Salsa di panna ai cipolle mat Kooschel-Ricotta-Ravioli

Hogt a mengem Artikel drigt sech alles ëm Salsa di panna ai cipolle mat Kooschel-Ricotta-Ravioli. Dëst Ässen vereent die eerdig Aromen van den Kooschelen mat enger séisser Ënnen-Rahm-Zooss. Ravioli selwer sen gefëllt mat enger Mësung aus Ricotta an Kooschelen, an sen een Klassiker an der italienischer Këchen.

D’Kombinatioun van dësen Aromen hat hir Wuurzelen déif an der italienischer Ässkultur, wu einfasch Zutaten mat vill Léift an Gedold zoubereet jänn.

Zutaten fir meng Salsa di panna ai cipolle mat Kooschel-Ricotta-Ravioli

Dofir han ech färdeg frësch Ravioli beim Italiener kooft, jo du duarefs o färdiger koofen 😉 . Dann brausch ech na Ënnen, Knuawléck an bëssen Zitrounensaaft. Fir die rischtig Bindung kennt ganz klassisch een Roux an den Ansatz, an fir den Geschmaasch notzen ech, Bréit, Salz, Cayennepeffer an Thymian. An de Schmand duaref natiirlech net fehlen, soss wir et jo keng Ënnenrahmzooss. An zum Schluss kënnt na bëssen frësch gerriwene Parmesan oder Pecorino mat dran.

Dann brausch ech na eent gruust Dëppen fir Ravioli ze kooschen, eng Pann fir Zooss ze kooschen, eent Schnégdbrett, eent schareft Messer an een Holzeläffel.

Zoubereedung

Ech fänken domatt aan, datt ech d’Ënnen schiälen, halbéiren an, an dënn Streifen schnégden. De Knuawléck schiälen ech an hacken en fein.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech den Botter op mëttel Hëtzt an brooden do dran d’Ënnen bis se sching brong karameliséiert sen, datt hëllt bëssen Zéckt an aansprooch, muss äwer op niddrig bis mëttel Hëtzt gemaat jänn, well d’Ënnen soss net hiren séissen zwibbelartigen Aroma entwécklen. Subal déi sching brong sen, mëschen ech den Knuawléck drënner. Wann deen aafänkt mat rauschen schëdden ech den Zitrounensaaft drop an loossen deen komplett ankooschen.

Dat Ganzt stëppsen ech dann mat Miähl an, an réisteren datt kuurz mat aan, driien Hëtzt rop an dann schëdden ech Bréit drop an ënner stännigem réiren loossen ech Zooss opkooschen. Hëtzt driien ech dann rëm raaf, an loossen Zooss ongeféier 20 Min. bis 25 Min. op niddirger Hëtzt auskooschen, dobäi ëmmer mol rëm dran réiren.

Schmaaschen Zooss an würzen mat Salz, Cayennepeffer an Thymian. Ech han gedrëchenten Thymian gehollt, du kanns äwer o 1-2 Thymianäst dran leen an zum Schluss rëm aus der Zooss hualen.

Iwerdeems Zooss auskooscht, setzen ech eent Dëppen mat goud gesalzenem Waasser op an kooschen Ravioli no Packaaweisung al dente.

Zum Schluss schëdden ech den Schmand dobäi, vermëschen alles goud an loossen Zooss bis op die gewënschten Konsistenz reduzéiren.

Zooss vermëschen ech mat deen al dente gekooschten Ravioli, zéien Dëppen vam Feier an mëschen bëssen Parmesan drënner, vermëschen alles bis den Kiiss geschmolz ass.

Direkt zervéiren an fir Garnitur na bëssen Parmesan an gehackten Péitersilich driwer streien.

Tipps

  1. Pass do drop op d’Ënnen glächmässig ze schnégden, fir datt se glächmässig garen.
  2. Loss d’Ënnen hir Aarbicht maan, Gedold ass hei den Schlëssel fir séiss, karameliséiert Ënnen ze kreien.
  3. Befirs du Ravioli drënner mëchs, probéier deng Zooss, fir sëcherzestellen datt alles pefekt Gewürzt ass.

Salsa di panna ai cipolle mat Kooschel-Ricotta-Ravioli

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 2 déck Ënnen, geschiält an dënn Streifen geschnidden

  • 2 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 2 EL Miähl (40 g)

  • 35 g Botter

  • 300 ml Bréit

  • Salz

  • Cayennepeffer

  • 1 TL Thymian

  • 200 ml Schmand

  • 600 g frësch Kooschel-Ricotta-Ravioli

  • frësch gerriwene Parmesan

  • gehackten Péitersilich

Zoubereedung

  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt den Botter, an brooden do dran d’Ënnen an loossen se sching brong karamelsiséieren.
  • Subal d’Ënnen sching brong sen, mëschen ech den Knuawléck drënner an wann deen aafänkt mat rauschen schëdden ech Zitrounensaaft drop an loossen deen ganz ankooschen.
  • Datt Ganzt stëppsen ech dann mat Miähl an, an réisteren datt kuurz mat aan. Driien Hëtzt dann rop an schëdden d’Bréit drop, ënner stännigem réiren loossen ech Zooss opkoschen. Dann driien ech Hëtzt rëm raaf, an op niddriger Hëtzt loossen ech Zooss ongeféier 20 Min. bis 25 Min. auskooschen.
  • Schmaaschen an würzen Zooss mat Salz, Cayennepeffer an Thymian.
  • Iwerdeems Zooss auskooscht setzen ech eent Dëppen mat goud gesalzenem Waasser op an kooschen Ravioli do dran al dente.
  • Zum Schluss schëdden ech Rahm drop an loossen Zooss bis op die gewënschten Konsistenz reduzéiren.
  • Ravioli schëdden ech aaf, an mëschen se virsichtig ënnert Zooss. Zéihen Zooss dann vam Feier an mëschen eng goud Handvoll gerriwene Parmesan drënner. Vermëschen alles bis den Kiiss geschmolz ass.
  • Direkt zervéiren an mat frëschem Parmesan an gehacktem Péitersilich garnéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*