Shirazizaloot

Shirazizaloot as een erfrëschende persischen Zaloot, deen sein Naam van der Stadt Shiraz am Iran hat. Dës Zaloot besteht hauptsächlich aus kleng gewürfelt Tomaten, Cornichon, Ënnen oder Schalotten, Péitersiliech an frësch Mënz. Zutaten jiänn kleng gewürfelt an enger Schossel gemëscht an just mat Zitrounensaaft an Olivenualeg an Salz gewürzt, watt him een erfrëschende Geschmaasch jëtt. Shirazizaloot as eeng beléift Beilaag bei villen persischen Menüer an passt ausgezeechent zu gegrilltem Fleesch an verschidden Reismenüer. En as liit zouzebreeden an perfekt fir een waarmen Summerowend.

Firwatt as dës Zaloot su goud?

Hogt krëtt een Geméiss datt ganzt Joer iwer ze koofen, mais am besten as dës Zaloot wann am Gaart Tomaten an Cornichons zégdig sen. Eng gesond Mëschung, voll Vitaminen aus Tomaten, Cornichons, rugden Ënnen, frësch Mënz, frëschen Péitersilich an frëschen Dill.

Spillt Wiädder dann na mat, as et een van deen besten Zaloot bei Gegrilltem, erfrëschend, gesond an voll Aroma. Dës Zaloot passt äwer net nëmmen bei Gegrilltes o all anneren Menü krëtt heimatt een erfrëschende Goût.

Watt brausch ech?

Du brauchs nëmmen eng Handvoll Zutaten:

  • Cornichons, ech wor den moien zu Dikrech om Maart an han mir do vam Stand “Am Gaertchen” Cornichons mat breit. Du kanns natiirlech egal watt fir eng Cornichons hualen, die kleng Cornichons oder die gruss Geméisscornichons. Wichtig as, datt se geschiällt an entkärt jiänn.
  • Tomaten, an o Tomaten kommen van Dikrech van Maart, ech han deck Fleeschtomaten gehollt, an o hei kanns du hualen watts du wëlls, Roma han manner Kären.
  • rugd Ënnen, traditionell jëtt dësen Zaloot mat rugden Ënnen gemaat, ech han äwer Schalotten gehollt, ech han de Goût van den Schalotten léiwer an enger Zaloot.
  • Zitrounen- oder Limettensaaft, traditionelle jëtt “Ab-Ghooreh” gehollt, datt as deen sauren Saaft van junge gréinen Drauwen, déi gepresst jiänn. – Ähnlich dem fransiischen “Verjus”, äwer net su séiss. Mat Zitrounensaaft klappt datt äwer o ganz goud.
  • Frësch Krégder, Péitersilich, Dill an Mënz, wann een van dësen Krégder dir net schmëscht kanns du et o einfasch fort loossen.
  • Olivenualeg
  • Salz

Zoubereedung

Cornichons han ech geschiält an entkärt an a kleng Würfelen geschnidden, déi han ech dann an eng Sei geleit mat bëssen Salz, su datt na mi Waasser raus zéien kann.

Datt selwischt han ech mat den Tomaten gemaat, o mat bëssen Salz op enger Sei eng halef Stonn stoen lossen fir datt Waasser rauszéien kann.

Schalotten han ech an kleng Würfel gescnidden.

Tomaten, Gruken, Zwiebeln, Petersilie, Minze

Tomaten, Cornichon an Schalotten han ech dann an enger Schossel mateneen vermëscht. Mengem Geschmaasch no Peffer an Salz ënnergemëscht.

Zum Schluss han ech den Zitrounensaaft an den Olivenualeg drop geschott an alles goud mateneen vermëscht.

Fir datt best Resultat

Dës Zaloot schmëscht goud wann se op mannst eng halef Stonn durich zéiht, na besser jëtt se wann se iwert Nait durichzéihen kann. Dës Zaloot hällt sech 3-4 Deeg an engem loftdichten Dëppechen. Natiilech zéiht Zaloot dann vill Waasser.

Varianten

Dës einfasch Zaloot, lisst ganz vill Miilechkeet op fir se ze verfeineren. z.B. mat Feta oder Mozzarella. Zousätztlich Krégder wie Basilikum. Mat enger annerer Zaloot mëschen. Kleng gewürfelten Paprika ënnermëschen, do kanns du o na mat den Faarwen spillen, mat Paprika oder Chili sen mer well bei enger Pico de gallo. Miilechkeeten sen onendlich.

Shirazizaloot

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

15

Minuten
Ruhzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 500 g kleng gewürfelt Tomaten

  • 2 gruuss geschiält an entkärten Cornichons

  • 2 gewürfelt Schalotten

  • 2 EL frësch gehackten Péitersilich

  • 2 EL frësch gehackten Dill

  • 2 EL frësch gehackten Mënz

  • Saaft van 2 Zitrounen

  • 4 EL Oilvenualeg

  • Salz

Zoubereedung

  • Die geschnidden Tomaten an eng Sei leen, salzen an 30 Min. stoen loossen.
  • Genausu die geschnidden Cornichons, salzen an 30 Min. stoen loossen, su kann Waasser rauszéien.
  • Tomaten, Cornichons an Schalotten an enger Schossel mateneen mëschen.
  • No Geschmaasch würzen.
  • Den Zitrounensaaft an Olivenualeg ënnermëschen.
  • Fir eent goud Resultat op mannst 30 Min. an de Frigo stellen.
  • Fir eent bessert Resultat den Zaloot well den Daag virdraan maan an am Frigo durich zéien loossen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*