Poulet op Geméiss

Een richtigen Klassiker, deen ëmmer rem begeestert – Poulet op Geméiss aus dem Schiäffchen, Saaftig, zaart an mat knusperiger Hogt. Zoubereedung van dësem Menü ass denkbar einfasch, mat winigen Zutaten an winig Opwand has du ganz siier alles om Blech anrangéiert an den Schiäffchen mëcht die ganz Aarbicht.

Su ass o een stressigen Alldaag keen Problem. Während den Poulet am Schiäffchen gart, has du Zéckt fir anner Saaschen, oder einfasch entspannen.

Zutaten fir Poulet op Geméiss

D’Qualitéit van den Zutaten spillt eng gruuss Roll fir deen besten Geschmaasch, ausserdeem ass dësen Menü eng optimal Liesung fir Rester van Geméiss ze verschaffen déi na am Frigo leien.

Gromperen an der Schaal suarigen net nëmmen fir winig Aarbischt, sie sen zur selwischter Zéckt färdig wie den Poulet. Fir deen rischtigen Geschmaasch, suarigt eng Marinade aus Ënnen, Knuawléck, Olivenualeg, bëssen Zitrounensaaft, Salz, Peffer, Paprikapolwer, Currypolwer, Oregano an Rosmarin. Ech han na Paprika drënner gemëscht, du kanns äwer all Geméiss hualen watt dir schmëscht.

Fir datt mein Menü gelengt brausch ech an eent Schnégdbrett, eent Messer an eng feierfest Form mat Gitter, wanns du der keng has kanns du Baaschblech an Gitter aus dem Schiäffchen hualen.

Zoubereedung

D’Ënnen an den Knuawléck schiälen ech an hacken sen an der Këchenmaschin ganz fein, do mëschen ech den Olivenualeg, Zitrounensaaft, sämtlich Gewürzer an Krégder drënner an mixen alles zu enger feiner mi déckflëssiger Past.

Domat pinselen ech den Poulet an, an stellen en iwert Nait an den Frigo.

Den Daag drop den Poulet fréi genou aus dem Frigo hualen, fir datt en Raumtemperatur aanhualen kann befir en gebrooden jëtt.

De Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.

Gromperen wäschen ech grëndlich an schnégden se an gläichgruuss Stécker. Den Paprika wäschen ech an schnégden en ongeféier glaich gruuss wie Gromperen. An enger Schossel mëschen ech Gromperen mam Paprika, 2 EL Olivenualeg, Salz, Peffer an bëssen Rosmarin. Datt verdeelen ech an enger feierfest Form su datt et net zevill openeen légt.

Do setzen ech Gitter drop an leen do drop den Poulet. Su setzen ech datt Ganzt fir 45 Min. an deen waarmen Schiäffchen. Well all Schiäffchen annëcht schafft kontrolléier am besten mat engem Fleeschthermometer op den Poulet goud ass. Kärtemperatur soll ongeféier 80°C han.

Tipps

  1. Kuck datt Geméiss ongeféier selwischt deck geschnidden as, fir datt alles gläichmässig gart.
  2. Hual Fleesch van gouder Qualitéit, an loss Fleeschh vriaam brooden Raumtemperatur aanhualen, fir datt et gläichmässig gart, zemools Broststécker jänn jären drëchen wann se ze lang am Schiäffchen stinn.

Varianten

Zu den Varianten as net suvill ze soen, datt hei as een Menü bei deems du denger Fantasie freien loof kanns loossen. Du kanns na zousätzlich Kooschelen, Tomaten, Chouxfleurs, Broccoli ënnermëschen oder du hëlls nëmmen Courgetten, Broccoli, Tomaten, Oliven an Gromperen.

Genausu as et beim Fleesch, ech han Poulet gehollt, du kanns äwer o Schwengefleesch hualen oder sugar Brootwuuschten, an dobäi kanns du selwer entscheeden ob’s du Fleesch kleng schnégs an met ënnert Geméiss oder et uawen drop leechs.

Poulet op Geméiss

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

45

Minuten

Zutaten

  • 1 Poulet an 4 zerdeelt, oder Pouletstrempelen

  • 2 Paprika, gewäsch an gewürfelt

  • 500 g Gromperen, gewäsch an gewürfelt

  • 1 Ënnen

  • 2 Ziiwen Knuawléck

  • 4-5 EL Olivenualeg

  • 2 TL Majoran

  • 2 TL Oregnao

  • 1 TL Paprikapolwer

  • 1 TL Currypolwer

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • Peffer & Salz

Zoubereedung

  • D’Ënnen, de Knuawléck sämtlich Krégder an Gewürzer, den Olivenualeg an den Zitrounensaaft, verschaffen ech am Mixer zu enger déckflëssiger Past.
  • De Poulet pinselen ech domat an an loossen en iwert Nait zougedeckt am Frigo durichzéien.
  • Den Daag drop den pouet fréi genou aus dem Frigo hualen fir datt en viraam brooden Raumtemperatur aanhualen kann.
  • De Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • An enger Schossel Gromperen an den Paprika mateneen vermëschen. 2 EL Olivenualeg, Salz, Peffer an bëssen Rosmarin driwer verdeelen an alles goud vermëschen. Datt leen ech an eng feierfest From an verdeelen alles su datt et net zevill openeen légt. Do setzen ech eent Gitter drop an leen den Poulet op d’Gitter.
  • Datt setzen ech dann fir ongeféier 45 Min. an deen waarmen Schiäffchen. Kontrolléier Temperatur vam Fleesch am besten mat engem Fleeschthermometer, Kärtemperatur soll ongeféier 80°C han.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*