Rosmaringromperen

Wann ech aan Rosmaringromperen denken, kommen mir net nëmmen knusperig Gromperen aus dem Schiäffchen an den Geroosch van Rosmarin an den Sënn. Hannert dëser einfascher Beilaag stëcht eng Geschicht.

Van der Knoll zum Klassiker, een Bléck an d’Vergangenheet

D’Geschicht van der Rosmaringromper fängt natiirlich mat der Gromper selwer aan. Wie sie Aafangs an Europa wor ass sie na zimlich skeptisch bekuckt jiän. Aanfangs ass sie fir ongenéissbar sugar gëftig gehaalen jiän. Gemellig hat sie hir Platz an deen ländlichen Këchen fond. Friederich den Gruussen hat d’Gromper an Mëtteleuropa populär gemaat andeems heen mat „Der Knolle des Volkes“ Reklam gemaat hat.

De Rosmarin hat ganz anner Wuurzelen. Deen kënnt aus dem Mëttelmiärraum an ass well an der Antik als Heelkrogt an Würzkrogt geschätzt jiän. D’Réimer han dëst Krogt well genotzt fir Fleesch domat anzereiwen. Irgendwann hat sech dann d’Gromper mam Rosmarin getroof, wahrscheinlich an Südeuropa, wu jiären mat aromatischen Krégder gekoscht jiët, an eng kulinairsch Romanz hat aangefongen.

D’Entwecklung, van engem Underdog zu enger Hauptroll

Lang Zékt haat d‘Rosmaringromper eent langweiligt Liäwen, als Beilaag beim Sonndesbroot, bei engem Grillowend oder bei Fësch. Äwer nodeems an den 80er an 90er Joeren die mediterran Këchen ëmmer mi populär jiän ass, wollt jidfereen mediterran kooschen. Mat Olivenualig, Fleur de sel an frëschen Krégder. D’Rosmaringromper ass su op modern Menükaarten kommen an ass net seelen sugar zu engem vegetarischen Hauptplat jiän.

Hokt sen sie aus kenger goud sortéierter Rezeptsammlung fortzedenken, op rustikal aus dem Schiäffchen, an der Pann geréistert oder sugar als fermentéierten Snack. An sie sen su wandelbar wie kaum eent annert Ässen.

Noohaltigkeet, Goût an Regionalitéit

Watt mëcht eng goud Rosmaringromper aus? Fir mëch: die rischtig Zutaten, wann miilisch regional, saisonal an mat Léift ausgewiält jiän.

Gromperen: Ech hualen festkooschend Zorten, déi ech mir meestens vam Frëschmaart matbrengen. D’Schaal bléift beim réisteren knusperig an datt Bannëcht jiët botterzart

Romsmarin: kloer kann een Rosmarin am Buttik koofen, äwer een Strauss op der Terrasse oder am eegen Gaart lungt sech. Frësch gepléckt rëscht de Rosmarin na mi intensiv, an et wees een van wu en kënnt. Rosmarin ass iwerigens een Iwerläwenskënstler, sugar am Wanter hat en bei mir dobaussen iwerliäft.

Ualig an Salz: O hei lungt sech Qualitéit. Een extra nativen Olivenualig ass hei fir mech datt Best. Beim Salz ass grafft Salz datt best, datt jiët der Gromper während dem réisteren eng fein Krust.

Klengen Extra: ongeschiält Knuawelek, paar Schalotten mat réisteren oder viraam zervéiren bëssen Zitrounenzesten datt brengt zousätzlichen Aroma. An wann et mol mi herzhaft sen soll, een würzen Kiiss wie z.B. Feta oder Parmesan.

Techniken, die bleiwen: Fermentatioun & Haltbarkeet.

Rosmaringromperen selwer loossen sech schwéier konservéiren, frësch aus dem Uawen schmaaschen sie einfasch am besten. Et jiët äwer clever Liesungen, fir d’Zutaten oder d’Rester noohaltig ze notzen.

Fermentéierten Knuawelek zum Beispill ass een wonnerbaren Extra. Einfasch die geschiälten Knuaweleksziiwen an Salzwaasser mat bëssen Essig, Päfferkären an Rosmarin anleen an locker zougedeckt 2 Wooschen bei Zëmmertemperatur stoen loossen. Deen mëllen, liit säierlichen Goût passt perfekt zu Gromperen aus dem Schiäffchen.

Oder Rosmarinsalz selwer maan. Frëschen Rosmarin mat grawem Salz am Mörser zerstuussen op eent Baaschblech ausbreeden an bei niddriger Temperatur am Schiäffchen oder am Dörrautomat drëchnen. An Gläser aafgefëllt hällt sech dëst Salz Meentelang, an ass ausserdeem eent idealt Geschenk aus denger Këchen.

