Pouletbroschetten no persisch Art

Hokt kooschen ech eent ganz besonnischt Ässen. Dës köstlich Pouletbroschetten jänn jiären an der Summersaison zervéiert, well se erfrëschend, zart an saaftig sen.

Well zu aalen Zéckten ass d’Fleesch jären om oppene Feier gegrillt jänn, watt ëmmer eent gemeinschaftlicht Erliäfnis wor. O hokt kommen Familjen, Frënn an Kollegen jären zesaammen wann et heescht et jëtt gegrillt.

Meng Broschetten van hokt baséiren op engem persischen Rezept. Fleesch jëtt an enger aromatisch, erfrëschender Marinade marinéiert an dann gegrillt oder an der Pann gebrooden.

Zutaten fir meng Pouletbroschetten no persisch Art

Den Hauptdarsteller fir meng Broschetten ass Pouletfilet. Fir datt Fleesch su rischtig zart jëtt hualen ech Olivenualeg, Joghurt an Zitrounensaaft. Dann fehlt na deen richtigen Aroma, fir bëssen Luxus an dësem Ässen suarigen Safranfädem, ausserdeem duarefen an enger Marinade Ënnen, Knuawléck, Salz an Peffer net fehlen. Als Zousatz kënnt dann na Paprikapolwer an Cumin dobäi, datt jëtt deem Ganzen sein authentischen Goût.

Fir datt alles gelengt brausch ech eent schareft Messer, eent Schnégdbrett, de Blender oder Mixer, eng Grillpann oder den Grill, eng Zang, Holz- oder Metallspiessercher an eent klengt Dëppchen fir den Safran opzeliesen.

Zoubereedung

Am engem klengen Dëppchen liesen ech den Safran an 2 EL waarmem Waasser op. Deen loossen ech ongeféier 10 Min. durich zéien, fir datt en sein Aroma entfaalen kann.

D’Ënnen an den Knuawléck schiälen ech an schnégden alles an graff Stécker, déi leen ech an een Blender oder Mixer, do schëdden ech den Zitrounensaaft, den Olivenualeg, den Joghurt, den Safran, Salz, Peffer, Paprikapolwer an Cumin drop an püréiren alles ganz fein.

De Poulet schnégden ech an mondgerecht Stécker, leen en an eng Schossel an schëdden Marinade driwer, dann vermëschen ech alles goud an setzen d’Fleesch fir 3-4 Stonnen an den Frigo, am besten natiirlech ëmmer iwert Nait. D’Gedold lungt sech.

Notz du Holzspiessercher, dann wässer se fir ongeféier 30 Min. datt verhënnert dat se om Grill verbrennen.

Als ischt han ech den Reis gekooscht fir bei mengt Fleesch, dofir han ech een Basmatireis gehollt, deen ech mat duabel suivll Waasser, Salz an Kurkuma opgesatt han, subal en kooscht driien ech Hëtzt op niddrig an loossen den Reis mat Deckel su kooschen bis en d’Waasser all absorbéiert hat. Noodeems d’Waasser all fort as driien ech Plaque aus an leen paar Bläder Këchenpapeier zwëschen Dëppen an Deckel, den Deckel fest drop drécken, su hällt den Reis seng Hëtzt fir 1 bis 2 Stonnen an en verkooscht net. Et jänn Lékt die gléiwen mir datt net 😉 mais ech han et probéiert an en hällt Hëtzt tatsächlich an bleift sching fluffig.

De Poulet picken ech op Spiessercher op. Ech han lo nëmmen Fleesch op meng Spiessercher gemaat, du kanns zwëschen d’Fleeschstécker o na zousätzlich Geméiss, wie z.B. Ënnen, Paprika, Courgetten oder Tomaten mat oppicken.

D’Borschetten an enger waarmer Grillpann op mëttel bis hii Hëtzt durich gar brooden. Grills du se dann wiässel zwëschendurich ëmmer van direkter op indirekt Hëtzt, sie sollen net verbrennen. Aussrdeem kanns du während dem Grillen d’Broschetten na mat der Marinade anpinselen, watt na zousätzlichen Goût brengt.

Du kanns dës Broschetten direkt vam Grill zervéiren, an mat frësch gehacktem Péitersilich an Zitrounenspalten zervéiren.

Varianten

Variéiren kanns du Marinade na andeems du z.B. Granatäppeljus mat drënner mëchs, datt jëtt der Marinade mi een fruuchtigen Goût an harmonéiert goud mam Pouletfleesch. Du kanns des Marinade äwer o mat na mi Joghurt maan fir datt se na mi cremig jëtt. Ausserdeem kanns du na zousätzlich zur Marinade Kurkuma an Kardamom ënnermëschen, watt deem Fleesch een ganz besonnischen Goût jëtt.

Pouletbroschetten no persisch Art

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten
Marinéierzéckt

3-4

Stonnen

Zutaten

  • 800 g Pouletfilet, an mondgerecht Stécker geschnidden

  • Fir d’Marinade
  • 1 TL Safranfädem

  • 2 Ënnen, an graff Stécker geschnidden

  • 3 Ziiwen Knuawléck

  • Saaft van 2 Zitrounen

  • 4 EL Olivenualeg

  • 200 g Naturjoghurt

  • Salz

  • Peffer

  • 1 TL Paprikapolwer

  • 1 TL gemahlene Cumin

  • fir Garnitur, gehackten Péitersilich

  • Fir den Reis
  • 250 g Reis (Basmati, Langkären…)

  • 500 ml Waasser

  • 2 TL Kurkuma

  • 1-2 TL Salz

Zoubereedung

  • Fir d’Marinade
  • An engem klengen Dëppchen liesen ech d’Safranfädem an 1-2 EL waaremt Waasser op, an loossen se ongeféier 10 Min. zéien fir datt en sein Aroma entfaalen kann.
  • Sämtlich Zutaten fir d’Marinade fëllen ech an een Blender oder Mixer an püréiren alles fein.
  • An enger Schossel vermëschen ech den Poulet mat der Marinade an setzen se fir ongeféier 3-4 Stonnen an den Frigo, am besten natiirlech ëmmer iwert Nait. Gedold lungt sech.
  • Befir ech mech Broschetten maan kooschen ech den Reis. De Reis, d’Waasser an Gewürzer schëdden ech an eent Dëppen an loossen en opkooschen. Dann driien ech Hëtzt op niddrig an loossen den Reis mat Deckel su lang kooschen bis en datt ganzt Waasser absorbéiert hat. Dono driien ech Plaque aus an leen zwëschen Dëppen an Deckel paar Bläder Këchenpapeier, su hällt den Reis d’Hëtz fir 1-2 Stonnen ouni datt en verkooscht.
  • D’Fleesch spiessen ech op d’Broschetten op.
  • An enger waarmer Grillpann oder om Grill brooden ech Broschetten op mëttel bis hii Hëtzt bis se durich gar sen.
  • Zesaammen mam Reis an garnéiert mat gehacktem Péitersilich an evtl. na Zitrounenspalten zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*