch ze ënnersträichen. Dësen Menü kombinéiert die frësch Säier van der Zitroun mat deem harzigen, liit holzigen Aroma vam Rosmarin an der Wüzigkeet vam Knuawelek an suarigt su fir een wonnerbaren an intensiven Goût.
Firwatt ass den Réimertopf d’Geheimnis fir een perfekten Poulet?
Falls du na keen Réimettopf has, ass et eng Iddi datt irgendwann ze ännern. Dëst traditionellt Kooschgeschiier aus Toun ass well am aalen Roum genotzt jiän, fir Fleesch saaftig an zaart zouzebreeden. Den Toun späichert Fiitegkeet en jiët se während dem Brooden gemellig aaf, datt bedeit: keent ausdrëchen, keent komplizéiert Rezept, mais nëmmen 100% Genoss mat minimaler Aarbicht.

Werfen mir een Bléck op Zutaten an Zoubereedung
1. Een ganzen Poulet
D’Herzstéck van dësem Menü. Deen ganzen Poulet hat deen virdeel, datt en durich d’Hogt an d’Schanken besonnig aromatisch bleift. Während dem Garen jiët de Poulet sein eegen Saaft aaf, wudurich eng intensiv Zooss entsteht.
Vam Poulet hualen ech den Lastik raaf, an würzen en van bannen kräftig mat Salz an Päffer.
TIPP: Wann miilisch hual Bio-Poulet oder fräiland Poulet, sie han mi Goût an eng besser Fleeschstruktur.
2. Zitroun
D’Zitrounen sen den Schlëssel fir dëst Ässen. Die fein Saier suarigt dofir, datt d’Fleesch besonnig zart jiët, well sie den Eiwäiss opbrëcht. Zur gläicher Zékt brengt sie liit batter Nuancen, déi perfekt mat den Krégder an dem Knuawelek harmonéieren.
D’Zitroun wäschen ech grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser, halbéiren se an steechen eng Halschent an de Poulet.
TIPP: hual unbedingt onbehandelt Bio-Zitroun, well die ganz Zitroun genotzt jiët.
3. Frëschen oder gedrëchenten Rosmarin
Rosmarin ass eent van deen intensivsten mediterranen Kégder. Sein harzigen, liit holzigen Goût jiët dem Poulet eng fein Wüzigkeet an passt perfekt zur Zitroun.
De Rosmarin wäschen ech ënner kaalem Waasser an steechen en bei d’Zitroun an de Poulet.
TIPP: Hual wann miilisch frëschen Rosmarin! Ech han hei frëschen an gedrëchenten genotzt. Deen frëschen hat mi een intensiven Goüt.

4. Knuawelek
De Knuawelek jiët dem Poulet een intensiven, herzhaften Goût. Während dem Brooden verdeelt sech den Goût durich datt ganzt Fleesch ouni dominant ze sen.
Ech han een ganzen Kapp Knuawelek gehollt, dovaan han ech just d’Spëtzen aafgeschnidden an su ongeschiält an den Poulet gestooscht.
Lo han ech alles am Poulet datt fir die rischtig Aromen van bannen suarigt. D’Been vam Poulet zesaammen bannen su datt, während dem Brooden näist rausfällt. Du kanns o den Lastik notzen deen Afangs ëm den Poulet wor.

5. D’Marinade fir de Poulet van baussen ze würzen
Dofir han ech Olivenualig mam Saaft van enger halwer Zitroun, Päffer, Salz an gedrëchentem Rosmarin vermëscht. Mat dëser Marinade han ech de Poulet all rondrëm angepinselt. Su kann de Poulet eng goud halef Stonn durich zéien.

