Pico de Gallo

Pico de Gallo as een klassischen mexikanischen Zaloot oder “Salsa”, datt all anner Zaloot, oder Menü een erfrëschenden scharefen Goût jëtt.

Et as eng Zaloot déi einfasch an siier gemaat as, an just aus 6 Saaschen besteht. Gewürfelt Tomaten, Ënnen, Jalapenos, frëschen Koriander, Limette- oder Zitrounensaaft an Salz. Et as wie mal all Rezept, ënnerscheeder jiänn et ëmmer su sen o Regiounen, déi Geméisscornichon an/oder Paprika mat dran maan.

Den Ënnerscheed zwëschen Picco den Gallo an Salsa as datt alles watt an de Picco den Gallo kënnt rii an kleng gewürfelt as. An eng Salsa kann een o gedrëchent oder gekooschten Tomaten mëschen an Salsa hat eng pürée ähnlich Textur.

Pico de Gallo heescht iwersatt Hahneschnaawel. Wie deen Naam entstannen as wees keen genau et jiän verschidden Geschichten, die eng soen durich déi sching Faarwen déi deen Zaloot hat. Die anner soen well Pico de Gallo wirklich scharef as an datt aant Picken van engem Schnaawel erënnert…

Tomaten sen deen wichtigsten Bestandeel van deem Zaloot. Een deen et lo net jiären su scharef hat, kann o am Platz van den Jalapenos, rugde Spitzpaprika hualen, et jëtt dodurch mi fruuchtig hat äwer trotzdeem sein vollen Aroma. An et soll een den Zaloot paar Stonnen durich zéien loossen. De Wanter kanns du o Kiischtentomaten hualen, déi han ganzt Joer iwer vill Aroma.

Hei dann Rezept wie ech den Pico de Gallo gemaat han.

Pico de Gallo

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

30

Minuten
KooschzécktMinuten

Watt brausch ech?

  • 500 g Tomaten

  • 1 Geméisscornichon

  • 2 Ënnen

  • 3 rugd Spitzpaprika

  • 2 frësch Chilischoten

  • Saaft van 2-3 Limetten

  • 1 Botte frëschen Koriander

  • 1-2 TL Salz

Wie jëtt gekooscht

  • Tomaten véirelen, entkären an a kleng Würfelen schnegden.
  • Cornichon schiälen, halbéiren, entkären, an an kleng Würfelen schnegden. Cornichon schiälen ech aus deem Grond, ënnert der Schaal setzen zwar die meest Nährstoffer äwer o Batterstoffer. Fir dann na deen deen rest batteren Geschmaasch raus ze kreien wässeren ech se ongeféier 1 Stonn am Salzwaasser. Dann wäschen ech se grëndlich ënner fleissendem kaalen Waasser aaf an verschaffen se firan.
  • D’Ënnen, Chilischoten an de Koriander ganz fein hacken. Beim Koriander scheeden sech Geester, hast du en net jiären, kanns du o Péitersilich hualen.
  • De Paprika entkären an kleng Würfelen.
  • Dann alles an enger Schossel mateneen vermëschen, Limettensaaft drop schëdden an dann mol just 1 TL Salz mat ënnermëschen. Ech han an meng Zaloot o na Zeste van 1 Limette mat ënnergemëscht.
  • Setz Zaloot fir 1 Stonn an den Frigo, dono probéiren an evtl. na 1 TL Salz ënnermëschen.

Akooschen Baaschen Basilikum Botter Brugd Bungenkrogt Bärlauch Curry Dip Essig Fett Fleesch Gefligel Gehacktes Geméiss Gewürz Gewürzmëschung Grillen Gromperen Kalef Knuawléck Kooschen Krégder Muurten Nuddelen Olivenualeg Paprika Pasta Peffer Pesto Poulet Randfleesch Reis Rosmarin Réckbléck Salz Sauerdeeg Speck Tomaten Wuuscht Zitroun Zocker Zooss Zoossenfond Zopp

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.

*