Hähnchen auf Gemüse

Poulet op Geméiss

An der Hektik vam Alldaag muss et o mol eng kéier mi siier goen, am besten äwer su, datt den Genoss net op der Streck bleift. Net ëmmer hat een Iddi op gruusartig Virbereedung – Poulet op Geméiss as d’Äntwert, no engem raffinéiertem Ässen ouni vill Opwand. Dëst Ässen vereent zarten Poulet mat knusperiger Hogt an eng bont Mëschung aus Paprika, Muurten, Courgetten, Gromperen, Ënnen. Dës harmonisch Kombinatioun as gewürzt mat Thymian, Oregano, Peffer, Salz, Paprikapolwer, Zitrounensaaft an bëssen Bréit.

Zutaten

  • Poulet
  • Botterschmalz
  • Paprika
  • Muurten
  • Courgette
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Bréit (Fleesch oder Geméiss)
  • Olivenualeg
  • gedrëchenten Thymian
  • gedrëchenten Oregano
  • Peffer & Salz
  • Paprikapolwer

Zoubereedung

De Poulet han ech an 4 Stécker zerdeelt, mat Salz an Peffer gewürzt an ongeféier 30 Min. bei Raumtemperatur durich zéien geloss.

De Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.

Iwerdeems han ech den Paprika gewäsch, entkärt an a Streifen van ongeféier 0,5 cm geschnidden.

Muurten han ech geschiällt an a Stäbercher geschnidden

Courgette han ech gewäsch, an déi kanns du an Ronselen oder an Stäbercher schnégden

Gromperen jiänn geschiällt an a Ronselen oder a Stäbercher geschnidden.

D’Ënnen schiälen ech an schnégden se an dënn Streifen, de Knuawléck jëtt geschiällt an fein gehackt.

Datt ganzt Geméiss, mam Knuawléck leen ech an eng feierfest Form, maan bëssen Olivenualeg drop an würzen goud mat Salz, Peffer, Paprikapolwer, Thymian an Oregano. Dann schëdden ech Zitrounensaaft mat der Bréit drop, Bréit soll net iwert dem Geméiss stoen.

Hähnchen auf Gemüse

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden den Poulet all rondrëm kräftig aan, deen leen ech dann mat der Hogt no uawen op d’Geméiss, net ant Geméiss andrecken en muss uawen drop leien soss jëtt Hogt net knusperig.

Am waarmen Schiäffchen ongeféier 45 Min. brooden, kontrolléier op den Poulet ganz durich as, an op Gromperen mëll sen, soss bëssen mi lang am Schiäffchen stoen loossen.

Hähnchen auf Gemüse

Tipps

  1. Kuck datt Geméiss ongeféier selwischt deck geschnidden as, fir datt alles gläichmässig gart.
  2. Hual Fleesch van gouder Qualitéit, an loss Fleeschh vriaam brooden Raumtemperatur aanhualen, fir datt et gläichmässig gart, zemools Broststécker jänn jären drëchen wann se ze lang am Schiäffchen stinn.
  3. Du muss keng Bréit drop maan, kuck dann just datt Geméiss ausgebreet op engem gruussen Baaschblech légt. Ech han hei Bréit drop gemaat well an der Form d’Geméiss zimlich openeen legt, et soll jo durich garen.

Varianten

Zu den Varianten as net suvill ze soen, datt hei as een Menü bei deems du denger Fantasie freien loof kanns loossen. Du kanns na zousätzlich Kooschelen, Tomaten, Chouxfleurs, Broccoli ënnermëschen oder du hëlls nëmmen Courgetten, Broccoli, Tomaten, Oliven an Gromperen.

Genausu as et beim Fleesch, ech han Poulet gehollt, du kanns äwer o Schwengefleesch hualen oder sugar Brootwuuschten, an dobäi kanns du selwer entscheeden ob’s du Fleesch kleng schnégs an met ënnert Geméiss oder et uawen drop leechs.

Poulet op Geméiss

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

45

Minuten

Zutaten

  • 1 Poulet an 4 zerdeelt

  • Botterschmalz

  • 2 Paprika, an Streifen geschnidden

  • 4 Muurten, an Stäbercher geschnidden

  • 2 Courgetten, an Ronselen oder Stäbercher geschnidden

  • 2 Ënnen, an dënn Streifen geschnidden

  • 4 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • 4-5 EL Olivenualeg

  • 2 TL Thymian

  • 2 TL Oregnao

  • 1 TL Paprikapolwer

  • Saaft van 1 Zitroun

  • 250 ml Bréit (Geméiss oder Fleesch)

  • Peffer & Salz no Geschmaasch

Zoubereedung

  • De Poulet mat Salz an Peffer würzen an fir ongeféier 30 Min. durich zéihen loossen.
  • De Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • An enger feierfester Form de Paprika, Muurten, Courgetten, d’Ënnen an den Knuawléck, mam Olivenualeg, dem Thymian, Oregano Paprikapolwer, Peffer an Salz goud vermëschen.
  • Zitounensaaft an d’Bréit drop schëdden an mëschen.
  • An enger waarmer Pann den Botterschmalz erhëtzen an den Poulet all rondrëm kräftig aanbrooden. op d’Geméiss leen, an am waarmen Schiäffchen ongeféier 45 Min. brooden. Kontrolléier op Fleesch durich gebrooden as an Gromperen mëll sen, soss na bëssen mi lang am Schiäffchen stoen loossen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*