Veggie Bowl

Veggie Schossel (Bowl)

Hogt well ech eent Rezept mat dir deelen van enger gesonder Veggie Schossel (Bowl). Dës Schossel ass Randvoll mat leckeren Zutaten wie: Kooschelen, Gromperen, Cougretten, Chouxfleurs an Broccoli verfeinert jëtt datt Ganzt mat Ënnen, Knuawkléck an frëschem Péitersilich. Kombinatioun aus dësen frëschen Geméisszorten ass richtig goud an voller Nährstoffer. Ausserdeem ass et eng goud Miilechkeet den Frigo ze raumen.

All “hippt” Ässen jëtt op Social Media – mongerecht geschnidden an a Müslischalen zervéiert. Dobäi ass d’Ässen aus enger Schossel een Schratt zeréck an eiser Ässkultur. Wie den Trend viraan paar Joer rëm opkommen ass, alles aus enger Schossel z’ässen, wor et wie bei allen “Neiheeten” – Telleren sen aus den Schiäff verschwonnen an Müslischalen sen am Platz kommen. Müslischal hat sugar d’Anmaaschglas verdrängt datt bis dohin genau su een Hype durichloof haat an, an deem all Trend zervéiert jiänn ass.

Mat su enger Powerbowl kanns du Chance han an op Social Media een richtigen Hype ausliesen. Bei der Bowl ass alles fein arrangéiert, watt iwerigens o deen ënneren Monk beruhigt. Et ass o egal op die verschidden Zutaten mateneen harmonéiren, Hauptsaach et ass faarwig, an et se genou “Powerfood” mat dran verschafft.

Meng Bowl ass net su faarwig, äwer ech wees datt se schmëscht an datt alles mateneen harmonéiert, an et ass su gesehen näist annëcht wie Rest verwiärtung. Maartforschungen rechtfertigen su een Hype jären mat komischen Studien, déi ech allerdings net novollzéihen kann, die meest die su Maartfoschungen maan wossen gar net watt op der Strooss leeft.

Fir dëst Rezept ze maan brausch ech:

  • eng Pann
  • eent Messer
  • eent Schnégdbrett
  • een Holzeläffel

Zoubereedung

Ech han aagefongen domatt, datt ech datt ganzt Geméiss kleng geschnidden han. Gromperen haat ech na vam Daag virdraan am Frigo stoen, déi han ech gewürfelt.

An wie ech su am Frigo gewoullt han, han ech na eng Courgette fond, déi han ech grëndlich gewäsch an op der Mandoline an dënn Scheiwen geschnidden, dann han ech se mat grawwem Salz vermëscht an op eng Sei geleit, fir datt Waasser auszéien kann.

Watt ech na am Frigo fonnt han, eent haleft Dëppchen Kooschelen, déi o well besser Deeg gesehen han 😉 déi han ech proper gemaat an, an dënn Scheiwen geschnidden.

Dann han ech na eng Tuut fond mat blanchéiertem Chouxfleurs an Broccoli, déi ech well paar Deeg virdraan aus der Truh gehollt han an eigentlich bei engem anneren Ässen dobäi maan wollt.

Domatt han ech well eng goud Grondlaag, well äwer na Aroma fehlt han ech na Ënnen op der Mandoline an dënn Halefscheiwen geschnidden an Knuawléck kleng gehackt.

An enger waarmer Pann han ech dann bëssen Botterschmalz erhëtzt, du kanns o een neutralen oder Olivenualeg hualen. Dann han ech Gromperen sching goldbrong aangebrooden, déi han ech dann raus gehollt an op Ségt gestallt.

Als nächst han ech Courgetten aangebrooden an subal déi aagefongen han Faaref ze kreien han ech déi o raus gehollt an op Ségt gestallt.

Dann sen Kooschelen draan kommen, o déi han ech gebrooden bis se brong woren. Déi han ech liit mat Salz an Peffer gewürzt

Deen blanchéierten Chouxfleurs an Broccoli han ech zesaammen gebrooden, äwer gekuckt datt en auserneen legt, fir datt deen o sching Röstaromen krëtt.

Zum Schluss kommen d’Ënnen dann aant Reih, déi han ech karameliséiren geloss an liit mat Salz an Peffer gewürzt, dann han ech den Knuawléck ënnergemëscht, subal deen aagefnongen hat mat rauschen han ech all datt annert Geméiss ënnergemëscht an gewiäremt. Schmaaschen an evtl na bëssen noowürzen. Han dann na gehackten Péitersilich driwer gestreit.

Well ech äwer o na eng halef Cornichon am Frigo fonnt han, han ech mech o na dozou entscheed, déi an dënn Scheiwen ze schnégden an ënnert meng gréin Zaloot ze mëschen.

Verfeinert han ech dann na alles mat menger Ranchzooss.

Zutaten

  • Kooschelen
  • Gromperen
  • Courgetten
  • Chouxfleurs
  • Broccoli
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Botterschmalz, een neutralen Ualeg oder Olivenualeg
  • Salz & Peffer
  • frësch gehackten Péitersilich

Tipps

  1. Du kanns natiirlech o alles an enger Schossel mateneen vermëschen an am waarmen Schiäffchen bei 200°C Ëmloft brooden.
  2. Du kanns Geméisszorten ganz dengem Geschmaasch no variéiren, kuck einfasch watt dein Frigo an den Truh am der Reklam hat.
  3. Wanns du datt Ganzt am Schiäffchen mëchs, kuck datt Geméiss gläichmässig geschnidden ass, fir datt alles gläichmässig gart.

Varianten

Mediterran Variant: mësch mediterran Krëgder drënner wie z.B. Oregano, Thymian, Rosmarin an Basilikum.

Asiatisch Variant: Huale bëssen Sojazooss, Ingwer an Frühlingszwibbelen fir een asiatischen Geschmaasch.

Mexikanisch Variant: Würz dengt Geméiss mat Chiliflocken an Paprika an zervéier eng Guacamole oder eng Salsa dobaï.

Veggie Schossel (Bowl)

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • 6 gruuss gekooschten Gromperen, kannen o vam Daag virdraan sen, gewürfelt

  • 250 g Kooschelen, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 2 Courgetten, an dënn Scheiwen geschnidden, salzen an Waasser auszéien loossen

  • 0,5 Chouxfleurs, an Ruusen zerdeelt an blanchéiert

  • 1 Broccoli, an Ruusen zerdeelt an blanchéiert

  • 2 Ënnen, an dënn Halefronselelen geschnidden

  • 2 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • Salz & Peffer

  • Botterschmalz, neutralen Ualeg oder Olivenualeg

  • gehackten Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

  • An enger waarmer Pann bëssen Fett erhëtzten an Gromperen goldbrong brooden. raus hualen an op Ségt stellen.
  • Courgetten brooden bis se aafänken Faaref ze kreien, raus hualen an op Ségt stellen
  • Als nächst Kooschelen goldbrong brooden, liit salzen an pefferen, raus hualen an op Ségt stellen.
  • Den Chouxfleurs an de Broccoli brooden an Faaref aanhualen loossen, raus hualen an op Ségt stellen.
  • Dann d’Ënnen brooden an karameliséirenliit salzen an pefferen, subal déi Faaref han den Knuawléck ënnermëschen.
  • Datt ganzt Geméiss ënnermëschen an wiärmen. Schmaaschen an evtl noowürzen.
  • Mat gehacktem Péitersilich garnéiert als Hauptplat mat Zaloot oder als Geméissbeilaag genéissen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*