Tomatenhummus

Hummus ass eent beléift Ässen aus dem Nohen Osten, datt mëttlerweil weltwégt geschätzt jëtt. Traditionell jëtt Hummus aus Kicheriärbessen, Tahini, Zitrounensaaft an Knuawkléck gemaat. Hokt hualen ech dech mat, an ech peppen den Klassiker bëssen op: Tomatenhummus mat wäissen Bungen! Dës Variant brengt frëschen Wand an d’Hummus-Welt an iwerzeecht mat enger cremiger Konsistenz an engem fruuchtigen Goût durich die gedrëchent Tomaten.

Hummus aus wäissen Bungen hat sein Ursprong an der kreativer Këchen, déi jären mat klassischen Rezepter spillt. Während Hummus aus Kicheriärbessen an Länner wie den Libanon, Israel an Syrien ségt Joerhonnerten zum Alldaag gehiiert, béid die wäiss Bungen-Variant eng Aafwiässelung, besonnig an Europa an Nordamerika, wu jären experimentéiert jëtt. Ausserdeem muss ech soen, schmëscht mir den Hummus mat wäisse Bungen besser wie deen mat Kicheriärbessen.

Zutaten fir mein Tomatenhummus

Wäiss Bungen – dës Proteinbomm fënns du an der Bëchs oder gedrëchent. Dann die séiss Sonnenkanner aus Italien – gedrëchent Tomaten maan alles besser. Natiirlech duaref den Knuawléck net fehlen. An een gouden Hummus gehiiert Tahini eng Sesampast déi een mëttlwerweil an all Buttik fënnt. Fir d’Frëschheet brausch ech na Limettensaaft, an fir die richtig Konsistenz an den Glanz suarigt Olivenualeg. Fir die sching Faaref suarigt Paprikaplower, séiss, scharef oder gereechter an fir all déi die jären mam Feier spillen – Chiliflocken! Gewürzt han ech mein Hummus mat Salz, Peffer an Basilikum. Fir datt Ganzt ze mixen brausch ech dann na paar Äiswürfelen.

Zoubereedung

Die wäiss Bungen, solls du dech fir gedrëchenter Entscheeden iwert d’Nait anweechen an dann am Salzwaasser mëll kooschen. Dann komplett auskéilen loossen. Ech han Bungen aus der Béchs gehollt, déi han ech op eng Passette geschott an grëndlich ënner kaalem Waasser aafgewäsch. Dann han ech se an een Blender oder Mixer geschott.

Als nächst han ech die gerdëchent Tomaten, de geschiälten Knuawléck, de Baslikum, Chiliflocken, Paprikapolwer, Salz, Peffer an den Limettensaaft mat an den Blender gefëllt. Datt han ech dann gemixt an subal datt alles aafänkt cremig ze jänn, mëschen ech Tahini Äiswürfelen an bëssen Olivenualeg drënner. D’Äiswürfelen kommen mat dran fir datt den Hummus während dem Mixen net ze waarem jëtt.

Zum Schluss han ech den Hummus na geschmaascht an wann nigdig noogewürzt.

Subal den Hummus die richtig cremig Konsistenz hat, an eng kleng Schossel fëllen an mat bëssen Olivenualeg, an mat paar Chiliflocken an Paprikpolwer garnéiert zervéiren.

Tipps

Konsistenz vam Hummus soll cremig äwer net flëssig sen, pass bëssen op mam Olivenualeg an mat den Äiswürfelen, léiwer no an no dobäi schëdden wie alles op eng kéier.

Solls du keng Tahini fannen, kanns du o geréistert Pinienkären ënnermëschen an mat kleng mixen.

Du kanns verschidden Krégder ënnermëschen, ech han Basilikum gehollt goud passen o Péitersilich an Oregano.

Den Hummus ass an engem loftdichten Dëppchen 3 – 4 Deeg am Frigo haltbar.

Tomatenhummus

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Virberreedungszéckt

15

Minuten

Zutaten

  • 250 g wäiss Bungen, aus der Béchs, aafgedrëpst an grëndlich aafgewäsch

  • 80 g gedrëchent Tomaten

  • 2 Ziiwen Knuawléck

  • 2 EL Limettensaaft

  • Salz

  • Peffer

  • 1 TL gereechert Paprikapolwer

  • 0,5 TL Chiliflocken

  • 2 TL gedrëchenten Basilikum

  • 2 EL Tahini (Sesampast)

  • 3-4 EL Olivenualeg

  • 2-3 Äiswürfelen

Zoubereedung

  • An een Mixer oder Blender leen ech Bungen, die gedrëchenten Tomaten, de Knuawléck, Limettensaaft, Peffer, Salz, gereechert Paprikapolwer, Chiliflocken an de Basilikum, datt mixen ech bis et fein püréiert ass.
  • Dann mixen ech Tahini, Äiswürfelen an den Olivenualeg mat drënner, bis den Hummus eng cremig Konsistenz hat.
  • Den Hummus zervéiren ech an enger klenger Schossel garnéiert mat bëssen Olivenualeg, Chiliflocken an Paprikapolwer.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*