Würzig Gromperen aus dem Schiäffchen

Gromperen sen su eent villségtigt Geméiss, op gekooscht, gebrooden, frittéiert, als Pürée oder gebaaschen, einfasch als Snack mat engem Dip oder als Beilaag bei engem Menü. Würzig Gromperen aus dem Schiäffchen ass ent van mengem Lieblingsrezepter, et geht siier an den Schiäffchen mëscht d’Aarbischt. Dës Knollen han hir Wuurzelen an der traditiomeller Baurekëchen an sen hogt een beléiften Menü oder Beilaag weltwégt.

Zutaten fir meng würzig Gromperen aus dem Schiäffchen

Fir dës Gromperen brauschst du nëmmen paar Zutaten an villächt 10 Min. Virbereedungszéckt.

  • Gromperen: op Festkooschender oder Miählischkooschender ech han dës Gromperen well mat all Zort gemaat.
  • Olivenualeg
  • Gewürzer an Krégder: bei mir ass dëss kéier eng Mëschung aus Salz, Peffer, Thymian gereechert Paprikapolwer an schareft Paprikapolwer drop.

Ausserdeem brauchst du na eent Messer, eent Schnégdbrett, eng Schossel an eent mat Baaschpapeir ausgeleitent Baaschblech.

Zoubereedung

De Schiäffchen op 190°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.

Gromperen kanns du schiälen oder o net, wanns du Schal draan liss wäsch Gromperen grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser.

Gromperen schnégden ech dann meestens an net ze gruuss Würfelen.

An enger Schossel mëschen ech Olivenualeg, an sämtlich Gewürzer, dann leen ech Gromperen dran vermëschen alles goud an verdeelen Gromperen op engem Baaschblech su datt se net openeen leien. Beim Olivenualeg an den Gromperen ass et su, “weniger ist mehr” Gromperen sollen net am Ualeg schwammen et soll just eng dënn Schicht op den Gromperen sen su datt Gewürzer pëschen bleiwen.

Dann setzen ech Gromperen an den Schiäffchen an baaschen se an 35 Min. bis 40 Min durich gar. Zéckt déi Gromperen am Schiäffchen brauschen hängt ëmmer dovaan aaf wie déck deng Gromperen geschnidden sen.

INFO: Su zoubereet kanns du Gromperen o als Zaloot zoubereeden

Varianten

Du kanns dës Gromperen ganz dengem Geschmaasch aanpassen, z.B. mat enger Gewürzmëschung aus Rosmarin, Salz an Peffer oder mat italienischer Krégdermëschung Salz an Peffer, genausu passen Krégder aus der Provence op d’Gromperen. Experimentéier an pass Gromperen dengem Geschmaasch aan.

Würzig Gromperen aus dem Schiäffchen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 800 g Gromperen, gewäsch an net ze déck gewürfelt

  • 3-4 EL Olivenualeg

  • 1 TL -2 TL Thymian

  • 1 TL Salz

  • 0,5 TL Peffer

  • 0,5 TL gereechert Paprikapolwer

  • 0,5 TL – 1 TL schareft Paprikapolwer

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 190°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • Den Olivenualeg mat sämtlichen Gewürzer vermëschen, Gromperen dran leen an alles goud vermëschen su datt Gewürz an Ualeg sech gläichmässig iwert all Gromper verdeelt hat.
  • Op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech verdeelen su datt Gromperen net openeen leien.
  • Am waarmen Schiäffchen an 35 Min. bis 40 Min. gar baaschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*