Waterzooï

Waterzooï mat Poulet

Hogt hualen ech dech mat ant Belscht, mat dem Rezept Waterzooï. Dëst Ässen aus der flämischer Këchen ass eng Delikatess, bei der saaftigen Poulet, frëscht Geméiss an aromatisch Krégder an enger wonnerbarer Zooss verschmëlzen.

Den Begrëff Waterzooï stammt aus der belscher Këchen. Ursprünglich ass Waterzooï een Fëschmenü aus der Regioun Flandern. Den Naam bedeit iwersatt “Waasserbréit” an bezéiht sech op die ursprünglich Zoubereedungsmethoud, bei der Fësch am Waasser gekooscht jänn ass.

Am Loof van der Zéckt hat sech dëst Rezept wégderentweckelt, an Hogt jëtt et eng Variant mat Fësch an o eng mat Fleesch. Dëst Ässen enthält eng Mëschung aus Poulet, saisonalt Geméiss an eng kräftig Zooss, déi op Rahm an Eijäll baséiert.

Et ass ëmmer rëm interessant ze sehen, wie traditionellt Ässen am Loof van der Zéckt durich verschidden kulinarisch Anflëss verännert jänn.

Zutaten

  • Pouletfilet
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Muurten
  • Zelleristangen
  • Poretten
  • Zitrounensaaft
  • Miähl
  • Gromperen
  • Houhnerbréit
  • Lorbeerblaad
  • Muskot
  • Salz & Peffer
  • Rahm
  • Eijäll
  • bëssen Ualeg oder Botterschmalz fir ze brooden
  • Péitersilich oder Bratzelen fir Garnitur

Zoubereedung

De Poulet halbéiren ech an würzen en mat Salz an Peffer, deen loossen ech dann ongeféier 30 Min. durichzéien.

Hähnchenfilet

Iwerdeems schiälen ech d’Ënnen an den Knuawléck an hacken déi kleng.

Zwiebeln, Knoblauch

Ech han Geméiss an dënn Streifen geschnidden, du kanns äwer o alles kleng würfelen.

Muurten schiälen ech an schnégden se an dënn Streifen. Poretten schnégden ech längs ant Halschent, wäschen se grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser an schnégden déi an dënn Streifen. D’Zelleriestang wäschen ech an schnégden déi o an dënn Streifen.

Möhren, Lauch, Sellerie

Als nächst setzen ech den Poulet mat der Houhnerbréit op an kooschen deen ongeféier 20 Min. op niddriger Hëtzt. Deen hualen ech dann aus der Bréit an stellen en op Ségt.

Dann setzen ech eent Dëppen op Kooschplaque wiärmen datt an erhëtzen dann den Ualeg oder den Botterschmalz. Datt Ganzt Geméiss, ausser Gromperen dënsten ech dann op niddriger Hëtzt fir ongeféier 10 Min bis 15 Min.

Mam Zitrounensaaft läschen ech datt Ganzt aaf an lossen datt ganz ankooschen. Geméiss würzen ech liit mat Peffer an Salz, leen Lorbeerblaad mat dran.

Lauch, Möhren, Sellerie
Lauch, Möhren, Sellerie, Zitronen

Am nächsten Schratt mëschen ech Miähl drënner an vermëschen alles Goud, dann schëdden ech Bréit drop an ënner stännigem réiren opkooschen loossen. Driien Hëtzt dann raaf an leen Gromperen dran, no 10 Min. leen ech den Poulet dran. Schmaaschen an würzen evtl. na bëssen no.

Lauch, Möhren, Sellerie, Mehl
Waterzooï

Den Eintopf loossen ech dann su lang op niddriger Hëtzt kooschen bis Gromperen mëll sen.

Iwerdeems mëschen ech Rahm mam Eijäll.

Subal Gromperen mëll sen, hualen ech 1-2 Louschen Zooss raus an mëschen datt mat der Rahm an Eijäll, dann schëdden ech datt Ganzt ënner den Waterzooï, an erhëtzen datt äwer ouni datt et kooscht bis Zooss crémig as an bënnt. Den Waterzooï schmaaschen an mat bëssen Muskot aafronnen.

Waterzooï
Waterzooï

Tipps

  1. Hual frësch an hiiwärtig Zutaten fir deen besten Geschmaasch ze garantéiren.
  2. Geméiss an gleich gruuss oder kleng Stécker schnégden, fir datt alles während dem Kooschen glächmässig gart.
  3. Miähl goud ënnermëschen fir datt keng Klëmpercher entstinn. Du kanns Miähl o firtischt mat bëssen Bréit opliesen an et dann ënnermëschen.
  4. Ei-Rahmmëschung firtischt mat bëssen waaremer Bréit mëschen an dann an den Waterzooï schëdden. Oppassen datt den Eintopf dann net mi kooscht.

Varianten

Die Ursprünglich Variant mat Fësch, dofir kanns du Kabeljau, Saumon oder Zander hualen an Houhnerbréit jëtt durich Fëschfond ersatt.

Eng vegetarisch Variant, mat mi Geméisszorten an Geméissbréit.

Wàhrend dem Kooschen bëssen wäisse Wéng ënnermëschen.

Experimentéier mat verschiddene frëschen Krégder, wie Dill, Estragon oder Kiärwel.

Waterzooï mat Poulet

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 500 g Pouletfilet, halbéiert

  • 500 ml Houhnerbréit

  • 2 Ënnen, gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • 2 Muurten, an dënn Streifen oder gewürfelt

  • 2 Zelleriestangen, an dënn Streifen oder gewürfelt

  • 1 Porett, an dënn Streifen oder Ronselen

  • Ualeg oder Botterschmalz

  • Saaft van 1 Zitroun

  • 2 EL Miähl

  • 4-5 Gromperen, an deck Scheiwen geschnidden

  • 1 Lorbeerblaad

  • bëssen Muskot

  • Salz & Peffer no Geschmaasch

  • 200 ml Rahm

  • 2 Eijäll

  • bëssen gehackten Péitersilich oder Bratzelen fir Garnitur

Zoubereedung

  • Fleesch würzen an oneféier 30 Min. durichzéien loossen.
  • Iwerdeems datt ganz Geméiss kleng schnibbelen.
  • De Poulet an der Houhnerbréit ongeféier 20 Min. kooschen. Aus der Bréit hualen an op Ségt stellen
  • An engem waarmen Dëppen den Ualeg oder Botterschmalz erhëtzen, datt ganzt Geméiss bis op d’Gromperen op mëttel Hëtzt fir 10 Min. bis 15 Min. dënsten.
  • Mam Zitrounensaaft aafläschen an datt ganz ankooschen loossen.
  • Miähl ënnermëschen an alles goud vermëschen.
  • Mat Salz an Peffer würzen an Lorbeerblaad mat dran leen.
  • Houhnerbréit drop schëdden an ënner réiren opkooschen loossen. Hëtzt dann raaf driien an Gromperen dran leen. No 10 Min. kooschen den Poulet dran leen an su lang kooschen loossen bis Gromperen mëll sen.
  • Rahm mam Eijäll goud mëschen. 1-2 Louschen raus hualen an mat der Rahm vermëschen, dann die Mëschung an den Waaterzooï schëdden. Erhëtzen, den Eintopf duraef lo net mi kooschen! Schmaaschen an mat bessen Muskot aafronnen.
  • Mat gehacktem Péitersilich oder Bratzelen garnéiert zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*