Tortillas oder Enchiladas

Gefëllt an iwerbaaschen Tortillas, een puurt Soul-food. Stell dir vir, würzigt Fleesch ënnert enger crémiger Paprika-Courgettenzooss, mat Kidneybungen an vill Kiiss, alles ëmhëllt van enger mëller Tortilla an am Schiäffchen goldbrong iwerbaasch. Perfekt fir eent gemütlicht Ässen!

Watt ass su goud aan dësem Rezept?

  • Gesond Zutaten, vill Eiwäiss, frëscht Geméiss an ballaststoffräich Bungen.
  • Crémig, kiisig, würzig an frësch Komponenten an engem perfekten Gläichgewiit.
  • Du kanns no Lost an Laun variéiren, extra scharef, vegetarisch oder mat Kiiss.

Zutaten an Zoubereedung

Fleesch han ech an dënn Sträifen geschnidden, an eng Schossel geleit an mat Olivenualig, Zitrounensaaft, Salz, Päffer, gehackten Ënnen, gehacktem Knuawelek, bëssen Cumin, Paprikapolwer an Oregano vermëscht, su han ech et eng goud Stonn marinéiren geloss.

Iwerdeems han ech eng Ënn an dënn Sträifen geschnidden. De Paprika han ech gewäscht, entkärt an a kleng Würfelen geschnidden. D’Courgette han ech gewäsch an o kleng gewürfelt. De Knuawelek han ech fein gehackt. Kidneybungen han ech aafgeschott an grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser gewäscht, su datt Konservéirungsflëssigkeet komplett aafgewäsch ass.

An enger waarmer Pann han ech d’Fleesch goldbrong aangebrooden, datt hualen ech dann raus an setzen et op Ségt bis ech et brausch.

An der selwischter Pann han op mëttel Hëtzt d’Ënnen aangebrooden bis se Faaref kreien, dann mëschen ech de Knuawelek drënner an subal deen afänkt mat rauschen kënnt de Paprika an d’Courgetten dobäi, datt brooden ech op mëttel Hëtzt bis et goud rëscht an mëll ass. Gewürzt han ech datt Ganzt mat Salz an Peffer. Has du et léiwer mi scharef kanns du na eng frësch, kleng geschnidden Chilischot mat brooden.

Als nächst schëdden ech den Pelati drop, mat engem Holzeläffel zerdrecken ech Tomaten an kleng Stecker, dann mëschen ech Kidneybungen drënner, driien Hëtzt dann rop an loossen Zooss eng kéier kräftig opkooschen. Schmaaschen an würzen evtl. na no. Als nächst réiren ech d’Sauerrahm drënner an mëschen d’Halschent vam Kiiss drënner an loossen deen an der Zooss schmëlzen.

De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.

D’Fleesch fëllen ech an Tortillas an setzen se an eng feierfest Form, ech rullen se net zou, ech han meestens zefill Fëllung datt net alles dran passt.

Zooss verdeelen ech iwert dem Fleesch an streien deen rest Kiiss driwer. Datt setzen ech dann an den Schiäffchen bis den Kiiss goldbrong ass. Ongeféier 20 Min. bis 30 Min.

Dobäi han ech een einfaschen Komb Zaloot zervéiert.

Fazit

Dës iwerbaaschen Tortillas sen eent perfekt Ässen, sie sen voll Goût, würzig, an mat vill Kiiss iwerbaaschen. Een herzhaften Menü, deen siier an onkomplizéiert zouzebreeden ass.

Varianten & Alternativen

Enchiladas, sen angerullt an dann mat na mi Zooss iwerbaaschen.

Burritos sen mi gruuss Tortillas, déi dachs na zousätzlich mat Räis gefëllt jiän.

Quesadillas, mat Kiiss gefëllt an gergillten Tortillas.

Tortillas oder Enchiladas

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Marinéierzéckt

60

Minuten
am Schiäffchen

20-30

Minuten

Zutaten

  • 500 g Fleesch, an dënn Sträifen geschnidden (Poulet, Rand oder Schwéng

  • 8 Tortillas (Weess oder Maïs)

  • Fir d’Marinade
  • 2-3 EL Olivenualig

  • Saaft van 0,5 Zitroun

  • 1,5 TL Salz

  • 1 TL Päffer

  • 0,5-1 TL Cumin (Kreuzkümmel)

  • 2 TL Oregano

  • 1 Ënn, fein gehackt

  • 1 Ziif Knuawlek, fein gehackt

  • Fir Zooss
  • 1 Ënn, an dënn Sträifen geschnidden

  • 2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt

  • 1 rugd Paprika, kleng gewürfelt

  • 1 kleng oder 0,5 Courgette, kleng gewürfelt

  • Optional: 1 frësch Chilischot, entkärt an kleng geschnidden

  • 1 Béchs Kidneybungen (240g) grëndlich aafgewäsch

  • 500 ml Pelati

  • 200 g sauer Rahm

  • 200 g geriwene Kiiss, (Edammer, Gouda oder Cheddar)

Zoubereedung

  • D’Zutaten fir d’Marinade vermëschen ech mateneen an schëdden dës Marinade iwert Fleesch, goud vermëschen an ongeféier 1 Stonn durich zéien loossen, watt mi lang watt besser.
  • Iwerdeems d’Fleesch marinéiert schnibbelen ech datt ganzt Geméiss.
  • An enger waamer Pann brooden ech d’Fleesch goldbrong aan, datt hualen ech raus an setzen et op Ségt bis ech brausch.
  • An der selwischter Pann brooden ech d’Ënnen bis se aafänken Faaref ze kreien, dann mëschen ech den Knuawelek drënner an subal deen aafänkt mat rauschen schëdden ech den Paprika, Courgetten an Optional Chilischot dobäi, datt brooden ech su lang bis et goud rëcht an mëll ass.
  • Als nächst schëdden ech de Pelati drop an zerdrecken Tomaten mat engem Holzeläffel, dann mëschen ech Bungen drënner an loossen Zooss eng kéier opkooschen. Schmaaschen an würzen evtl. na no.
  • D’Hëtzt driien ech dann raaf an mëschen d’sauer Rahm an d’Halschent vam Kiiss drënner an loossen deen schmëlzen.
  • De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt fir.
  • Tortillas fëllen ech firtischt mam Fleesch an setzen se dann an feierfest Form, dann verdeelen ech Zooss iwert dem Fleesch an streien deen Rest Kiiss driwer. Su setzen ech se an deen waarmen Schiäffchen an iwerbaaschen se bis se goldbong sen. (ongeféier 20-30 Min.)
  • Bei mir ass et een Komb gréin Zaloot dobäi jiän.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*