Gromperenrester loossen sech wonnerbar viraan verschaffen, als Fëllung fir Wraps, oder püréiert an eng herzhaft Zopp gemixt. Ausserdeem kanns du se ganz einfasch na eng kéier an enger Pann brooden.

Watt brengt d’Zukunft?

Ech mengen Rosmaringromperen han hir best Zékt na viran sech. An enger Welt an der Noohaltigkeet an regional Zutaten ëmmer mi wichtig jiän, steht dës Beilaag fir genau datt, Einfaschheet, Qualitéit an Goût.

Villäicht jiän mir an der Zukunft na mi kreativ. Ween wees wie sech Ziichtungen van Gromperen entweckelt, et kënnt villäicht eng kéier eng regional, nährstoffräich, klimaresistent an trotzdem, eng Gromper voller Goût op den Maart. Wann se dann na mat echtem Rosmarin aus dem Gaart kombinéiert jiët, bleift dësen Klassiker liäwig an relevant.

Nei Kombinatiounen mat anneren Krégder wie Thymian, Salbei oder sugar Lavendel han well längst hiren Platz an eisen Këchen fond.

Zoubereedung

Gromperen wäschen ech firtischt grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser. Fir datt se hiren rustikalen Charme behaalen schiälen ech se net. Geschnidden han ech se an véirel, sie kannen äwer o ganz bleiwen oder nëmmen halbéiert jiän. Déi leen ech an eng Schossel.

De Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.

An enger klenger Schossel mëschen ech mir Olivenualig, mat grawem Salz an Rosmarin. Am besten sen hei frësch gestrëppten Rosmarinnoolen, déi kleng gehackt jiän. Alternativ kanns du äwer o gedrëchenten Rosmarin hualen.

Dës Mëschung schëdden ech iwert Gromperen an vermëschen alles goud mateneen. D’Gromperen verdeelen ech op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech, passen bëssen drop op, datt se net zevill openeen leien.

Dozwëschen leen ech ongeschiälten äwer liit aangedreckten Knuaweleksziiwen. Su setzen ech datt Ganzt an deen waarmen Schiäffchen.

Gromperen brauschen ongeféier 40 MIn. No 20 Min. hualen ech se aus dem Schiäffchen an vermëschen alles eng kéier. De Schiäffchen stellen ech dann ëm op Ëmloft, sie kreie su eng mi sching brong Kuuscht bleiwen äwer van bannen mëll.

Natiirlich kanns du d’Gromperen van Aafank aan mat Ëmloft baaschen, sie jiän dann mi knusperig.

Viraam zervéiren streien ech frësch gemahlene schwarze Päffer an bëssen Fleur de Sel driwer. Hei kanns du o Zitrounenzesten an Kiiss driwer streien.

Fazit

Rosmaringromperen sen bëssen mi wie nëmmen eng Beilaag. Sie erzällen Geschichten, van südamerikanischen Felder, mediterraner Këchen, van eisen Gärt an modernem Foodtrends. Ween sie zoubereet, regional ankeeft an kreativ bleift, hat eent Ässen, datt Generatiounen mateneen verbënnt.

Rosmaringromperen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedung

15

Minuten
Kooschen

40

Minuten

Zutaten

  • 800 g festkooschend Gromperen, gewäsch an je no griist halbéiert oder gevéirelt

  • 3 Ziiwen Knuawelek, ongeschiält äwer aangedreckt

  • 3-4 EL Olivenualeg

  • 1 EL frësch Romarinnoolen, fein gehackt, Alternativ 1-2 TL gedrëchenten Rosmarin

  • 1 TL grafft Salz

  • Fir den Topping
  • 1 TL Fleur de Sel

  • 1 TL frësch gemahlene schwarze Päffer

  • Optional: Zesten van 1 Zitroun, Feta oder geriwene Parmesan

Zoubereedung

  • De Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
  • An enger klenger Schossel vermëschen ech den Olivenualig mam Salz an Rosmarin. Dës Mëschung schëdden ech iwert d’Gromperen an vermëschen alles goud mateneen.
  • D’Gromperen verdeelen ech op eent mat Baaschpapeier ausgeleiten Blech an passen do drop op, datt se net zevill openeen leien. De Knuawelek leen ech dozwëschen.
  • Gromperen brauschen ongeféier 40 Min.
  • No 20 Min. hualen ech d’Gromperen eng kéier aus dem Schiäffchen an vermëschen an driien se.
  • De Schiäffchen stellen ech op Ëmloft ëm an baaschen se su fiärdig.
  • Als Topping streien ech frësch gemahlene Päffer an Fleur de Sel driwer.
  • Optional kanns du Zitrounenzesten an Kiss driwer streien.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*