Spaghetti an enger Paprikaschmandzooss

Hogt sen ech an der vegetarischer Këchen ënnerweesch mat – Spaghetti an enger Paprikaschmandzooss. Dësen Menü vereent die herzhaft würzig Aromen vam Paprika mat der cremigkeet vam Schmand. Dës Pasta hat sech an villen Kulturen, durich die einfasch Zoubereedung an deen herzhaften Geschmaasch, zu engem Favorit fir Feinschmecker entwéckelt. Egal op fir een siieren Menü oder eent Ässen mat Frënn et as ëmmer een Highlight an wärt deng Lékt begeesteren.

Zutaten fir Spaghetti an enger Paprikaschmandzoss

Hual dir dein Kuaref an breng dir aus dem Buttik, eng van den Lieblingsnuddelen van allen Pasta-Liebhaber mat – d’Spaghetti, fir deen herzhaften Geschmaasch jëtt dann na rugden Paprika gebrauscht, natiirlech kanns du o die 3 Faarwen hualen, ech haat na rugden an jiällen am Frigo leien. Dann brauschst du na Ënnen, Knuawléck, Pelati, Schmand, Parmesan an Olivenualeg. Fir deen rischtigen Geschmaasch suarigt Salz, Peffer, bëssen Maggikrogt an bëssen van menger Geméisspast. An fir zum Schluss na een Faareftupfer ze setzen frëschen Péitersilich.

Fir datt dësen Menü gelengt brauschst du 2 Dëppen oder eng Pann an eent Dëppen, eent Schnégdbrett, eent schareft Messer, een Holzeläffel, eng Sei, een Püréierstaaf an eng Kiisreif.

Zoubereedung

D’Ënnen an den Knuawléck schiälen ech an hacken en graff. De Paprika wäschen ech, entkären en an schnégden en an graff Stécker. Zooss jëtt zum Schluss püréiert et geht also net su genau mam schnégden.

An engem waarmen Dëppen oder enger Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden do dran d’Ënnen aan, du kanns se einfasch glasig aanbrooden, wanns du äwer mi Aroma wëlls dann hual dir Zéckt an looss d’Ënnen op mëttel Hëtzt karameliséiren, du jëss mat suvill mi Aroma belount. D’Ënnen liit salzen.

Subal d’Ënnen sching brong aangebrooden sen mëschen ech den Knuawléck drënner an wann deen aafänkt mat rauschen, schëdden ech den Paprika dobäi, han o hei loossen ech mir Zéckt an brooden deen op mëttel Hëtzt grëndlich aan. Liit salzen.

Als nächst schëdde ech den Pelati drop, an leen Maggikrogt mat dran. Hëtzt driien ech rop an loossen Zooss opkooschen, dann driien ech Hëtzt rëm raaf, an op niddriger Hëtzt loossen ech Zooss kooschen bis den Paprika goud mëll ass. Schmaaschen an würzen mat Salz, Peffer an menger Geméisspast.

Iwerdeems Zooss kooscht setzen ech eent gruust Dëppen mat goud gesalzenem Waasser op. Subal datt kooscht, kooschen ech d’Nuddelen no Packaaweisung al dente. No der Halschent van der Kooschzéckt scheffen ech eng Tass Nuddelwaasser raus an stellen datt op Ségt bis ech et brausch.

Zooss püréiren ech mam Stabmixer, schmaaschen se an würzen evtl na no. Dann schëdden ech den Schmand drënner an vermëschen alles goud mateneen, op niddriger Hëtzt loossen ech Zooss kooschen bis Nuddelen färdeg sen.

D’Nuddelen schëdden ech aaf, an schëdden zercék ant Dëppen, dann mëschen ech 2 Louschen Zooss drënner. Sollt Zooss ze deckflëssig sen, bëssen Nuddelwaasser drop schëdden. Dëppen zéien ech vam Feier an ënner stännigem réiren mëschen ech den Péitersilich an deen gerriwene Parmesan drënner bis en ganz geschmolz ass.

D’Nuddelen verdeelen ech op Telleren, an streien na bëssen frësch gerriwene Parmesan driwer.

Tipps

  • Timing ass alles, bereet alles fir befirs du aafänks mat kooschen, datt erliitert datt Ganzt enorm.
  • Schmaaschen, schmaaschen an na eng kéier schmaaschen, ech probéiren sugar mengt Nuddelwaasser op et salzig genou ass.
  • Zooss waart ëmmer op Pasta an net ëmgedrigt.

Porbéier dech aus:

Zousätzlich kanns du gedrëchent Tomaten oder fir bëssen mi Feier frësch fein gehackten Chilischot mat drënner mëschen. Genau su kanns du deng Zooss mat frëschen Krégder wie Thymian oder/an Rosmarin verfeineren. Am Platz vam Parmesan kanns du Feta ënnert Zoss mëschen, fir een anneren, äwer graad su gouden Geschmaasch ze kreien.

Spaghetti an enger Paprikaschmandzooss

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 500 g Spaghetti

  • 3-4 rugd Paprika, an graff Stécker geschnidden

  • Olivenualeg fir ze brooden

  • 1 Ënn, graff gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, graff gehackt

  • 400 ml Pelati (1 Kleng Béchs)

  • 200 ml Schmand

  • 150 g frësch gerriwene Parmesan

  • 2 Bläder Maggikrogt

  • 1 TL van menger Geméisspast

  • Salz

  • Peffer

  • Péitersilich, gehackt

Zoubereedung

  • An engem waarmen Dëppen oder Pann erhëtzen ech bëssen Olivenuale, op mëttel Hëtzt brooden ech d’Ënnen aan bis se sching brong sen. Dann mëschen ech den Knuawléck drënner an subal deen aafänkt mat rauschen schëdden ech den Paprika dobäi an brooden deen mat.
  • Als nächst schëdden ech den Pelati drop, an leen Maggikrogt mat dran. Dann driien ech Hëtzt rop an loossen Zoss opkooschen. Op niddriger Hëtzt loossen ech Zooss dann su lang kooschen bis den Paprika goud mëll ass. Schmaaschen an würzen mat Salz, Peffer an menger Geméisspast.
  • Iwerdeems Zooss kooscht setzen ech eent gruust Dëppen mat goud gesalzenem Waasser op, subal datt kooscht, kooschen ech d’Nuddelen no Packaaweisung al dente. No der Halschent van der Kooschzéckt scheffen ech eng Tass Nuddelwaasser raus an stellen déi op Ségt bis ech se brausch.
  • Mam Püréierstaaf püréiren ech Zooss, schmaaschen na eng kéier an würzen evtl. na no. Dann schëdden ech den Schmand dobäi an verréiren alles goud mateneen. Zooss lossen ech op niddriger Hëtzt viraan kooschen bis d’Nuddelen al dente sen.
  • D’Nuddelen schëdden ech aaf an schëdden se zeréck ant Dëppen, do mëschen ech dann ongeféier 2 Louschen van der Zoss drënner an vermëschen alles goud mateneen, sollt Zooss ze deckflëssig jänn bëssen Nuddelwaasser dobäi schëdden.
  • Dëppen zéien ech vam Feier an mëschen ënner stännigerm réiren den Péitersilich an deen gerriwene Parmesan drënner bis en geschmolz ass.
  • D’Nuddelen verdeelen ech op Telleren an viramm zervéiren streien ech na bëssen gerriwene Parmesan driwer.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*