Iwerdeems leen ech den Réimertopf fir eng goud halef Stonn an kaalt Waasser. Datt ass een entscheedende Schratt, fir die besonnig Eegenschaften van dësem traditionellen Toundëppen optimal ze notzen.
- Fiitegkeet jiët gespäichert an jiët während dem Garen gemellig als Damp an d’Ässen aafjiänn. Datt suarigt fir eng schounend Zoubereedung an verhënnert datt de Poulet ausdrëchent.
- Jiët den Réimetopf drëchen an de Schiäffchen gestallt kann en Rëss kreien. Durich d’Wässeren jiët den Toun hydratiséiert an kann sech su besser aan d’Hëtzt aanpassen, wudurich Spannungsrëss verhënnert jiän.
- Dodurich datt den Réimertopf d‘Fiitegkeet gemellig aafjiët, brausch een keent zousätzlicht Fett oder eng anner Flëssigkeet. D’Ässen schmort am eegene Saaft, watt datt Ganzt am Goût intensivéiert an mi gesond mëcht.
- Ausserdeem suraigt d’Wässeren dofir datt d’Ässen net aam Toun pëscht an verbrennt, watt hanneno d’spoulen mi einfasch mëcht.
Als nächst wäschen ech Gromperen an schnégden déi an Spalten. Du kanns d’Gromperen o schiälen, ech han et bëssen mi rustikal gehaalen. D’Gromperen han ech net gewürzt, sie hualen während dem Brooden sämtlich Aromen op.
Een Deel verdeelen ech om Buadem vam deem goud gewässerten Réimertopf. Do drop setzen ech de Poulet an deen Rest Gromperen leen ech rondrëm de Poulet. Dann leen ech den Deckel drop.

Su setzen ech den Réimertopf an deen kaalen! Schiäffchen an driien d’Hëtzt op 180°C. Datt loossen ech dann fir ongeféier annerhalef Stonn garen.
No dëser Zékt hualen ech den Deckel raaf an setzen datt Ganzt na eng kéier fir 40 Min. an deen waarmen Schiäffchen. Su krëtt de Poulet eng sching brong Hogt.

Noom brooden de Poulet ongeféier 10 Min. ruhen loossen, dann zerdeelen an mat den Gromperen zervéiren. Bei mir ass et na een würzigen Kappeszaloot dobäi jiän. Goud passt äwer o eent Steck Baguette fir d’Zooss opzehualen.

Fazit
Dësen Poulet mat Zitroun, Rosmarin an Knuawelek ass eent rischtige Comfort Food, datt dech mat minimaler Aarbicht, maximal belount. De Réimertopf suarigt fir eng Saaftigkeet, déi’s du mat kengem anneren Kooschgeschiier hin krëss, während sech d’Aromen perfekt entfaalen.
Falls du dëst Rezept ausprobéiers, loss mëch wossen wie et dir gelongen ass! Deel deng Kreatioun ënnert dem #beijosiane, ech sen well gespannt.
Poulet aus dem Réimertopf
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen30
Minuten2
Stunden10
MinutenZutaten
1 Poulet
Salz an Päffer
1 Bios Zitroun, halbéiert
3 Rosmarinäst
1 Kapp Knuawelek, Spëtzen aafschnégden
8 mëttelgruuss Gromperen, an Spalten geschnidden
- Fir d’Marinade
Saaft van enger halwer Zitroun
2 EL – 3 EL Olivenualig
Salz an Päffer
1 TL gedrëchenten Rosmarin
Zoubereedung
- De Poulet würzen ech van bannen mat Salz an Päffer
- An den Poulet steechen ech die halef Zitroun, deen frëschen Rosmarin an deen ganzen Kapp Knuawelek. D’Been vam Poulet bannen ech zesaammen, su datt während dem Brooden näist rausfällt.
- An enger klenger Schossel mëschen ech sämtlich Zutaten fir d’Marinade an pinselen domatt de Poulet van baussen an, su loossen ech en eng goud halef Stonn durichzéien.
- Iwerdeems leen ech den Réimertopf an kaalt Waasser, su datt en ganz bedeckt ass.
- No der halwer Stonn verdeelen ech een Deel van de Gromperen om Buadem vam Réimertof, do drop setzen ech den Poulet an leen deen Rest Gromperen rondrëm, dann leen ech den Deckel drop.
- Su setzen ech datt Ganzt an deen kaalen! Schiäffchen an setzen den Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt. Su loossen ech den Poulet fir ongeféier 90 Min. brooden.
- No der anner halwer Stonn hualen ech den Deckel vam Réimertopf an lossen de Poulet fir wégder 40 Min. brooden.
- Bei mir ass et eng würzig Kappeszaloot dobäi jiän, goud passt äwer o all anner Zaloot an Baguett fir d’Zooss opzehualen.